Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gréiweknapp

 

Gréiweknapp heescht e klengt Duerf ouni Kierch, dat zënter dem 12. Juni 1795 zur Gemeng Béiwen-Atert zielt - mat Bill, Bruch, Bëschdref, dem Fensterdall an Openthalt. Seng knapps 200 Awunner hunn de Postcode L-7433 a wunnen 23 km vun der Stad. D’ländlech Gemeng huet vill Bësch a keng Industrie a soll emol en ‘rythme un peu traînant’ gehat hunn... Mä d’Wuesse vun der Uertschaft widderleet dëst, well de Gréiweknapp sech a ronn 30 Joer laanscht d’CR114 an ee richtegt Stroossenduerf entwéckelt huet…! An e neie Lotissement versprécht weideren Zouwuess.

Vum Gréiweknapp (Grevenknapp) féiert en direkte Wee op den 391 Meter oder 1000 Fouss héijen Helperknapp. Dëse legendaire Punkt steet als Heilberg om Wiltheim senger Kaart vum ’territorium romanum‘. Et gouf hei virun e puer honnert Joer emol eng Wunneng fir Pilger a Passante ‘sans abri’. D’‘Knapp-eilchen’,d.h. den ‘Zwergkauz‘ gëtt et haaptsächlech hei. Eng rar Déierewelt charactériséiert bekanntlech en intakten Environnement!

Administrativ Akten ernimmen am Mémorial vum Abrëll 1850 de Gemengewee vum ’Grevenknop’ op Béiwen an approuvéieren hiren ’état de première classe’! 1854 gouf dat zweet eng eege Por mat Fënsterdall an dem Gréiveknapp; di dräi waren no hirer Demande u Wellëm III. détachéiert gi vun där Bëschdrefer. Am Joer 1867 weist e Subsid vun 350 Frang op de Schoul-Neibau hinn. Ee Joer drop ass d’wierklech Kannerzuel an der Schoul hei mat 34 an déi fiktiv mat 68 agedroen! Haut ginn d‘Kanner jee no de Klassen op Brouch, Bëschdref a Béiwen an d’Schoul. - D’heiteg Kapell um Helperknapp gouf 1900 gebaut. A virchrëschtlecher Zäit huet de Bierg Druiden a Priester ugezunn a spéider och Militär. A Siichtwäit hate sech ronderëm réimesch Arméien niddergelooss, Vichten hat eng Réimervilla, bei Bëschdrëf goufe Mënze fonnt a bei Gréiweknapp-Bill e gallo-réimesche Grafhiwwel, e ’monticule’ deen de Jean Engling ewell als Tumulus signaléiert hat.

De Numm Helperknapp huet näischt mat ‘Help‘oder Hëllef ze dinn, soen historesch englesch Zeilen, mä mat der Göttin ‚Helpehrt‘ där bekannter Pertha oder Freia, der Göttin vum Doud mä och vun der éiweger Jugend a Léift. Nieft deem berühmten 973 ernimmten ‘Heilichberc’ schwieft de Gréiweknapp trotz munchen Theorien geheimnisvoll am Niwwel vun der Zäit. Mä evident schéngt, dass d’Göttin Pertha do paralell zum Helperknapp och en Altor hat. - D’Wuert Gréiwen huet hei näischt mat ‘Gréiwenzopp’ ze dinn; et soll och net op Grofen hiweisen, éischter op ‘Gräfin‘! Eis Quell vu 1913 aus der Cornell University Library denkt dobäi un d’Holla (eng ‚dignity bestowed upon Freia‘...) - D’Leit aus dem noen Ëmfeld hate mat den Useldenger Schlasshären an dem Irmineklouschter vun Oeren bei Tréier ze dinn. Se hate mat de Gréiweknapp‘er wahrscheinlech vill Kontakt, ënner anerem och wéins dem wäitbekannten Helpermaart. Ob se d‘Isis an Herkules–Figuren vermësst hunn, wéi déi am 16. Jh. vum Helperknapp bei d’Mansfeld Schlass bruecht goufen? D’Sammlung vun dësem räichen Amateur d’Art, dee wuel Konscht protégéiere wollt, huet awer aner Plaze méi aarm gemat. Dëst alles sinn onerwaard Trouvaillen, déi een ausgruewe kann bei Recherchen iwwer de scheinbar onscheinbare Gréiweknapp!

P.S. En Dépliant fir ‘1000 Joer Helpert‘ wënscht, dass do vill Mënsche Fridden an Entspanung fannen. De 7 km laangen Autopedestre vum Gréiweknapp op Bëschdref géif sécherlech där schwedescher Damm gefalen, déi Lëtzebuerg gär huet fir säi ‚patrimoine protégé‘ an eng ëmmer méi nohalteg ‚préservation de ses panoramas verts‘ (Tonika Hirdman). Am selwechte Stil ausgedréckt leien hei d’Duerfstroossen ‘Um Riesenhaff‘ an ‘um Knapp‘ an de Waasserreservoir op sengen 326 Meter gutt protégéiert an engem ‚paysage accueillant‘.