Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gréiwels

D’ ufanks primitiv Nei-Usiidlung vu Leit mat Auswanderer-Billjee an der Täsch -‘Nei-Brasilien’, dat spéidert Gréiwels entstoung 1828. D’Leit goufen zu Bremen net méi ageschëfft well Brasilien entretemps d’Zouwanderung gestoppt hat. Déi di alles hei verkaaft haten an zréck koume ware schlecht drun. D’lëtzebuerger Regierung huet si ‘Um Kale Räis’ ugesidelt, um Flouer ëm di deemoleg Gemenge-grenze vu Groussbus, Heischent a Wahl... an geschwënn goufen di Veraarmt verdächtegt sech an de Grompere-Stécker ronderëm anzedecken.

Gréiwels (Grevels) gouf et nach net op der Ferrariskaart vu 1777 an et zielt haut 250 Leit. Nodeems de Keeser Dom Pedro I. 1828 keng europäesch Awanderer méi a Brasilien era gelooss huet… koume ronn 100 Lëtzebuerger zréck vu Bremen. Hiren Dram als Émigrante Stécker Land ze kréien war geplatzt an d’Verspriechen 10 Joer ouni Steieren war gläich Null. Eis deemoleg Regierung huet s’um moere Buedem vum Flouer ‚Um Kale Räis‘ ugesidelt. D’nei Uertschaft säitlech vu Randschelt (um Bord vun dräi Gemengen) nennt de Mémorial 1841 Grevels-Brésil. D’Leit hunn do an 41 Lehmhütte mat Stréidiech gehaust a Stréikierf gemat fir z’iwwerliewen… 1896 beschreift d’Wort der Kuerwflechterei hire sozialen Hannergedanken, well hei 23 Familljen mat zesumme 50 Leit 250 Kierf pro Woch un d’Champagnerfabrik Mercier liwwere konnten. (‘t entstounge spéider hei an Atelieren och Haushaltsartikelen.) 1860 gouf landeswäit fir de Bau vun enger Kierch fir ‘Neibrasilien’ gesammelt…(en Terrain vu 27 Ar war dofir geschenkt ginn!) No gutt 4 Joer war se fäerdeg... a krut 1892 dann 300 fr. Subsid fir eng Restauratioun! Ronn 30 Joer huet d’aktuell Kierfechts- Kapell mat der faarwefreedeger Beton-Glasfënschter vum Mett Hoffmann. Dat laang eelsten Haus aus dem Duerf - dat vum ‘Zockernéckel’- stoung do bis viru knapps 20 Joer. ‘t ass net gewosst, ob hien e Nokommen  vun den erwaardungsvollen Auswanderer an Affer vun enger Illusioun aus der Areler Géigend, vun Bungeref oder Téinten, vläicht vu Wal oder Befort war. Dës hate schlussendlech eng nei Heemecht op den Heed-Flächen no bei Groussbus, an Eschduerf fonnt. D’Geschicht vum ‘wakeregen Duerf’ an senge 1919 gegrënnte “Pompjeeën” (mat gläich 29 Membren) erzielt d’Buch vun hirem 75. Veräins- Anniversaire. De Begrëff ‘Gréiwelser Hämount’ geet dem Engelmann no drop zréck, dass hei an der Géigend vill Molbier wiisst. Zanter 1957 zielt Gréiwels zur Gemeng Wal, just een Haus ass op Groussbuser Terrain… ‘t huet e Kulturzentrum mam Numm ‘Nei Brasilien’ mat ’Vue op d ‘Héichhaiser vum Kierchbierg, e ‘club des jeunes’ an e Foussballveräin.

Den eemolege Vermiessungstuerm am Napoleonsgaart no bei Gréiwels ass Kadaster-Étudë no ee ‘geometresche Schwéierpunkt’ vu Lëtzebuerg. En zielt zur Gemeng Rammerech an ass ee vun den allerhéchste Punkten am Land. Vun dëser Suedelligne aus robustem Ardenner Gestengs hat de Napoleon e Bléck iwwer d’ganzt Land gehäit... a vläicht eng Kaart zeechne gelooss. Den Tuerm erënnert un d ‘wëssenschaftlech Land-Vermiessung vu 1928 déi op der Spëtz vum Triangel Arel-Anlier-Grevels gemat gouf; mat Hëllef vu Liichtposten vun enger Héicht zu enger anerer an deels iwwer provisoresch Tierm aus Holz. Méi doriwwer erzielt de Marc Thill am Marienkalenner 2009.

P.S. De Numm ‘Grevels’ léisst vermudden, dass dës Landsträif tëscht Éislek a Guttland emol engem Grof gehéiert hat. E Kanneraufsatz lueft hir “megaschéin geografesch Lag, hir fantastesch Natur an hir eemoleg wäit Vue! An d’Buch vum Guy Helminger ‘Neubrasilien’ erzielt d’Familljeschicksal vun enger gescheiterten Émigratioun mat realisteschen Detailer a grousser Sensibilitéit.