Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gréiwemaacher

Gréiwemaacher hat 2009 am Januar 4.118 Awunner - mat 56.8% Lëtzebuerger. Greven kënnt vu Grofen, Mecher vu ‘maceria’, d.h. dréchen Trennmauer. D’Villa Machera huet schonn 634 zur Urpor Temmels gezielt, déi laang lëtzebuergesch war. ’t louch eng éischt Siedlung hanner der Kräizkapell um Bierg mam Trapewee. An den Dall koum dann eng strategesch Verdeedegungsplaz fir d’gräflech Lännereie vrun den Tréierer Herrscher ze schützen. Ënner dem Papp vun der Ermesinde koum Maacher 1152 definitiv un d'lëtzebuerger Grofenhaus; an ënner hirem Jong krut d'Muselstiedchen 1252 de Fräiheetsbréif. Am Buch :’lieux de mémoire’ erënnert d’Myriam Sunnen drun, dass d’Musel fir d’Lëtzbuerger net nëmmen e Floss, mä eng ganz Regioun duerstellt - an dass de Batty Weber mol verschmitzt gemengt hat, d’Wellen géifen net Waasser, mä Wäi mat sech transportéieren. Eise Muselwäin begënschtegen säit Réimerzäiten de Klima an d’gutt Buedem Beschafenheet!

Zu Gréiwemaacher entstoung vermuttlech ënner Henri V. eng Festungsmauer am Véiereck vun 280 op 250 Meter. Se gouf mat hire véier Poarten an ëm 20 Tierm 1688 démanteléiert. Hiren ‘Huelen Zant’ steet nach; hien, en alen Donjon an de Site archéologique ‘Buerg-gruef’ bei der Kräiz-Kapell si ‘monuments classés’. Dës al Kapell mam barocke Steenaltor gouf 1737 erweidert fir d’helleg Kräizbrudderschaft. D'Maart-Recht krut d’Uertschaft 1358 vu Wenzel I.. - Wéi de Goethe hei war, 1792 no der Schluecht vu Valmy, hat säi Kämmerer sech opgereegt iwwer d‘ ‘Städgen gestopft voller Kayserlicher’… a béid gounge weider op Mäertert.

D’Dekanatskierch St. Laurent war deemools nach nei. Hiert Schëff war 1782 aus Käschtegrënn als Sallkierch ouni vill Dekoratioun gebaut ginn. D’Roll vum Kierchtuerm krut de Wier- a Wuecht Tuerm! Hire faarwege Steebuedem aus Vogese-Sandsteen verréit nach wou Saile vun hirer Virgängerin stoungen. Hiren Altor an Dafsteen si Riffesser Wierker. D’Engelen nieft dem Tabernakel an d’Holzkruzifix goufen 2007 restauréiert. D’Mariestatu ass vum Otto Frankfurter, an de barocke polychroméierte Priedegtstull aus Steen ass onsignéiert. Hannergrond vum Kräizegongs- Relief aus dem 17. Jh. mécht eng mediéval Festung, ob et Jerusalem oder vläicht Gréiwemaacher ass, steet op... D’historescht Wierk krut als Pendant e neie Verkënnegungsrelief vun der Schwëster Christophora Janssen. Hiren Engel ass vu Profil, d’Maria kuckt mat iwwerraschtem Bléck vun der 1,20 mol 1,20 M grousser Keramik erof. Spektakulär waren Trouvaillen 2004: am ‘de Baxeras Gaart’ goufen e Skelett, Felementer vun enger Kierch an e Pilgergraf mat enger Jacobsmuschel entdeckt.

Den Hary Godfroid hat sengerzäit d’Lëtzebuerger beschriwwen als zéi, aarbechtsem an un de Buedem attachéiert wéi d’Riewen! Gréiwemaacher huet eng ‘Surface viticole’ vu 57 ha. ‘t ass net verwonnerlech, wann een hei e Café’ ‘Bei de Krunnemécken’ fënnt, eng ‘Maacherstuff’, awer och e ‘Kulturhueff’ an eng städtesch Bibliothéik. Bicher- a Konschtfrënn wëssen, dass et vill patriotesch Texter iwwer de nationale Floss gëtt - an dass deen a kultureller Siicht haut éischter en ‘trait d’union’ ass ‘wéi eng Trennungs-Ligne! - E flotte Musek-Event am traditiounsbewosste Stiedche war de phantastesche Spektakel "Maacher Fräiheet 2002" fir "750 Joar" Franchise… Typesch al Ausdréck sinn hei ‘Fladderer’ fir Flaneur, ‘entsompe’ fir enttompen, ’Maisercher’ sinn e Fuesgebäck a ‘Moses’ heescht eng Kueref-Wéi. Ze soe bléif… datt hei e Monument un de legendäre Blannen Theis erënnert (+ 1824), an den ‘Georgely’ (+1924) mat der Dréiuergel an de Frantz Seimetz (+1934) net vergiess sinn. Hien, de 'Seimchen', konnt sou pittoresk schreiwe wéi molen. Wat di ‘Maacher’ nach hunn? E lokale KULTURHUEF fir Konscht- a Geschichtsfrënn... d’Chorale Muselfénkelcher, ewell 20 Joer e gefleegten tropesche 600 Metercarré grousse Päiperleksgaart, Promenaden duerch d’Wéngerten… eng Kellerei an Wäin, deen dem Plutarch no “wéi näischt aneres niddreg Kierper-Kräfte belieft”...

P.S. Liewensmut vun de Gréiwemaacher ass onerschütterlech. Wéi 1822 do e grousst Feier war, sot de Mathias Schou, alias ‘Blannen Theis’ ënner anerem… ”wann dat net gutt fir d’Wandleis ass!” Him schreift de Carlo Hemmer d’Lidd ‘zu Arel op der Knippchen’ zou, wat awer net stëmme soll…. Hie sollt och emol soen, ‘wenn ich meine Musik nicht hätte müsste ich betteln gehn’. Vill Phantasie a Papiermaché verlaangt hat 2007 d’Participatioun un der Kanner-Summerakademie vum Kulturhuef. Do hat sech am Cours vum Nora Waringo fir d’éischt d’gefaarte' Musel-Nessie' aus senger Stopp getraut...