Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Haler

An den zwou éischten Oktoberwoche stinn 41 Kiermëssen um Kalenner. Se hu geännert, d’Kiermëssen - haut begéinen d’Leit sech vill méi heefeg wéi soss, a Fester an Danzgeleënheete si mindestens all Weekend. Fréier ware nieft dem grousse Familljentreff d’Kiermesbuden e Magnéit fir d’Kanner… an och den ‘Hämmelsmarsch’ hat e gewësse Reiz. Mir wëllen elo eng Stippvisite man zu Haler - an enger Uertschaft wou d’Waldbëlleger Musek dee Marsch traditionell eemol d'Joer spillt.

Haler (Haller) an der Gemeng Waldbëlleg huet en intakten Duerfcharakter mat Gréngflächen a Bongerten an hat am Oktober 2009 genee 277 Awunner. Eng Epicerie an e Café gruppéiere sech ëm d’apaart kleng Kierch, déi 1921 no Plange vum Dikrecher Architekt Kraetzer gebaut gouf a 1997 e neien aachteckegen Tuerm krut. Den Haaptaltor mat Tableau vum Nikolaus Brücher a mam gräfleche Wopen hat de Grof Lamoral de Villers (1866-1934) vum Grondhaffer Schlass gestëft. De Nicolas van Werveke hat hir romanesch Virgängerin an d’Zeit kuerz no 1000 datéiert. D’Leit haten si ouni Hëllef vum Grondhär opgeriicht, éischtmols dokumentaresch erwänt gouf se 1570.

D'Géigend ëm d'Halerbaach steet zënter 1938 op der Lëscht vun de Monuments classés. De ’Klenge-Schwäiz Charakter’ vun der Halerbaach ënnersträicht hirt Gefäll vu 85m vun der Halermillen (vun 280 m) erof bis hannert d’Vugelsmillen, wou s’an d'Schwaarz Iernz leeft. Hei ginn excellent Erhuelungsméiglechkeeten ugebueden, e Camping, soziale Fridden a bal alles, eben den typesch-lëtzebuerger Mix aus Welt oppenem Flair a Natur-noëm Liewen. Hei kritt een d’Impressioun, dass d’Baach vun engem Dall an den anere promenéiert.

Zur Zäit vu Pippin III. an dem Nofolger vum hl. Willibrord, dem Abt Adalbert, (751-768) krut d’Klouschter Iechternach Gidder geschenkt vun „Hanarem“ (d.h. Haller). D’Rechtschreiwung war bei Familljen- an Duerfnimm fréier heefeg onpräzis, en Notairesakt schreift z.B. am 19. Jorhonnert eng Persoun op 3 Manéieren, Haal mat 2 a, mat engem oder ah! Dee Numm kann eng Variante si vun Heller, där aler Mënz, oder en déiwen Dall bezeechnen, (wéi d’ ‘Höllenthal’ am Schwarzwald) oder een Dall mat Widderhall.. also ‘Hales’. D’Alhéichdäitscht ‘Hala’ bedeit Verbuergenes – am Sënn vu verstoppte Plaz.. Verbuergenes sicht hei de Bléck vum Archeolog mat Recht, well ee vun de Wiltheim- Bridder zu Haler en leider haut verluerene besonnesche Steen entdeckt hat, deen de ‘Recueil général des bas-reliefs‘ vun der Gaule Romaine 1907 ernimmt! - D’Géigend ëm Haler ass ëmmer manner eng terra incognita; de „Mëllerdaller Reesbengel“ 2009 goung leschte Sonndeg ëmmerhin un de ‘Wanderpoobst’ Manuel Andrack, deen eiser eenzegaarteger Fielselandschaft a sengen ‘Gesammelte Wanderabenteuer’„12 Punkte“ gouf. (D’spiraleförmeg gedréite Mëllerdaller Reesbengelen hu kee gerënnte Grëff a sinn eng Auszeechnung fir Frënn vun der lëtzebuerger Schwäiz.) - Op der Sich no herrlechem "sous-bois" hat de Moler Eugène Mousset 1938 den Ellergronn an d’ Halerbaach genannt. A beim Ubléck vum Seimetz senge groussen Hallerbaach-Biller vu 1927 spiert e sensible Betruechter de Baamriisen hiren Otem. Hierscht-Photoe vun esou Bamriisen - wär dat net en Ureiz fir e flotte Familljentrëppeltour?

PS. Haler steet op der Landkaart tëscht der Fiels a Befort; d'Duerf a seng Ëmgéigend inspiréieren an all Saison Schrëftsteller zu Wuertmolereien... wouran de Claude Frisoni besonnesch brilléiert; him gefale Plaze wéi een se hei fënnt mat ‘reliefs parfois mystérieux, farouche, multiple mais pourtant unique.’ Déi méi global Ëmschreiwung ‘endroit de rêve pour les amis de la nature’ aus der Fieder vun engem Banquier, vum Germain Birgen, klengt wuel vague, mécht awer duerfir virwëtzeg.