Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Gaasperech

 

Gaasperech ass ee Süd-Quartier vun der Stad a war fréier eng Sektioun vun der Gemeng Hollerech. Säin Interesseveräin gouf 1932 ënner dem Numm ‘Syndicat d’intérêts locaux’ gegrënnt. Den nationalen Déierenasyl besteet do säit 1964 – säi Neibau kann ee mam Kaf vun enger spezieller Plättchen ënnerstëtzen. ‘Gaasperecher Kräiz’ heescht d’Plaz wou d’Areler, d’Tréierer an d’Diddelenger Autobunne sech touchéieren. D’Sortie Iergaart – Croix de Gasperich goung am Mee 1994 op fir den Trafic (inklusiv nei Erfahrunge mat ‘Stau’...)

Kaum gewosst ass, dass d’Gaasperecher Strooss op enger Ligne läit wou d’Waasser sech deelt! Di no 8,6 km laang Drosbech enspréngt bei Leideleng an fléisst hei duerch eng fiicht ‚plaine alluviale‘. D‘Piscine op der d‘Cloche d’Or war reckbléckend eng Oase um Bord vun der Stad. An der Réimerzäit louch nobäi eng Siedlung. Déi vum Grof Konrad gegrënnten Aalmënsterabtei krut hei 1083 um “Mons Cuconis” Terrain geschenkt... an hirer Mönchen hunn d’Plaz aménagéiert. Um Enn vum 13. Jh war dann ee Waltier de Gasperich Scheffe vun der Stad, a spéider koum den éischten Hollerecher Maire (‘agent municipal’ genannt) Jacob Joris vun do. - 1865 hunn zu Gaasperech an op der Kockelscheier zesumme ronn 300 Leit gewunnt... 1904 koum di éischt Schoul heihin... an Mëtt de 1930ger e Coiffeur. D’Duerf hat deemools mam Millewee dann iwwer 1230 Awunner an haut zielt et där 5151. Di’11 Hektar grouss Sauerwiss gouf 1990 bebaut a bitt eng schéin Vue op d’Stadsilhouette.

Nom 1. Krich war de Projet hei en Hydroport, e Flughafen fir Waasserflieger zesumme mat engem Pompspeicherkraaftwierk unzeleeën fir zivil, staatlech a militäresch Waasser-Avion’en. D’Vergréisserung vun de Kockelscheier Weiheren bis op eng Waasserfläch vun 250 ha hätt dëst theoretesch erméiglecht… - De Grondstee fir d'Kierch gouf am Mee 1932 geluet op en dofir geschenkten Terrain vun enger Amerika-Lëtzebuergerin - an de Bau war e Joer drop fäerdeg. D'Pläng mam Spëtzbouverwöllef ware vum Architekt Jean Mackel nom sakrale Virbild von der Christ-König-Kierch vu Mainz-Bischofsheim. Patréinesch ass d’Thérèse vu Lisieux an d'Chorale nennt sech "chantres de sainte Thérèse". (De Veräin hat nom 2. Weltkrich ënner dem Dirigent René Weimerskirch bis zu 60 Sänger!) D’Fënstren dekoréiere stiliséiert Rousen. 1966 gouf de Bau un d’Liturgiereform ugepasst an definitiv geweit... Hiren Tabernakel vum Théo Kerg datéiert vu 1984... an d' monumental Päifenuergel am Chouer mécht Musek 'qui creuse le ciel'. (Baudelaire)

Nach intressantes: 1960 waren hei hei 3 Metzler, 5 Bäcker a 6 Épicerien... eng Mercerie an en Zeidungsbuttek. Tselwécht Joer gouf d’Gaasperecher Musek, déi jéngst aus der Stad, gegrënnt. E Buch fir hire 50. Anniversaire presentéiert eng Chronik, Geschichtleches vum Quartier an traditionell Bräich. An der lokaler Industriezone gi säit 1979 d’Lëtzebuerger Wort gedréckt an den Télécran, deem seng éischt Nummer 19 Frang kascht hat. Haut steet do dem Mediegroupe Saint-Paul säi Produktiouns- a Firmesëtz an d' "Wort" liese ronn 43 % vun der Populatioun. De Villercher vum Stad-Gebitt hir Bestandsopnahm nennt virun 20 Joer ënner de 44 ‘Gaasperecher’ de Wanterpanewippchen, d’Schaaschtechschmuelef, d’Waassergraatsch an de Wisepiipsert... déi sech wahrscheinlech rar hei man, wann emol de Rise-Projet “Ban de Gasperich” Formen unhëlt.

P.S. An de 1970ger huet de "Rido Gasperech" (di spéider "Peffermillchen") hei Cabaret gespillt. Gepeffertes sollt och an de Geschichtskulisse passéieren: Scholdzënsen hat de Fielser Här Johann de Jéngeren 1335 z.B. mat Geld bezuelt an dem ‘drëttbeschte Schwäin’ vu sengem Haffgutt ‘vu Gousperch an Cesigin’. 1681 war ‘Gausberg‘ am Verzeechnes vun ausgeräiberten Dierfer. Dem Krichsrecht no hunn d’Stader Klacken an der Por Hollerech hir (mat Gaasperech, Märel an Céisseng) 1684 de Fransouse gehéiert. Hir Arméiverwaltung sollt eisen Autoritéiten se dann am Juni oftrieden fir 3000 burgundesch Patagonen; Enn August hunn d’Awunner vu Gaasperech a ronderëm 47 Reichstaler geléint fir hir Klacken anzeléisen (... iwwerdeems de Vauban nobäi mat 3000 Mann an 4 Joer d’Festung Lëtzebuerg nei- an ausgebaut huet.) Dëst a méi beriicht d'Chronik vum Fr. Lascombes. - Gasper a Gaaschper weist ënner anerem op de Numm Kaspar hinn.