Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fluesweiler

Zu Fluesweiler ass ugangs Oktober Kiermes… D’Duerf hat 1848 genee 430 Awunner a kënnt haut op 489. Am 19. Jorhonnert gouf bei Fouillen ënner den héijen Erdmassen vum Hiwwel ’Tonn’ eng aachteckeg Grafkummer fonnt aus Sandsteen - um CR 122, an Direktioun Dräibuer. E laange Couloir huet den Zougank zum Tumulus erlaabt. Deen interessanten archeologesche Site krut ee Stär op ’www.strassen-der-roemer.eu ’. En ass haut mat Beem a Getraisch bewuess. D’Réimer wollten imposant Griewer, siichtbar laanscht Stroosse mat Passage.

Fluesweiler ( Flaxweiler) bitt eng excellent Liewensqualitéit. D’Awunnerzuel vun der Gemeng ass no dem Bau vun der Autobunn a leschter Zäit rapid gewuess. Statistesch Zuelen ernimmen 2002 och 872 Autoen an 289 Trakteren. Flachs", ‘lin’, Flues ass säit der Bronzezäit bekannt a gouf fréier heirëmmer kultivéiert. D’Fluesfasere aus de Planzestiller ware nieft Woll laang d’eenzegt Material fir Kleeder a qualitativ gutt Bett- a Kierperwäsch. Fir hiren Ubau goufen di bescht Felder mat Suergfalt gefleegt; se hu missen sou dicht ugeséit ginn, dass un engem ugefiichten Daum mindestens siwe Somkären hänke bloufen… Aus dem Offall vun de Faseren entstounge duerno Gromperesäck. Den Adjektiv ‘fluesseg’ bedeit natierlech ‘flachsähnlech’, seideg, blond Hoer.

1739 gouf de "Flachsweyller Kirchbau" an engem Iechternacher Rechnungsbuch ernimmt; den Abteibaumeeschter Mungenast war säin Erbauer... an d’Abtei hat hei Patronats- an Zehntrecht säit dem Héichmëttelalter. D’Kierch ass Cosmas an Damian geweit. Hir klassizistesch inspiréiert Fassade mam apaarten Tuerm ass vun 1843. D’Ronnboufënschtere vun 1895 goufe kierzlech renovéiert fir 36.500 € ; D’monumental 400 järeg Pietà aus dem 16. Jh. koum aus der ‘Breechkaul’ an d’Kierch. Mat där ufangs fir Betzder bestëmmten Uergel besetzt Fluesweiler haut eng renovéiert mä bal original Müller-Uergel vun 1902. Ganz nei ass do säit Chrëschtdag 2011 eng grouss Abraham-Plastik, e Wierk vun der Schwëster St. Joseph Nols. Si ass aus dem 400 järegen Eeche-Stamm, deen 1999 hei nobäi Affer vum Stuerm gi war. E Weekräiz an enger Hausfassade erënnert un eng fréier Kapell, am Laf vun der Zäit stoungen där op d’mannst 6 hei laanscht d‘Stroossen. Aus konservatoresche Grënn gouf e wäertvollt Weekräiz vun 1821, dat bis vru kuerzem op dem Kierfecht stoung, an d‘Agangshal vun der Kierch plazéiert.

D’Duerf ass zur Sir hin orientéiert a läit ëstlech um Fouss vum ‘Widdebierg’, dee fréier, d.h. zanter der Epoche vun de Kelten eng wichteg Roll an der regionaler Economie hat. Nieft dem Kiem Metz–Duelem-Tréier louch hei den ewell genannte gréisste Grafhiwwel aus der Ëmgéigend (mat 30 m Diameter an 8 M Héicht), ‘Tonn’ genannt. Seng aachteckeg Grafkummer mat 4,50 M Diameter hat zu enger Villenanlag gehéiert; eng ähnlech al a monumental ass um noe Gréiwemaacherbierg. Zum Duerf Fluesweiler zielt och de ‘Buchholtzer Haff’, deem e mol Meesebuerger an Zolwer Häre gehéiert hat - an souguer 1848 mat 43 Awunner registréiert war. Lokal heescht d’Libell hei ‘Geck om Bengel'... eng vu villen treffenden alen Ëmschreiwunge wéi och „d'Kluck kuckelt d'Schippelcher“. Un béid erënnert dem René Engelmann säi Wierderbuch um Internet!

PS. ...Den 10. Mee 1940 war am Wort e seltenen Ubléck beschriwwen... do sinn 4 Storchen um Bann Buchholz ‚gravitätisch’ spadséiert an hunn an de Wisen no Fräschen, Schlécken a Wierm gesicht. Géingt den Owend vun deem 10. Mee ass ganz Lëtzebuerg ‘besat’ gewiescht ...besat war e simpelt Wuert am Sënn vun ‘et stoung ënner däitscher Militärverwaltung!’ Eppes aneres nach : Am US-Staat Montana läit ee ‘Flaxville’, eng kleng Uertschaft mat ronn 87 Awunner.