Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Furen

Furen war eng eegestänneg Gemeng… bis zur Fusioun mat der Baastenduerf ‘er …den 1. Januar 2006. Béid heeschen haut zesumme Gemeng Tandel. Hire Wopen a selwer a rout huet e gezackten ‘Tuerm’ an dräi ‘Merletten’; Promenade ginn hei duerch den ‘Houwald’ laanscht d’Wollefs- an d’Igelsbaach… Typesch Regional-Produkter si net speziell ‘Petits-Fours’ën …mä Nëss a Nëssueleg… (di deels vermaart gi vun engem lokale Schoofsbauer..) Et sti nämlech hei net nëmme laanscht d’Strooss staatlech Nësserten, d.h. Beem, déi verpacht sinn.

Furen hat enger rezenter Statistik no 396 Awunner, vun deenen ee Véierel e frieme Pass huet. Wéi Falkenstein déisäit der Our nach Lëtzebuerger Besetz an eng eege Por war, goufe Massen an der Schlasskapell gehale fir Leit vu Neydorf, Bivels a Furen. Eng al Kaart nennt d’Uertschaft ‘ Furne’, an eeler Schrëfte reien et mat Branebuerg, Bungeref a Wolwen zu de Grenzporen vun der Diözes Köln. Fir den Terrassement vum Wee Furen-Roth bis bei d’Bréck gouf et 1875 e Subsid vun 1150 Frang – a fir d’Brécke-Konstruktioun iwwer d’Our zu Bettel koumen 2000 Frang staatlech Hëllef. Nom ëffentleche Wäschbuer 1905 krut Furen och e Revers’ aus Pavé laanscht d’Strooss.

D ' 14,11 km laang Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, de ‘Benny’, war eng vun eise Schmuelspuerbunnen. Se goung vun 1889 bis 1948 iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veianen. En Autorail war eemol ënnerwee entgleist. Wéi se net méi rentabel war gouf d’Ligne duerch Autobussen ersat. De Furener Tunnel ass net méi befuerbar, gëtt awer renovéiert... Säin aalt Datumsschëld 1888 steet no bei Bëttel un der aktueller Vëlospiste, déi iwwer de Wee vun de Schinne verleeft..

Am Joer 1893 hat den deemolege Schoulmeeschter Jean-Baptiste ZEWEN d’Chorale Sängerbond Fouhren an d’Liewe geruff an dirigéiert. Zäitweileg waren a sinn och Sänger aus Walsdorf, Longsdref, Bettel an anere Nopeschdierfer aktiv am Veräin... dee schonn emol bis 35 Memberen hat. Dat a méi verréit d’Brochure ‘100 Joer Gesank’ vu 1993... Mä nach aner begaabte Furener hu sech en Numm gemat, beispillsweis an der Brodéier-Stuff Ley-Theis an der Kierchestrooss.. oder an der Konschtschmëtt, an där ewell munnech Unikater entstoungen. An där hire Patron huet nieft sengem facetteräiche Beruff als Schmatt niewebäi eng Passioun fir Montgolfièren! Net ze vergiessen: den 1804 hei gebuerene Professer Peter Stehres. Hien hat orientalesch Sproochen zu Léiwen enseignéiert, ier e Grënner a spéider Direkter vum Dikrecher Staatskolléisch gouf.

Bei der Kierch fällt eng iwwer 20 M héich Lann op... D’ mëttelgrousst e puermol renovéiert reliéist Gebai geet zréck an d’Joren 1755-58, senger schrëftlecher Tracë fanne sech am 12. Joerhonnert. Et huet eng Kräizegongsgrupp mat Maria., klassesch Lüsteren, figurativ Fënschteren vum Zanter vu 1952, Bänke wéi fréier, a Plaz fir ronn 100 Leit. D’Kierch ass dem hl. Stephanus geweit, dem éischte Märtyrer. Niewepatréiner ass de Mathias mat der Aaxt – deen entweder Äis mécht oder et brécht! Säin Dag war hei ëmmer traditionell kleng Kiermes…. Wien onbedéngt méi iwwer d’‘petit-fouren’ wësse wëllt… am 19. Jh. hat emol e Pâtissier d’Idee d’Reschthëtzt vum Bakuewen ze notzen a kléng Delikatesse kreéiert!

P.S. Net schlecht kléngt ofschléissend e Kiermes-Vers vu Burg-Reuland, an deem de passenden Hellegen agefügt ass: ‘…..No gudder aler Traditioun begeet d’Vollek säi ‚Kirchweihfest‘ - a Stefanus, de Patréiner, bekennt sech stolz zum Manifest!’