Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fëschbech (Mersch)

D’Fëschber Gemeng am Kanton Miersch hat 2006 grad emol 739 Awunner vun deenen d’Duerf Fëschbech där eleng 174 opweises hat. Haut liewen do 271 Leit - a vun deene schafft de gréissten Deel baussent der Gemeng. Méi wi 50% vum Gemengenterrain ass Bësch; ‘t falen hei 6 Weieren op an een excellent Drénkwaasser. Mä dat wichtegst ass den imposanten u-fërmegen Häresëtz aus dem 18. Jh. mat de giele Maueren a wäisse Klapplueden.. d‘Fëschber Schlass! Et läit am Hang iwwer dem Dall vun der wäisser Iernz, 8 km vu Miersch.

D’Seigneurie vu Fëschbech goung op Iechternacher Abtei-Gidder zréck. Se bestoung zenter dem 9. Jh.; 1050 hat en Udo de Fischbach zum lëtzebuerger Uradel gezielt, 1122 en Theodoricus a kuerz drop e ‘Viricus de Visbach‘. Eng laang Lëscht nennt hei 41 Seigneuren. Hire ‘Manoir’ war 1635 verbrannt… a no 3 Joer stoung dann de neie Mëtteltrakt vum heitege Schlass. 1685 gouf no sengem Erbauer, dem Grof Schwarzenberg, de Jacques-Ignace de Cassal de Bomal säi neie Besetzer. Ee Nokommen vun him huet 1768 an der Lëntgener Strooss en Héichuewen opgeriicht an 1780 Säitefliggelen un d’Schlass ugebaut. - 4 Generatioune vu ‘maîtres de forges’ hunn d’Fëschber Schmelz geféiert: d’Hären de Cassal an Collart! Den Dummeldenger Schmelzhär Charles Joseph Collart hat 1803 de ganzen Domaine kaaft, d.h. d’Schlass, d’Schmëdd, d’Pabeiersfabreck an och d’Dependancen (de Bauerenhaff an d’Schlass) vu Kéideng. ‘t gouf dann Réieisen vun Dummeldeng hei verschafft. No sengem Doud, 1812, an deem vu sengem Ierwen Hubert 10 Joer drop, huet en anere Collart’s-Fils en 2. Héichuewen un d’Wäiss Iernz baue gelooss an den éischte gouf demontéiert. 1836 goung de Besëtz un de fréiere Schmelzdirekter Garnier; D’Sidérurgie huet weider ronn 20 Joer gutt funktionéiert, well Fëschbech hat 1851 ëmmerhinn 1096 Awunner!

Den haut groussherzogleche Schlass-Domaine hat Guillaume II. 1846 kaaft an d’industiell Gebäier ronderëm sollte geschwë verschwannen... 670 ha Gréngewald hunn dem Pierre Even no dann 1848 seng Propriétéit beräichert. No Wëllem III. - dee keng männlech Nokommen hat - huet de spéidere Grand-Duc Adolph d‘Schlass 1891 kaaft ( ...wat eng Conventioun tëscht deenen zwee (1884) viirgesinn hat.) D’Nofolleg hat e Familljepakt geregelt; no Oranie-Nassau sollt d‘Ligne Nassau-Weilburg regéieren… um Lëtzebuerger Troun war dunn der Grande-Duchesse Charlotte hire Grousspapp! (Am 2. Weltkrich stoung et net eidel - 't koum e ’Künstlerheim’ an den herrschaftleche Bau.) D'Schlass gouf 1964 fir de Prënz Felix an d’Groussherzogin Charlotte e Refuge no hirer Ofdankung. Hei hat si Freed un hire Rousen a krut Besuch vun den Enkelen- an Urenkelen. Op Gehaansdag gratuléieren elo d’Fëschber Leit, d’Veräiner a Gemengenautoritéiten dem Grand-Duc Jean fir säin Dag.

2005 hat Fëschbech 200 Joer Por gefeiert. ‘t war fréier Deel vun der Urpor Miersch. Seng Kierch vun 1851 mat hirem neogotesche Mobilier ass e ‘Kleinod’ mat iwwerduerchschnëttlech kënschtlereschem Wäert. Hir neigotesch Entrée, den Tuerm mat Plattform a Balustrade an de Giewel bidde vu wäitem en eleganten Ubléck. Hir Thunus-Uergel huet 1632 Päifen. Hire Patréiner ass St.Georges, de Schutzpatroun vun de Kräizritter. Al Dokumenter ernimmen 1220 e ‘croisé’ Jean de Fischbach an eng Bannmillen. Vill Lokalgeschichtleches verzielen d’’Fëschber Familiechronik’ (an 2 Bänn) an ‘online‘ d’Fëschber Gemengeblat. Charakteristesch am Gemengewope si natierlech zwee Fësch an eng Kroun.

P.S. Dem Frantz Clément seng Vue vu Fëschbech weist d’al Kierch mat Daachreider an d’Gebäilechkeete ronderëm ëm d'Joer 1834 - eng Doze Joer ir Wëllem II. se kaaft hat. Rezent ass de Kommentär “Fischbach bénéficie d’un privilège particulier: les souverains et les sentiments dynastiques y sont tout naturellement plus concrets et plus conscients qu’ailleurs...” Zum Haff-Domaine Fëschbech gehéiert och d’sougenannte ‘Waasserschlass’ um Wee an Direktioun Blaschette. Den Duerfnumm bezitt sech wahrscheinlech op d’Wisebaach’.