Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Foulscht

D'Grenz vum Éislek zitt sech vu Rued, Hueschtert iwwer Folscht bis op Veianen. Siedlungsnimm op den Héichte kruten heefeg d’Endsilb ‘Scheid’. Eist Folscheid läit op enger Ligne wou Waasser an zwou ënnerschiddlech Richtungen offléisst an huet Leit vu Norden a Süden ugezunn.‘t hat 1905 z.B. 471 Awunner (- Rammerech 214 an Eschette 35.) An et ware géingt 1810 ganz verschidde Berufer hei vertrueden, z.B. zwee Wiewer, dräi Schouster, en Daachdecker an e Steemetzer, en Nol- en Houf- an e Goldschmatt. E Manuskript vu 1783 “Die Rosskuren des Schmiedes Frantz Petitier aus Folscheid” läit am Musée; hien huet net just Therapie kannt a verroden fir krank Päerd ze heelen, fir d’Mënsche war de gebiertege Loutrenger e “Schankefléckert”! 1947 koum eng Transcriptioun vu sengem Text eraus. (Bal jidder kräftegen Duerfschmatt hat eng grouss Auswiel un Zaangen an huet fréier au besoin Zänn gerappt!)

Folscht, Folschënt oder Volscheid mat V- all dat existéiert, dat lescht an enger Chronik vu 1459. Deemols sinn nom grousse Feier an der Schlassbuerg um Bock d'holze Wiergäng duerch eng stenge Konstruktioun ersat ginn. D’Konten hunn duerno eng "livraison de pierres de taille" vun Ottange an Déifferdeng mentionnéiert, 48 nei Fënsteren an "ardoise de Volscheid"! (Chronik 2, Lascombes) Den Haff Folscheid war 1298 vun Escher Hären un di Useldenger verkaaft ginn fir 40 Pond. Kierch a Por goufen. ufangs vum 14. Joerhonnert ernimmt… a 1635 sinn do 10 Menagen registréiert, (zu Osper am Vergläich 19.) Erausgepicktes nach. Der lokaler Louhmillen hire Piechter huet laut Akt vum 1.7.1724 hirem Bedreiwer, der Grondherrschaft vun Iewerleng, jäerlech 7 Stüber Loyer misse ginn. D’Entwécklung vun der Liederindustrie an de Loumillen si laang parallel verlaf (an de Verkaf vu Lou a geschieltem Eechenholz koum dem Besëtzer an dem Louschläisser zegutt; deen zweete krut normalerweis, dem Jos Helbach no, d’Brennholz.) Kucke mer weider zréck an d'Zäit: ëm 1780 bis '95 konnten 51 % Männer schreiwen a vun de Fraen 6 %, dat heescht vill Leit hu mat Kräizer am Porregëster signéiert – kee Wonner, dass do Folscheidt irgendeemol mat dt steet.

Der Folschter Porkierch hiren Alter ass onkloer (s’ass wahrscheinlech aus der Zäit vum pyrenäesche Fridden, der 1. Deelung vun eisem Land.) Den Tréierer Weibeschof hat hei 1712 nei Säitenaltär konsekréiert. S‘ass 1820 am Hierscht deelweis verbrannt, gouf restauréiert an der "nécessité d'élargir" koum de Rammerecher Entrepreneur Jean Pénical 1828 no. D‘Blëtzaschléi hunn de Kierchtuerm 1840 an '55 net beschiedegt an 1879 konnt d’Chorale sech iwwer en Duxall aus Holz freeën. Uganks den 1890ger huet en op sechs Säile gestäipte Verwëllef den ale Plafong ersat.. (eng Idee vum Staatsarchitekt Knepper.) Hir aktuell Fënstere sinn ähnlech al. Etapeweis koumen d’Vergréisserung vum Tuerm an e stabilen Tabernakel mat Coffrefort (no enger peepstlecher Virschrëft, Devis ëm 2250 Frang.) 1952 gouf eng Klack ëmgegoss, di aner krut e neie Joch zu Saarburg an d'Laude geschouch elektresch. Haut gefalen der Folschter Kierch hiren helle klassesche Miwwel a speziell d’Detailler vum konschtvollen Antependium. Seng Telleren, Glieser, gepliite Roben an d'Féiss ënnerem Dësch si reng skulptéiert a kuckeswäert - grad wéi de Sockel vum Daafstee mat de véier Masken. D’Nokrichs-Uergel huet 1996 en Thunus vu Bütgenbach-Modell ersat.

Zu Folscht oder Foulscht hale Veräiner d'Leit zesummen - nenne mer dovun de Syndicat d'Initiatives mat Hueschtert an Éischt, eng engagéiert Chorale, eng Fanfare, e Fussballclub, Gaard an Heem, d'Bëschflitzer, d’Foulschter Keelegecken an d'Theaterkëpp. (Enätlech vun hinnen haten am Maarteler Grouwe-Fräiliichtspektakel ‘De Schiefer-Poopst vun Uewermaartel‘ matgespillt!) Fir si an all d’Foulschter gëllt dem Jules Renard säi Saz iwwer d'Heemecht (aus der Brochure ‘50 Joer Fanfare‘) "Eist doheem geet souwäit wi d'Promenaden, déi een zufouss ronderëm säin Duerf maache kann!" Net ze vergiessen, den Uert zielt haut zur Gemeng Rammerech, mä kuckt stolz zréck op seng Zäit no 1823 als "Commune indépendante" mat de Sektioune Rammerech, Schwiddelbruch, Hueschtert an ‘Éischt’. (1905 hat dës Gemeng 1283 Awunner.) An - de Foulschter Unikum am Däich, een ausseruerdentleche Geessebirebam mat zwou Zorte Biren a vun ondefinéierbarem Alter, huet eng al Photo veréiwegt.

P.S. Wou Guttland an Éislek sech begéine koumen och Uewer- an Nidderlouthrengen beieneen. De Kierchepatréiner, sankt Lambert, war Maastrichter Beschof an Nidderloutrenger. Eng Baureregel seet "Lamberti kloer - dréchend Fréijoer" a réit deen Dag d'Gromperen ‘rauszehuelen an d'Geleef um Feld ze spreeden! - De Begrëff Scheid housch am keltesche ‘Wald‘ an den nordfranséischen Toponym Folie oder Follet bedeit ‘petit bois a lieu feuillu‘ - wat zu Louhecken a Fieschtere passt! Dem L. Blum seng Publicatioun vun 1908 kléngt no enger ’Folie’! Am Bulletin vun der lëtzebuerger Sociétié des Naturalistes beschreift hien “goldhaltigen Eisenkies aus dem luxemburgischen Devon bei Folscheid“. Hien hat 1889 vum Foulschter Fieschter H. eng Prouf Eisekisel kritt (..aus enger Oder wéi se bei Baachreguléirunge fonnt ginn.) De Schreiwer hat net d‘Ambitioun als 1. am Land Gold fonnt ze hunn, mä gemengt ‘t kéinnt vläicht eng Industrie doraus entstoen! D‘nogewisend Gold am Eisekisel waren 10 gr pro 1000 Kg, also 0,001 %...