Giewel
Mat sengen haut 633 Awunner huet Giewel sech säit 1848 zueleméisseg verduebelt. De Chiffer huet natierlech geschwankt; et hat 1904 z.B. ënner 294 Leit zwee Daachdecker, ee Schmatt, zwee Schneider, zwee Schouster, aacht Steemetzer, zwee Wiewer, véier Brennereien an dräi Wiertschaften. D’Gieweler hu kee legendäert Lidd wéi di Goetzener, mä eng fantasievoll Presentatioun: A sengem Duerfkär harmonéiere ‘volumes bâtis et espaces libres… des bâtisses bien conservées épousent parfaitement le terrain’.. an déi mi nei Haiser erënneren un en typeschen ‘développement tentaculaire’! (Dës Zeile veréiwegt d‘Homepage vun der Gemeng Käerch!) An, wat kaum ee wees, den Tableau vum Hommage un d’Introduktioun vum Euro ass engem Gieweler seng Iddi. Säin Assemblage erkläert de Josy Linkels esou: d'Euro-Zeechen an d'europäesch Mënze sinn am "béton armé" konzipéiert a mat Blatgold behandelt. Den éischte steet fir Stabilitéit a laang Liewensdauer an dat zweet als Wäertsymbol.
D‘Kelten a Gallo-Réimer hu vill Spueren am Eischdall an am Ëmfeld vun der Giewelerbaach hannerlooss. Dës entspréngt ëstlech vu Gëtzen, leeft laanscht Giewel, deels a Réier duerch Käerch a kuerz virun der Fockemillen an d'Äisch. Un d’Réimer erënneren heirëmmer muunch archeologesch Trouvaillen. D’Altertumsfuerscher goufen hei mam Agatha Christie Saz confrontéiert „Scherben bringen Glück - aber nur dem Archäologen“! Iwwregens haten d'Réimer och schonn Interessi un ale Kulturen.. Si hunn d'Pyramide besicht! De Flouernumm "op Miecher" weist op aalt Gemaier hinn, op "macieres", déi och an den Uertsnimm Maacher a Mecher draleien. Den hei entdeckten typesch gallo-réimesche Guttshaff hat um Terrain vu 5 ha mindestens sechs Gebaier aus dem 1. – 4. Jh. no Chr.. Seng Erbauer haten eng kleng mä räich Villa, wat toskanesch Sailen- a Pilasterbrochstécker, Iwwerreschter vu Wandmolerei a Keramik verroden. Ausgruewungen ëm d‘Gebäi 1 haten 1964 ënner der Leedung vum Georges Kayser ugefaangen. Nordëstlich vum Haff "Miecher" hunn am Hierscht 1966 d‘Nouspelter Amateurarcheologen op "Scheierheck" véier liicht Buedemerhiewungen ënnersicht, (..do wou d‘SEBES de Bau vun hirer Drénkwaasserfernleitung geplangt hat.) Se hunn treveresch Reidergriewer mat de bedeitendste spéitkelteschen Trouvaillen aus Nordgallien fonnt! Mat Iwwerreschter vum trevereschen Adelegen aus dem Graf B soll den Här Kayser Zwiegespréicher gehalen hunn (...vermutt de Conservateur vum nationale Centre de recherche archéologique Jean Krier.)
Op der Rees duerch d’Joerdausende begéinge mer 1798 ënner der franséischer Herrschaft der Aféirung vun der Wierpflicht fir 20 – 25 jäereg Männer (déi eng Zäit duerno bäibehale gouf.) Zwëschen 1840-‘90 si 37 Gieweler an Amerika ausgewandert. (Ursaach bei de Jonke war deels d‘Militärpflicht a soss héich Steieren an allgemeng Aarmut.) - A propos Drénkwaasser.. Fir de Bau vun engem öffentleche Bur zu Giewel gouf et 1852 e Subsid vu 400 Frang. Wéi 1908 de Waassersyndicat mat Pompstatioun zu Käerch gegrënnt gouf, hat dobäi den hei gebuerenen Distriktskommissär Pierre Braun eng Roll gespillt! Mä d’Leit aus der Gemeng waren ufangs géingt d’Waasserleitung; ('man wollte nicht auf das preiswerte Brunnenwasser neben dem Misthaufen verzichten..‘ housch et an engem Temoignage vum Éierebuergermeeschter Goniva.) Di Gieweler hu sech am mannsten opposéiert a sinn dem Waassersyndicat dann 1911 bäigetratt! Nei ware 1910 d‘Molkerei, 1912 Pompieren an e puer Joer drop e Musekveräin.
