Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gousseldeng

En Autobunnstunnel duerch de Gousselerbierg verbënd säit Januar 2008 den Uelzechtdall mam Mamerdall. En ass 2.695 Meter laang an e läit op der déifster Plaz ganzer 115 Meter ënner dem Buedem... Soe mer nach dass d’ éischt Silb vu Gosseldange Geld bedeit an de lokale Spuerveräin "De Leschte Frang" heescht! Vu besonneschem Goss war och, symbolesch gemengt, ee Pionéier am Radiojournalismus, dë ‘Gousseler’ Pierre Nilles (Joergang 1923). Seng Noriichten op Mëttelwell 208 m waren am Erziel-stil an onverkennbar.

Gousseldeng huet 510 Awunner an dem Kalenner no haut Kiermes. Et war 940 als ‘Gozzeltinga’ an engem alen Archiv ernimmt. ‘t zielt mat Pretten zur Gemeng a Por Lëntgen. Den Duerfkär mat schéinen Haiser huet nach een typescht Gutt vu 1744 mat Dépendencen a Bakuewen opweises... an de lieu-dit ‘im Gosseldingerbusch’ mat der Kadaster Nummer 765 eng extra klasséiert Bich. Dës ‘Fagus sylvatica’ zielt zënter 1974 zu de Monuments classés. D’Filialkierch ass éischter eng Kapell, an datéiert vun 1890. Se krut allerdéngs no zéng Joer e Problem! Wéinst dem Holzwuerm an der Daachkonstruktioun gouf gefaart den Tiermche kéint afalen! - 2005 ernimmt e Rapport de nei polychroméierten Altor an d’Statuen, beispillsweis déi vum Valentin a vum Blasius, dem Patréiner. Zu hinne passt e Saz vum Lichtenberg ..‘les saints sculptés ont eu beaucoup plus d’influence dans le monde que les saints vivants’! Mä déi eng géif et net ouni di aner ginn. De neie Massaltor, d’Liespult an e Wandfang aus Glas mat agravéierte Schrëften” gefalen. An d’Gousseler Uergel ass selbstverständlech e Westenfelder-Brüstungspositiv (vu 1990) vun der Lëntgener „Manufacture d’orgues”.

Etymologesche Fuerschunge no kéint den Duerfnumm hiweisen op de Gozelon (oder Gozelin). Dem Buch (vu 1743) vum Historiker a Jesuit Jean Bertholet no hat dee noble ‘Loutrenger’ Grof a Brudder vum Siegfried Gidder an der Géigend vum häitege Goussel. Hien hat ëm 943 der Tréirer Abtei St. Maximäin säi Gutt ‘Hisdorff’ (oder Villa Hünsdorf) un der Uelzecht hannerlooss. Seng Witfra Oda a säi Fils Reinard hu säi Wonsch méi wéi erfëllt; seng Ierwe sollten nach Besetz tëscht Hënsdref a Miersch an der Géigend vum heitege Goussel derbäi ginn… an de Siegfried war Zeie bei der Schenkung. Den Uelzechtdall war sécherlech ewell laang virun 846 bewunnt, mä an deem Joer gouf eng holze Kapell zu Lëntgen ernimmt. Opregendes geschouch hei wahrscheinlech wéineg. Gutt dausend Joer méi spéit, 1886, krut Goussel fir Revers’en aus Pavée e Subsid vun 200 Frang. De Memorial huet 1909 do als 2. vu 5 neie landwiertschaftleche Lokalveräiner hanner der Giischterklaus a viru Jonglënster dee vu Gousseldeng ernimmt. Keen huet deemools un en Tunnel duerch de Gousselerbierg geduet. Genau wéi 1991 kee gegleeft hätt, dass seng mat 253 agedroen Awunnerzuel sech an 20 Joer verduebele géif! An di gefréisseg Holzwierm am Kierchendaach? Firwat liewen dës Insekten iwwerhaapt am Holz? De Lex Jacoby vertrëtt a sengem ‘Logbuch der Arche’ d’Theorie… ‘Gott huet hinnen hir Plaz dora ginn!’

P.S. Wahrscheinlech fannen sech nach munnech léif Detailer vu fréier an der Duerfchronik… mä se si net ëmmer grëffbereet. Fir esou Fäll huet den Antoine de Saint-Exupéry eng Ausso hannerlooss, déi sech esou iwwersetze léisst “Net dann ass en Text vollkommen, wann ee näischt méi derbäi füge kann, mä dee Moment wou ee näischt méi ewech loosse kann." Derbäi setze kéint ee nach dëst: Goussel huet säit kuerzem eng 'Spillfabrik', déi fir Intressenten an der aler Schoul 200 Gesellschaftsspiller op Lager huet - an dat just 14 km vun der Stad.