Gonnereng
Gonnereng ass di zweitgréisst Uertschaft vun der Gemeng Jonglënster an huet nieft 2 Café’en och en Hotel. Et läit 14 km vum Stadzentrum, um Wee dohinn seemt d’Strooss de 4.500 Hektar grousse Gréngewald. ‘t gouf do ewell iwwer 20mol en ‘Tournoi individuel’ vum Dëschtennis organiséiert an e puermol e Fierkelsfest! Seng Nopeschdierfer heeschen ‘an der Buerg’, Roudemer an Iernster. Net ze vergiessen... Gonnereng war laang Deel vun der Roudemer Gemeng - déi 1979 mat där Jonglënster fusionnéiert hat.
D’Uertschaft Gonnereng (Gonderange) hat 1981 eng Awunnerzuel vu 722 - 1996 dann 1245 an 2011 ewell 1692. Gonn bedeit bekanntlech Gonscht.. an d‘gënschteg Lag vum Duerf huet him vill nei Awunner abruet, déi deels a Banneninselen, d.h. an de Cité‘en Joseph Bech, ‘am Wangert‘ oder ‘am Gringert’ liewen! Säit 1961 huet et seng schoulesch Infrastrukture stänneg erweidert a krut neierdengs och eng Mediatéik fir d’Schüler. Hei steet nämlech ee vun der Jonglënster Gemeng hiren 3 moderne Schoulzentren... An d’al Schoulmauere koum eng Salle des fêtes.
Ee “Gundringen” war 867-68 ernimmt an säi Gotteshaus am Mee 1442. ‘t huet mat Allënster Amber a Guedber fréier zur Urpor-Lënster gezielt. D’aktuell Kierch, d.h. Schëff an Tuerm goufe 1879 geweit, an zwee Joer drop de neie Chouer an d’Sakristei. Gläich koum d’Demande fir eng Por mat Iernster ze grënnen. Éischte Schutzhellege war den hl. Valerius, a 1920 gouf den hl. Sebastian derbäigeholl. D’Kierch läit am Duerfzentrum, 325 m iwwer dem Mier, huet klassesch Bänken an e flaache Plafong. Hir eelst Fënster vun ëm 1900 iwwer der Entrée huet Ornamenter déi un gehéckelt Spëtzen erënneren. Nom Kiercherot senger Décisioun am Juli 2011 eng ëm 120 järeg kleng Henry Jones-Uergel unzeschafen gouf d’Kierch ëm e wäertvollt Stéck méi räich. (Se hat iwwer 30.000 Euro kascht..) Dat schéint Instrument stoung nämlech ongenotzt zu London an huet e neie Besëtzer gesicht. Frësch vun engem ireschen Uergelbauer opgebaut konnt se dann hei am Januar 2012 op der Sebastiani-Kiermes hiren éischte Concert ginn!
Bei Gonnereng lafen d'Iernster-, d‘Aessen- an d'Kriibsebaach zesummen a man dann Schwaarz Iernz, déi op hirem 20 km laange Wee den attraktive Schéissentëmpel forméiert. Nobäi an Direktioun Waldhaff läit riets am Grengewald d’Schetzelhiel mam Schetzelbuer, eng vun der Wäisser Iernz hire Quellen. D’Landschaft mat hire Naturressourcen hat heirëmmer prehistoresche Jeeër a Sammler dat Essentiellt fir z’Iwwerliewe gebueden. Hei ginn ‘t wuel keng Trouvaille wéi um Loschbuer, mä e Kiem. An aus dem Mesolithikum, der mëttlerer Steenzeit fonnte Mëspelblieder kéinnten hiweisen op Ur-Druiden an hiert Wëssen ëm d’Heelkraaft… Net an d’Urzäit zréck mä vun ëm 1875 sinn fir eis schwéier virstellbar Erënnerunge vun engem ale Consdrefer. Deemools goung do "e Mann vu Gonnereng mat Fixfeier hauséieren." (Fixfeier gouf 1826 erfonnt an 1848 verbessert - an Hauséierer waren e ‘feste Bestanddeel an der ländlecher Sozialstruktur’; se haten dem Hary Godefroid no ‘nëtzlech Saachen a prächteg Wueren’ an hirer Valise a wousste niewebäi munnch Neiegkeet... )
P.S. Gonnereng war fréier un der Eschweiler Molkerei bedeelegt an ass 1901 deem do gegrënnte „Viehversicherungs-Verein“ bäigetratt, enger Assurance déi z.B. opkoum bei Verloschter duerch Blëtzschlag um fräie Feld. D‘Richtung vun der neier Iechternacher Strooss tëscht den Dierfer Dummeldeng a Jonglënschter hat en Arrêté royal grand-ducal am Februar 1845 determinéiert. De Staatscantonnier an Auswanderer Nicholas Gonner koum net vun hei! En huet sech an Amerika eropgeschafft an ënner anerem zu Dubuque 20 Joer d’Wocheblat ‘Luxemburger Gazette’ geleet an doran eis Sprooch ‘gemittlech, léif a gedankendéif’ genannt. Sou wéi munnch Lëtzebuerger deemools an Amerika goungen installéiere sech haut vill Net-Lëtzebuerger an eisem Land.. vun den 1668 Gonnerenger Awunner (vum 6.7.2012) hunn der just 1007 eis Nationalitéit!