Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fond-de-Gras

Zur Ofwiesslung entféiere mer eis Nolauschtrer haut op eng Plaz., déi an zwou Süd-Gemenge vum Land läit a net wierklech bewunnt ass. De Fond-de-Gras ass als ’lieu public’ d’ganzt Joer fräi accessibel. Seng 2 historesch Zich zirkuléiere vum 1. Mee bis Enn Sept sonndes-mëttes a Feierdags (just net den 23. Juni!). Well si d’Impressioun vermëttelen, d’Zäit wier stoe bliwwen, déngen se säit 1976 heefeg als Film Kuliss. Bénévoler haten d’Bunn 1973 restauréiert. An eng Doze Joer drop gouf de Fond-de-Gras Deel vun eisem kulturellen Inventar... an en zielt entre-temps zur «Europäischen Route der Industriekultur, kuerz ERIH.»

De Fond-de-Gras läit am Dall um nërdleche Rand vum Louthrénger Minettsbassin an um Fouss vum 399 M héijen Tëtelbierg. Wou fréier Réimer usässeg waren treffen sech haut Geschichtsfrënn an Archäologen. An eng Promenade bei seng Iwwerreschter a Rekonstruktioune lount sech. En Deel vun de Gebailechkeeten am Fond-de-Gras gehéiert zur Déifferdenger Gemeng: de Café bei der Giedel mat Holzfassade an originalem Holzuewen zielt zu Nidderkuer. De Léonard Müllesch hat 1881 d’Idee esou e Lokal (aus Holz) bräichte Minnenaarbechter no hirer haarder Schicht op der Ëmlued’statioun vum Eisenäerz. Wéi seng Fra Anne 1894 „Giedel“ gouf, d.h. Marraine, ass de Café sou gedeeft ginn! De Staat huet en da 1985 iwwerholl. Am Uertsnumm gëtt den „s“ betount; e geet zréck op eng Famillje Gras, déi fréier hei Besëtz a nobäi Äerzgrouwen hat; di topographesch Kaart weist als Pendant zum Tëtelbierg d’„Graskopp“! De no hir benannte Parking Graskopp oder ‘op Gras’ läit 5 Minutte vum Tëtelbierg an Direktioun Nidderkuer.

Kuckeswäert nieft dem Fräiliichtmusée mat typeschen Objet’en aus dem Biergbau ass och d’originalgetrei heihi ‘verplanzten’ Epicerie Victor Binck vun Déifferdeng. An hir ginn haut Zuchbillet’en verkaaft. Wéi d'Epicerie ausgelieft hat, huet de Service vu ‘sites et monuments’ d'Butteksariichtung mat de Wueren iwwerholl. Se steet als "Épicerie-Musée" hei am Industrie- an Eisebunnspark gläich nieft dem Café; offiziell wunnt hei allerdéngs keen.

D'Gare aus den 1870ger mat Atelieren a Schäpp an d'elektresch Zentral leien allerdéngs op Rollenger Terrain, also an der Gemeng Péiteng. D’Bunn di fréier Minerai op Rodange transportéiert hat ass elo eng Touristenattraktioun, ‘t erlieft een haut hei mam ‘Train 1900’ oder dem historesche Schinnebus 25 Minutte Nostalgie pur! ‘t gesäit een en passant eng ofwiesslungsräich Vegetatioun an dräi Stollen-agäng, dee leschte vun hinne läit säit de 1960ger stëll. Intressanterweis koum d’Initiative dozou vu Stodenten, déi de Charme vum Site an d’’passion des chemins de fer’ haten... liese mer „1973“ .An ‘t kann een hei trotz kuerzweilege Besichtegungen och e bësschen d’Luesheet erëm-entdecken. De Sproch ’Gras wiisst net méi séier, wann een drun zitt’ ass awer net aus dëser Géigend, mä aus Afrika! De ‘Wiktionary’ erkläert schlussendlech dem Wuert ‘Fond’ seng Bedeitung: ’t heescht mol ‘fonds de terre, propriété’, (hei vun engem Här Gras), mol ‘fond d’une vallée, d’un bois, d’un tableau, endroit le plus bas d’une place creuse ou reculé dans un paysage’! 

P:S. Den 10 Juli 1970 war d’Assemblée constituante vun der «Association des musées et tourisme ferroviaires» zu Péiteng. Hire But war ‘sauvegarder du matériel ferroviaire ancien – spécialement les dernières locomotives à vapeur actives des usines sidérurgiques du sud du Grand-Duché – et de l’exploiter à des fins touristiques’. De Numm “Train 1900” geet op d’Lokomotive Nr. 8 zréck, déi am Joer 1900 an der Déifferdenger Schmelz zesummegebaut gi war. D’Zuchstreck féiert vu Péiteng laanscht de «Prënzebierg», huet en Arrêt beim «Fuussbësch» a cotoiéiert d’Hiwwele vu Lamadelaine ir s’an d’Gare vum Fond de Gras aleeft.  Fréier solle Legende no Schlaangen mat gëllene Krounen um Kapp a gëllene Reng ëm de Läif hei a kloerem Quellewaasser gebuet hunn...