Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Heischent

Heischent oder Heiderscheid läit op der Streck Ettelbréck-Baaschtnech a war ëmmer berühmt wéins sengem grousse Maart. Dësen Dag huet traditionell "Heischterda" oder “Heischter Fouer” geheesch. Do huet d'Jugend aus der Géigend sech getraff …a vläicht de Partner fir d’Liewe fonnt! Een Text aus der Belle Epoque verréit den ale Sproch "dass e Jonken nët bestued gëtt, wann en net siwemol op dem Heischter Maart war"! 1880 gouf et statistesch gesinn 178 Leit mam Familljenumm Heiderscheid am Land. Vru kuerzem huet d’Duerf ronn 201 Menagen an 535 Awunner gezielt - a virun 100 Joer hat et 450 Leit a 5 Café'ën. Et war bis 2012 Gemengenhaaptuert (..hat um Wopen e Wellschwäin) an ass neierdéngs d’zweetgréisst Sektioun vun der Esch/Sauer Gemeng.

An den dramateschen Deeg ëm Krëschtdag 1944 ass de Generol Patton am Raum Heischent-Eschduerf passéiert. D'Verfleegungstrupp hat et irgendwéi fäerdeg bruet Sandwiche mat Dinde un d'Front ze bréngen. D'Buch vum Colonell Melchers erzielt vu béide Säiten, z.B. och, dass däitsch Wehrmachtberiichter fir d'Héichtendierfer tëscht Maarteleng, Ettelbréck an Dikrech de Begrëff "Mittelluxemburg" erfonnt haten. Am Duerf Heischent war vill Schued, mä d'Kierch war glécklecherweis nët zerbommt ginn... D'Fraën aus dem Duerf haten eng klassesch Ikon kaaft vun der "Immerwährenden Hilfe" an zu hir ëm Protectioun gebiet. Nom Krich gouf et Traditioun all Joer op Chrëschtdag en amerikanesche Fändel am Chouer opzehänken.

Déi ländlech Heischter Kierch entstoung viru ronn 160 Joer. (1844 hat d’Kierchefabrik en Don vun 1200 Frang kritt, wahrscheinlech en Vue vum Kiercheneibau.) Hiren exponéierten héije spatzen Tuerm ass op d'mannst 20 km am Ëmkrees ze gesinn. (Wéi 1913 en amerikaneschen Tourist den Hunn kuriéis fonnt huet… sot den deemolege Geeschtlechen him: et wär deen héichste Wiederhinnchen vu sengem Genre am Grand-Duché! "..it is merely the highest bird of its kind in the Grand Duchy!”) Si huet sechs Sailen, nach den alen Tabernakel an den Antependium, d’iewescht Partie vun de klassesche Säitenaltär an eng Madonna aus der Mëtt vum 18. Jh. Aacht vun hire Ronnbou-Fënstre mat Szeenebiller vum Jean-Pierre Koppes datéire vun ëm 1911. Eng Por war d'Duerf schonn am 13. Jorhonnert…an hire Kierchepatréiner ass ëmmer nach den "Péitrus a Ketten", den Apostel, deen als Beschützer vu Fëscher, Fëschhändler, Auer- a Schlësselmécher, Steemetzer a Portiere gëllt.

De grousse Maart gëtt Sonndes virun der Kiermes gehalen. Nodeem en eng Zäit a Vergiessenheet gerode war, ass en 1982 nei opgelieft. Ugefaangen hat e virun iwwer 800 Joer ënner de Schlasshäre vun Esch/Sauer, (eng Grondherrschaft déi hei laang Meeschter war an sech bis 927 zréckverfolge léisst.) Traditionell inscenéiert haut eng nobel gekleeten Koppel d'Ouverture vum Maart! An der Mëtt vum 16. Jorhonnert goufen hei 20 Feierstellen uginn an zu Nidderfeelen eng méi. Zu där Zäit ernimmt e Rapport iwwer fréier Joermäert de Verkaf vu Schof bei Baaschtnech, Bissen, Zolwer an Heischent. Hei wéi op deem grousse Stadter Maart, aus deem d’Schueberfouer entstoung.. goufe nieft Duch och Woll, Lämmer a Schof verkaaft.. (..wat op hir Zuucht hiweist!) - D'sougenannten Thillskräiz steet säit dem 150. Anniversaire vun der Kierch nees wi fréier op der Maartplaz. (Säin Original ass 1944 zerstéiert ginn.) – Well d'Duerf op der Héicht dacks ënner schlëmmen Donnerwiederen gelidden hat, gouf eng Donatuspressessioun bei d'Schaackskräiz ageféiert. (Weekräizer kënne verschidde Bedeitungen hunn, se si sënnvoll Symboler, déi eis un onsiichtbar individuell schicksalsschwéier Kräizer erënneren, u Leed, Krankheet oder Doud.) De Saz “Déi Heischter-grënner ginn op Heischt begruewen, an déi Heischter an den Heischter Grond... ass e Wuertspill, well hei mat Grond de Buedem gemengt ass. Soss gëtt hei Pëstour fir Positur gesot, Stréckecht, fir eng Stréckaarbecht an Sëtzecht fir eng laang Sitzung!...

E Symbol fir d'Duerf sinn och seng excellent Gromperen, si sollte verschiddne Leit de Numm "Gromperekinnek" abréngen! Allgemeng ginn haut awer méi Sätz- wéi Iessgromperen ugeplanzt - vun deene ginn bal 2/3 importéiert. E kulturelle Weeweiser mecht op d'gutt restauréiert Bauerenhief am alen Duerfkäer opmierksam. Last not least huet Heischent en intressanten Duerfmusée, an deem altertëmlecht Handswierksgeschir a landwirtschaftlech Maschinne stinn.. Hei ginn Erënnerungen opgefrëscht, well wien ‘d’Aën zoumecht virun der Vergaangenheet’ gëtt dem Richard von Weizäcker no ‘blann fir d’aktuell Zäit’. Als éischt huet de Begrëff Museum iwwregens "Stodéierzëmmer" bedeit. (..deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')

P.S. Heischent ass eng Uertschaft mat Symboler an Traditiounen. Wéi wichteg al Bräich sinn.. erklärt dem St. Exupéry säi klenge Prënz."Et ass dat wat een Dag vum aaneren ënnerscheed, oder eng Stonn vun aanre Stonnen!“ Heischent huet deen animéierte Maart mat Kutschefaarten, Jongleuren, Holzschnëtzer a Strooßemusikanten. ‘t huet vill Bëscher, an e grousse Bann… Wéi grouss Mäert erfuederen och Gemengebëscher eng gutt Gestioun! An di Heischter hunn den FSC Zertifikat…d.h. hir Fleg entsprécht de weltwäit héchsten «exigences sociales, écologiques et économiques» an dëse Label garantéiert eng „nohalteg Entwecklung’. Futuristesch erschéngt den onerwaardte Bléck op d’Wandkraaft-Anlag Kiemen-Heischent um CR 308. Ass een d’100 m héich Leeder bannen erop geklommen an d’Maschinnenhaus - bidd sech eng grandios Vue op d‘Feelener Hecken an d‘Wandrieder ronderëm. Een deen dee Bléck emol genoss hat, huet am Häerzstéck vun der ‘Éolienne’ dem Herrscher vum Wand d’Fro gestallt “Aeolus, wéi staark bléisst du hei...?“