En Dokument ernimmt 1623 “Goeflingen“ an eng Dose Joer drop der Gieweler Kapell hir Altorweih. Am Porarchiv waren 1769 hei 18 Familljen agedroen, an „eine schlechte Kapelle“ ouni Ornamenter. (Well hei ni e Paschtouer war goungen d‘Duerfleit souwisou op Käerch an d’Mass an do haten se och hir Griewer.) Iwwer der Entrée steet 1822 als Hiweis op eng Erneierung an 1850 koum dann eng komplett Renovéirung. D‘Kapell huet rustikal Bänken an op der ëstlecher Säit dräi Ronnboufënstere. Bemierkenswäert sinn hir Konschtwierker: den Altor mam Renaissanceopbau an der Consolatrix iwwerem stengen Ënnerbau.. an d‘Barockstatue vum Patréiner, dem Rochus, vum hl. Philippus, Franz Xaver an Louis IV. si schéin. Ee raart eenzegaartegt Stéck Vollekskonscht ass de goteschen Apostellrelief aus dem spéide Mëttelalter. Den ale polychroméierte Steen fëllt d’riets Säitewand mat Liewen. E gouf 1968 vum Joseph Hirsch mam relativ klenge Gekräizechten an den Äerm vum ‘Père Eternel’, ënner dem Symbol vum 'Esprit-Saint' an mat 6 Apostelen zu all Säit als 'Christ de Pitié‘ interpretéiert. Wéi den Daach 2011/2012 erneiert gouf krut de frësch gedeckten Daachreider en neie Wiederhunn geschenkt, an e Reportage doriwwer hat den Titel “Giewel feiert den Hunn.“
P.S. Direkt Nummerklärunge fir Giewel si schwéier fannen… mä indirekter kéinnten en Lien dozou suggeréieren. D’aalfranséischt ‘gobel‘ steet fir gobelet; de Jean-Tosti-Dictionnär gesäit an Gobbel a Goebel d’Kuerzform vum aalgermaneschen Numm Godebald (dee ‘kéng‘ bedeite soll.) A Gobel vu Réimech housch e Vasall vu Jang dem Blannen. Vläicht sollten hei masseg Gieweleken (d.h. Kiewerleken) am Mee laanscht d'Giewele fléien... oder Äeppel bloufe net laang ‘gieweg’, d.h. “schenkenswert”, well se séier rompelech goufen... ‘Kiirmesboddi’ housch lokal hei fréier e ‘Schluechtochs’. Fir d’Kiermes huet d’Duerf zesummen en Ochs kaaft an da jidder Bauerestoot eng Woch laang ‘an de Kascht ginn’. Een net alldeeglecht réimescht Geschenk war den hei fonnte 15,8 cm laange verzierte Sëlwerläffel, deen de Musée hidd. Och wann seng Spëtz an e puer Buschtawe bei der Inscriptioun VTERE FELIX feelen, läit hire Sënn no: ...”gebrauche (das Stück) glücklich“! Och di kleng ‘materiell Kultur vum Alldag’ wéi dës gëllt als reell Geschichtsquell! Vläicht huet antiken Dekor oder eng Zeil vum Toni Scheubeck iwwer d‘‘Unbeugsamkeit des Steins‘ d’apaart Struktur vum neie Waassertuerm inspiréiert.