Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Giwenech

Geographesch gesinn läit dat klengt ländlecht Duerf Giwenech um Plateau tëscht Iechternach a Waasserbëlleg, 4 km vun der Niddersauer. Zu sengem Centre Pénitentiaire gehéiert en 150 Hectare groussen Terrain. De But vum Centre ‘ré-sozialiséieren’ gëtt do groussgeschriwwen! Di Gefaange kréien dofir wichteg Grondwäerter bäibruet, z.B. Respekt virun Autoritéiten, Ausféiere vun Uerderen a Penktlechkeet... D’beruflech nei Agliderung préparéiert den Défi-Job. Am Duerf wunnen groussendeels Giichtercher déi do schaffen.

Giwenech (Givenich) an der Gemeng Mompech huet 42 Awunner a nach 1 Bauerenhaff. Lokal gouf fréier dofir gesot zu «Giwech». Dem Léierpad ‘Deiwelskopp’ säin Depart ass hei bei der Bréck un der Strooss no Méischdref; an där Kopp hir Geschicht geet zréck an d’Steenzäit. Am Ufank vum 12. Joerhonnert hat d’Duerf „Giuenich“ ,spéider Givigny“ 4 Vogteien... 100 Joer drop ernimmt d’Tréirer St. Maximiner Güterverzeechnes seng Kierch… si war di eelst vun heirëmmer. Am 13. Jh. louchen hei ënner 13 Haiser ‚mehrere Mansen’. E gewësse Johann von Helmdingen aus Luerenzweiler an e Ritter Ingebrand vu Manternach hu sech deemools hei zu gläichen Deeler d’Lehen iwwer d’Lännereie gedeelt. D’Gutt Givenich war eng Waasserbuerg, op där d’Felementer koume vum administrative Gebai. Hire Gruef hate no gelegen Quellen gespeist. D’Housener Klouschter hat zwou Chanoinessen vun hei, d‘Catherine an Suzanne-Madeleine von Raab von Pünderich. Am 14. Joerhonnert war et als ‘Grevenié’ dokumentéiert. Am ëm 1810 ass hei e Schlasshär ernimmt, deen op der Juegd e Wollef erluet hat! (sic Jean Haan.) D’deels fréi gotesch Kapell huet en Altoropbau aus wäissem Marber an eng Krypta mat Grafnischen.

Theoretesch foung d’Geschicht vum Prisong vu Giwenech 1892 un. Dunn hat de Mathias Theisen junior décidéiert ’dem lëtzebuerger Staat säi Besetz ze léguéieren ‘… sous condition d'en faire une fondation d'utilité publique et d'intérêt général’! Op deem ëm 137 Ha groussen Domaine stoungen 1800 Uebstbeem a waren 32 Ha Bësch... Am Abrell 1900 huet dann d’Staatsgutt Theisen d’Installatioun vun enger Gefliggelziichterei vu Maristepatren annoncéiert, an de Projet do e Wesenhaus ze grënnen gouf erwänt... - D’éischt Essay’en fir Leit mat klenge Strofen zu Giwenech ze plaçéiere ware 1938 (am Genre vun enger ‘landwirtschaftlecher Aarbechts-Erzéiungsanstalt‘.) Am Krich war et 'Niemandsland‘ an duerno hat de Staatsrot et eng ‘entreprise agricole de grande envergure‘ genannt… gëeegent als ferme modèle! 1946 goufen hei Griewer fonnt, beim Uleeën vun Zäeren. A 1956 koum d’Konstruktioun vum Gebäi mat 30 neien Zellen, also den Ufank vun der ‘prison semi-ouverte’ zu Lëtzebuerg… Dat Intressant: an hir besteet d’Méiglechkeet eraus schaffen ze goen! No diverse Vergréisserunge gouf Mëtt de 1990ger d’Capacitéit vum Accueil verduebelt an d’sozial Reintegration verbessert. D' Beruffer Gäertner a Schräiner, Schlässer oder Kach kënnen do geléiert ginn. Säit 2010 besteet och e Fra’en-Trakt an der Maison Casel. - “En ass net vu Giwech mä aus dem Nimserdall” heescht, en ass net vum Ginn, schreift den ale lëtzebuerger Dictionnaire, a wann eppes vum Häerz kënnt... ‘t ass gudder Géiweng’.

P.S. Aus historesche Notizen geet ervir, dass un der Ënnersauer a Musel dat eelst Gebitt ouni Bëscher war, dass Héichplateauen fréi bewunnt waren an betount gëtt hei och de mëlle Klima. Hei bestounge fréier allerdéngs laang Zäit grouss Streidereien a Problemer ëm d’Waasserréserven an t' koum ënner dem Napoleon zu engem Waasserprozess. Déi Problemer goufe schlussendlech geléist. - Vum Hierscht 1989 un hat den CPG an d’Asbl IDEAL GIWENECH hei 20 Joer laang e Viizfest organiséiert mat frësch gekeltertem Viz vu säftege Wisenäppel - et läit nämlech am Häerz vun der Vizgéigend. Zu gudder Lescht ass ‘Géiwengen’ halen en ale Begrëff fir Brautexamen.