Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Groussbus

Groussbus läit am Dall vun der Waark op der Grenz tëscht Éislek a Guttland. ‘t gëtt rond‘rëm gelegentlech einfach ‘Bous‘ genannt, wat bei de Kelten Plaz fir Kéih ze sträichen housch! ‘t war am Mëttelalter e bekannte Postrelais a krut 1850 als éischt Gemeng am Land vu Guillaume III. d’Recht e ‘corps armé de sapeurs-pompiers’ ze grënnen! Den Droit Waffen ze droen gouf dann 1865 ofgeschaaft. Deem zum Duerf gehéiregen legendäre Schankemännchen ass der Florence Hoffmann hir apaart Klang-Skulptur dédiéiert... D’Kréatioun mam figurative Kapp, richtege Féiss an engem Wandspill als Kierper erënnert virun der Gemeng un 10 Joer Fräiliichttheater.

Groussbus ass mat sengen 920 Awunner dat wat Fransousen eng ‘bourgade accueillante’ nennen. D’Duerf gouf ëm 1089 vun der Por Feelen getrennt an autonom Por. Seng Kierch war ab den 1380ger Joeren zäitweileg Besëtz vun de Meesebuerger Hären. Honnert Joer spéider ware mat hinnen d‘Clierfer,an duerno d‘Branebuerger a Lënster hei Grondbesëtzer.. D’kleng ‘Herrschaft Grosbous‘ huet als Lehen vun der Grofschaft Arel gegollen. ‘t hunn 24 Familljen am Duerf gelieft zur Zäit wéi de Pierre JOLLIOT 1640 hei e Schlass gebaut hat, mä net dra wunne koum! ‘Bous’ gouf dann 1682 eng Seigneurie a krut 1715 mam Henri-Joseph de Valensart e neien Här. Seng Nokomme waren hei bis 1794. D’aalt Herrschaftshaus huet 1967 dem Centre Culturel an der neier Schoul Plaz gemat; de Prommenhaff war seng Vogtei! D’Enceinte vun dësem 1988 klasséierten Haff an der ‚Broutgaass‘ huet ewell verschidden Theatherstécker vum Jemp Schuster gesinn. Hien ass hei gebuer an och Auteur vun der leider vergraffener Duerf-chronik (vu 1981) vun den zwee Dierfer Groussbus an Dellen. De Gemengewopen illustréiert d’Geschicht: d’Faarwe Gold a Rout erënneren un d’Häre vu Wolz, Clierf, Meesebuerg a Befort, d’fënnefbliedreg Karblummen un de geadelten Här Jolliot an d’Léiwen un d’Famill de Valensart.

D’Porhaus, d’al Archiven an d’fréier Kierch ware 1712 an engem Wieder verbrand. D’aktuell wuel-proportionnéiert Kierch datéiert vun 1719. D’gläichaalt Porhaus déngt haut als Post. Si an d‘kuerz drop ernimmte Schoul sinn Zäitzeie vum räichen ‘hollännesche Stil’! De spéider ëm 6 Meter erhéichte Kierchtuerm prägt d’Landschaftsbild. Am Kiercheraum falen zwee klassesch Biller op.. d‘Himmelfahrt Christi an d’Abendmahl, hell polychroméiert barock Altär an en stilvolle Priedegtstull. D’d’honnertfoffzegjäreg Uergel staamt vum Eifeler Uergelbauer Franz Joseph Schorn. D’Kierchefënstre sinn deels vu 1913 an deels vun ëm 1950 a krute vru kuerzem eng Schutzverglasung.

An der "Schankegriecht", wou de Schankemännchen soll gehaust hunn, erënnert säit 1994 e Monument un d’Kämpf vum 22. Dezember 1944. Säi stäreförmege Sockel dréit eng Gedenktafel aus Sandsteen. (Vun dëse Kämpf ass notéiert “the village was taken a couple of hours after midnight in a surprise Attack by a combat patrol from Company G.”) E kaum bekannten Detail nach zur Rundstettoffensive: d’Okkupanten haten deemools eng geheimnisvoll ‘Telefons–Këscht’ mat engem mobilen Apparat am Café Pletschette vergiess... Groussbus krut iwweregens 1884 en éischten Telefon fir Telegramme weiderzeginn! Verbindunge mat de Postbüro’e vun Ettelbréck, Rammerech a Biebereg goufen eréischt spéider méiglech... A wéi dann och nach d’Ligne Réiden-Grousbous schlecht fonktionnéiert huet koum d’Kritik... ‘wann d’Leitung wéinestens méi déif héing, kéinnte mer eis Wäsch drop dréchnen!’

P.S. D‘automatesch Telefonen stinn hei säit dem Juli 1959. D‘aalt Handbuch vun privaten ’Fernsprecheinrichtun­gen‘ verréit, dass Groussbus 1913 eng Apdikt hat, Ettelbréck krut nämlech deemools keng zweet.. Duerch d’al Konzessioun konnt neierdéngs nees en Apdikter heihi kommen. D’Thèse ëm eng geologesch Spezialkaart iwwer den Elsass a Louthréngen vun 1870 lueft de ‘Grès à Voltzia’ aus de Steebréch vun Niedermerzig a Gross-Bous - a schätzt seng vielfälteg gut erhalen Insektefauna op mindestens 243 Millioune Joer... D’lokal Kiselkaulen kommen net dra vir...