Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Guedber

D’ëm 300 Joer al Summer-Eech aus der ‘Häregaass‘ zu Guedber ass zanter 1933 als ‘Naturdenkmal‘ klasséiert. 1815 war hir Spëtz komplett geschnidde ginn, den Alter vun hiren Äescht ass also liicht norechnen. Hiren Diameter ass gutt annerhallwe Meter an d’Héicht vum Stamm iwwer 4,70m ! Wéi d’Mauer laanscht d’Strooss de Wuesstëm vum Stamm behënnert huet, ass seng Schuel iwwer hir Steng erof op den Trottoir gewuess! - Bei der Guedber Kierch fängt de kulturellen “Haerdges-pad” un, dee laanscht d’Haerdgeslay, e sougenannten "Heedesteen" féiert - deen de réimeschen Historiker Publius Cornelius Tacitus (+116) emol ernimmt hat als ‘lieu de culte celtique’! Ënnerwee begéingt een dem ‘Walddëschtel’-Pad’, wéi ‘därege Lorber‘ hei heescht.

Guedber (Godbringen, Godbrange) läit 20 km vun der Stad, säitlech hanner Jonglënster. ‘t heescht lokal och Guewer oder Gueper an huet 505 Awunner, déi sech a ronn 40 Joer méi wi verduebelt hun. (Am Lexikon vum J. F. Gangler vun 1847 ass ‘t Goidber geschriwwen.) Well seng al Kapell baufälleg war huet den Entrepreneur vum Duerf Charles Schergen am Juli 1879 mam Bau vun der aktueller Kierch ugefaangen. Hiren Haaptaltor staamt aus där vu Schrondweiler, en hat 2000 Frang kascht… 1923! D’Seitenaltär hat kuerz duerno de Gilsdreffer Schräiner Welter gemat. Iwwer dem Portal waacht den hl. Sebastian. Kierchepatréiner ass a Plaz vum ‘Gräin’ (Quirin) den hl. Medard. Säin Dag, den 8.6., entscheed sech dem Volleksmond no ob mir 40 Deeg Sonn kréien oder Reen. Mä egal wéi, d’Kiermes Sonndes no de Päischte soll fréier eng geschwätzeg a béierfreedeg Ugeleeënheet gewiescht sinn.. 

Am Duerf falen eeler Weekräizer op vum Mathias Schergen, deen 1853 hei gestuerwen ass. Hien, de „Kräizermates“, hat 1806 dat éischt Weekräiz zu Guedber opgebaut an sech 1810 am Duerf niddergelooss. Fréier hat hei bal jidder Haus e Wee- oder Flouerkräiz, a ware se verwittert… goufen s’alt emol als Bausteng geholl. De geschéckte Steenhaeër koum aus enger Tirouler Awanderer Famill a war am Summer mat Bauaarbechte beschäftegt. Soss huet e Kommanden ausgeféiert, déi de Finanze vum Stëfter no méi oder manner konschtvoll goufen. - Zwee besonnesch al Guedber Haiser, an der Duerf- an an der Jonglënschter-strooss ( rue du village 5, an an vis-à-vis d'Nr. 2.) spiggelen an hirer pronkvoller Fassade oder enger räichverzierter Hausdier de Wuelstand erëm vum Enn vum 18. Jh. a si klasséiert . Am 1. hat deeselwéchte Schräiner geschafft wéi an der Jonglënster Porkierch. An d‘Entlüftungsschächt vun de Scheieren weise wat de Steen-Bild-Hauer Schergen alles konnt! D’nei Résidence ronderëm wierke relativ friem am Duerfbild. - D’al Schoul vun 1850 stoung bal 120 Joer, di nei gouf nëmme kuerz genotzt; hir Maueren hunn d’Spillschoul opgeholl, d’„Education précoce“ a kulturell Aktivitéiten. Zënter 2003 ass do de Proufsall vum lokale Mandolineveräin dee 1950 gegrënnt gouf! D’Mandoliniste „La Lyre“ spillen nach traditionell den Hämmelsmarsch... En anert «Godbrange» oder Gueberéng läit bei Hussigny net wäit vun Déifferdéng an den ‘Terres Rouges‘ vu Louthrengen.

P.S. Am Dezember 2008 war de Gemengerot d’accord de Wäschbuer an der rue du village zu Guedber als nationalt Denkmal anzestufen. Vun den ëffentleche Wäschbuere ware fréier d‘ “Wæscheschen“ an hir zu enger Säit oppe Wäschkëschten net ewächzedenken. Nieft hirer Corvéé hu se gesproocht… a mat e besse Klaatsch an Tratsch hir Aarbecht erliichtert. An ale Wierderbicher fënd een den ironesche Sproch 'Déi Guedber leeën d'Kierch ëm fir se ze wäissen' - an hanner Guedber steet d’Verb ‚gueden‘… Hu Saache sech gutt geguet, hu se gepasst! Eng ‘giedlech‘ Mooss huet d’Hal vum lokale Veräinshaus fir den Dëschtennis-Club Guedber-Lënster.''