Hiefenech
Bei fréiere Fouillen ass e remarquabelt Graf an der Gemeng Hiefenech fonnt ginn. Recherchë vu 1981 dréien ëm d "Inhumation volontaire" um Site Reuland-‘Loschbour‘, d'Analysë vun dem Skelett an Auerochs - Rëppefragmenter verroden hiren Alter. Se solle vun ëm 6000 viru Chr. stamen, där Epoche wou d’Mënschen als Nomaden an Zelter gelieft hunn. Spéider sinn Zaldoten an Händler iwwer d'Netz vu Réimerweeër duerch eis Géigend marschéiert, och iwwer de Kiem vun Tréier - Aaltréier - Hieffenech - Miedernach a weider an d'Ardennen. Et entstounge Provenzstied, an ‘t si verbessert Uebst- a Geméiszorten a beispillsweis Drauwen hei ageféiert ginn. Am Fréimëttelalter goufen och heirëmmer Buergen a Schlässer vun a fir nobel Leit gebaut.
Hiefenech ass eng Gemeng mat Reiland, der Reilännermillen a Soup, 't wunnen haut 855 Leit do an seng Kierch läit op 322 m Héicht. Säi Bann zielt zum urgeschichtleche Siedlungsgebitt an 't hat fréier zwee Schlässer. Säi Wope mat Léiw, Zacken a Kräiz datéiert vun 1983. De Léiw bezitt sech op d'al Herrschaft Heffingen, d'Barre mat den dräi Zacken erënnert un d'Grënnung vu Reiland a symboliséiert dräi Tierm. D'Kräiz kënnt vun der Famill vu Larochette, déi zäitweileg och Häre vun Hiefenech waren. Dëst gouf 698 als ‘Uffeninga’ ernimmt, an dann an de Joren 953 a 976 a Schenkungsakte vun der Abtei St. Irmina. Wahrscheinlech geet d'Pargrënnung op dëst Tréierer Fraeklouschter zréck, si ass nämlech 1185 agedroen.
Bis 1271 war Hiefenech eng autonom Herrschaft an der Grofschaft Veianen. De Wiric vun Hefkenges gëtt erwähnt als ‘Gefollegsmann’ vum Philipp II. vu Veianen. 1410 hat dann d'Ierfduechter Elisabeth de jonken Noper ‘Johann von der Fels‘ bestued. Hire Fils gouf den Ahnhär vun der Fielser Ligne Hiefenech, hat ënner sengen Nokommen Georges II., e perséinleche Conseiller vum Charles Quint, dee spéider den Titel ‘Prince de Heffingen‘ krut. D’feudal Wéi vun den Hiefnecher Seigneuren, d‘Buerg un der Wisbaach, hat 1716 e Groussbrand zerstéiert; se gouf deels mam dozougehéiregen Haff (haut Rach-Agnes) opgebaut. De Kadasterplang weist 1820 hierer Fundamenter an dee vum Feier verschounten Haapttuerm. Dëse sollt verschwanne, wéi an den 1860ger d’nei Strooss Gréivemaacher-Dikrech iwwer Schlassterrain goung. D‘landwirtschaftlecht Haffgutt mam Wopen huet also geschichtleche Wäert. Nieft der Quell Steinborn stoung eng 1347 ernimmte mëttelalterlech Buerg, déi e Jean de Fels gebaut hat. Se ass ëm 1739 verbrand an op hir Plaz huet de Charles de Steine méi e klengt konfortabelt Schlass, e barocke ‘château-ferme‘ mat 2 Säitefliggele gebaut. Dëst restauréiert Härenhaus mat antiker Kichen a renge Holzschnëtzarbechten am Trapenhaus ass haut Monument National... grad wéi d’aalt 1789 gebaute Paschtoueschhaus, an deem elo d’Gemeng ass.
Vun der fréierer Parkierch wësse mer, datt s‘um haitege Kierfech stoung an 1895 ofgerappt gouf, well se kleng a baufälleg war. E puer vu hire Statue goufe gerett. Den dräischëffege Neibau huet 6 Säilen, e Kräizgradverwëllef an ass 1872 vum Beschof Koppes konsekréiert ginn. Hire ‘kecken Torturm‘ mam romanesche Portal gesouch den Architekt Hartmann als kleng Virhal. Hire schéi proportionnéierten Haaptaltor mam eegewëllege vum Jugendstil inspiréierte Stil datéiert vun ëm 1902. Wéinst engem Transportproblem hat e Päerdswon e vun Housen op d'Plaz bruet. Déi barock Niewenaltär a Beichtstill sinn aus zweeter Hand, (déi lescht vu Weimeschkierch,) an a Wierklechkeet méi al wi d'Kierch; mä faarwlech gutt openeen ofgestëmmt wierken Ales a méi Neies hei ganz harmonesch. Haut verschéineren zwielef polychroméiert Statuen a véierzeng op Toile gemoolte Statioune vun 1870 déi typesch waarm Duerfkierch-Atmosphär. Zu den apaarten Hiefnecher Stroossenimm um Beezebierg, am Millewee, um Leisbësch a ‘Keiwelbaach‘, Wanter- an Dellegaass ofschléissend eng Remarque vum Perikles “D’Mënschen, net d’Haiser maachen d’Duerf.“ (Textauszich a.d. 'Kierchtuermscauserien' 2008)
P.S. Am Massewee beim "Héikräiz", tëscht Reiland an Hiefenech, luet d'Friddensmadonna an d’aachteckeg Kapell an. Bei si kënnt ëmmer de 16. August eng Liichterpressessioun als Erënnerung un den Duerfleit hiert Krichsverspriechen ‘wann hir Par verschount bléif, hei eng Kapell ze bauen‘. Zwee Bänn mam Titel "En Duerf - eng Par" erzielt lokal Geschicht(en). (Konschthistoresch Bausubstanz, Pläng a Weeweiser fanne ‘modern Autowanderer‘ ënner aanrem am ‘Täscheguide duerch eis Buergen a Schlässer‘ (R. Bour) oder „Das alte Luxemburg heute“ (R. Krantz, N. Quintus)). Den ewell 150järegen Hiefnecher Gesank zielt net just Stëmmen aus der Par... an dës verknëppe mat iwwerliwwertem Lidderschaz, kierlechen a weltleche Lidder op kulturellem Plang Vergaangenheet a Géigewaart. ‘t housch iwwregens schonn am 17. Jh. „Ein guter Gesang wischt den Staub vom Herzen.“(Christoph Lehmann)