Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Folkendeng

Folkendeng huet 27 Awunner a bis Neijoerschdag 2012 zur Gemeng Iermsdref gezielt. De ländleche Fleck op der Landkaart mat 5 Haiser, inklusiv dem stattleche Brucher- a Moserhaff an engem drëtte gréissere Gutt, huet d‘Postzuel 9368. Et hat 1981 just 18 Awunner, an 2001 war hire Chiffer opgedeelt an 12 Männer an 8 Fraen. Um noe Kuelebierg, enger Miergelkopp, goufe kierzlech siwen Zorten Heesprenger observéiert - an um Flouer vum klengen Uert südlech vun der Sauer sinn d'Quelle vun der Keiwelbaach. Säit 2008 ass nobäi en imposante Solarpark installéiert. Déi “SolarWood Folkendange“ genannten S.A. ass dee gréisste Photovoltaikprojet vu Lëtzebuerg. Seng 150 Systemer suivéieren de Stand vun der Sonn a kommen op eng Leeschtung vun insgesamt 2 MWp! Net ze vergiessen, d’Dierfchen hat fréier eng Schoul an 1848 genee 37 Leit, 10 méi wi haut. Als Zuelevergläich: um Verluerekascht waren deemols 38 Leit ugemellt an um Weymeschhaff 42.

Eng Beschreiwung aus den 1970ger bewonnert Folkendeng am Fréijoer am “Blütenschimmer seiner Zwetschgenbäume“. (Carlo Hemmer) D’entleeënd Dierfche krut grad wéi Schlënnermanescht an d’Giewelsmillen 1933 den Uschloss un d‘interkommunal Waasserleitung. Hiweiser op seng Vergaangenheet si relativ rar oder verdeckt vun den „Trümmer des Vergessens...“ (Shakespeare.) ‘Folcoldingen’ gouf am Joer 775 urkundlech ernimmt. Et war fréier eng kleng autonom Seigneurie an enger räicher Landschaft net wäit vum Mëllerdall. Eng eeler Dikrecher Notiz erwähnt e Bild a senger Kapell mat sengem verschwonnene Schlass! En Dokument vum Seigneur Jean de Larochette vun 1347 nennt als Zeien de Brexhewal van Volkendonge (an den archivéierte Fonds Reiffenberg/Reinach). Erhale sinn e Siggel vum Guillaume Reuss (prévôt d’Echternach - aus enger ‘Famille d’hommes de fief‘) an vum Reuss de Folkendingen e Wope mat dräi schwaarze Lilien op sëlwer Fong.. an der Wopegalerie vum Dr. Loutsch. De Contrat de Mariage vun der Odilge oder Ottilie Reuss von Folkendingen (oder Ottilie von Folking) mam Johann Gerlach von Buseck, genannt Münch ass vum 15. September 1491. Ëm ee jonke Folkendenger Ritter dréit eng Soo. Hien hat d’Häerz vun der schéiner Sängerin Griselind aus der Hierengerbuerg eruewert. Mä well en ze stiermesch war, sollt en sech an de Fielsen d’Geneck briechen - een Ongléck dat si vu Verdross net laang iwwerliewe sollt. Dës traureg Heldegeschicht huet de Marc Angel fräi nom Dicks noerzielt an illustréiert.

D‘Folkendenger Kapell ass dem hl. Matteis geweit a steet vis-à-vis vun engem eeleren Haff an U-Form. D’Dierfchen um CR 347 zielt säit 1808 zur Por Steeën. An dëser hir Geschicht erzielt, dass et säit ‘unvordenklichen Zeiten zur Pfarrei Eppeldorf gehörte‘. Si schreift och, dass am 17. Jh. hei eng kleng Adelsherrschaft bestoung, vun där dat haitegt Wiësen Unsen en ‘Überbleibsel‘ ass. Déi al Folkendenger Kapell louch héchstwahrscheinlech am Beréng vum ‘Schlass‘; e Visitatiounsberiicht vun 1738 erwähnt si, wéi ugedeit, als Filial vun Eppelduerf. (Seng Kierchenfabrik sollt s‘um Enn vum Joer 1808 un déi Steeëner ofginn.) Folkendeng hat fréier d‘hl. Adelgundis als Patréinesch. Si war ëm 695/700 als Äbtissin vum Klouschter Maubeuge gestuerwen. Un di al Beschützerin erënnert d‘schéint Altorbild mat der Adelgundis, dat restauréiert gouf an ewell eng Zäitchen an der Kierch vu Steeën ass. D‘Bild weist d’Klouschterfra mat Voile, fürstlechem Gewand, mam Staw zu Féiss an engem Kriibs op der Broscht. Enger Erzielung no war si u Kriibs erkrankt a geheelt ginn. D‘heiteg Kapell gouf um Enn vum 19. Jh. gebaut. Si huet en héije, spatzen Tuerm a banne graffgerëtzte Grafplakken vun hirer Herrschaft.

Am Buch „Sagenumrankte Heimatburgen“ erënnert dem Jean Haan seng lescht Legend un d’Schlass Folkendeng. Se dréit ëm e Buerghär, deen am Alter vu sengem jéingste Fils gutt opgeholl gouf, an d’Gléck dëse begënschtegt huet. Seng zwee Bridder awer sollte fir hiren Ondank vum Himmel gestrooft ginn. Soen sinn de Spiggel vun der Volleksmentalitéit a meeschtens „Rankenwerk um einen Wahrheitskern!“ (J. Haan). Vun de Soen bei de Recycling an dat wat d’Schwäiz "Schüttgut“ nennt.. D’Gestioun vun der sàrl «décharges et carrières» - d’Entreprise Gedeca - exploitéiert hei eng Decharge fir ‘matières inertes’, recycléiert Baumaterial an huet en Dépot fir ‘terres non-contaminées’ - op 37 km vun der Stad.

P.S. Ee Bike-tour vun 38 km féiert vun Dikrech - Brouderbur - Folkendeng - Eppelduerf - Befort - Haler - Waldbëlleg a Miedernach – zréck op den Ausgangspunkt (..mat 210 m Dénivellatioun.) Ob do vläicht een sech ënnerwee beim Stroosseschëld Folkendingen un d’Wilhelm-Busch-Zeil erënnert „Auch das kleinste Ding hat seine Wurzel in der Unendlichkeit, ist also nicht völlig zu ergründen”.. A beim Besuch vum Déieremoler Christophe Poissonnier sengem Atelier um Moserhaff schwieft de Leonardo-da-Vinci-Saz an der Loft, dass „Molerei stomm Poesie ass“.