Fënneng
700 m südwestlech vu Fënneng goufen 1859 beim Bau vun der Eisebunnsligne Beetebuerg-Esch Reschter vun enger réimescher Villa fonnt. Kucke mer op der Landkaart, gesi mer parallel zur Bunn d’Uelzecht. Hei ass normalerweis um leschte Sonndeg am Januar Kiermes an traditionell suergt den Hämmelsmarsch da fir Atmosphär an ass bei de Musikveräiner en passant... eng wichteg Spende-Quell. Vläicht setzen da nach wéi fréier a munche Stuwwen wéi de Michel-Lentz-Text schreift …d'Leit um Dësch mat Kiermesgescht, a jiddereen, deen deet sei meescht, sei bescht…’ (An 'd'Gemitlechkeet, déi schenkt en d'Glieser aan, An d'Lëschtegkeet, déi blénkt aus allen Aan.'
D’Fënnenger Duerf-Kapell bidd ronn 30 Leit Plaz… an op Kiermessonndeg séngt hei um 9 Auer d’Chorale Hunchereng-Fënneng-Näerzeng eng feierlech Mass. Duerno kréien d’Sänger en Apéritif am Haus Wildgen, dem Haus vun hirem fréiere President. Fënneng (Fennange) an der Gemeng Beetebuerg zielt 322 Leit. 1900 war d’Awunnerzuel 115 an 1537 stoungen hei 12 Haiser. D’rue ‘des Alouettes’ gouf et deemools nach net. Mä vläicht awer de Sproch ‘Fënnénger Féischten maën’ (wat heescht een ‘unsanft, grob anfahren‘!) Fënn ass eng Ofkierzung vu Vënz, Vinzenz; mä den Duerfnumm huet éischter mam keltesche Wuert ‘Wen’ d.h. Schlamm ze dinn! D’Duerf war am 12. Jorhonnert Vinninga, 1495 Vynningen a 1570 Fyndingen agedroen. Hei haten d’Herrschaft Zolwer an La Grange - déi ’von Scheuren’ - zäitweileg d ‘Soen iwwer Bauere mat knapps engem Hektar Land an iwwer Doléinerfamilljen. Well nobäi e Kiem vum Tëtelbierg op Duelem passéiert... goufe nieft Grondmauere vun enger Réimer-Villa och réimesch Mënze fond... vu virun 337 mam Konstantin I. a senger Mamm, der Keeserin Helena. Kee Wonner, dass den Ausonius hei kënneg war a nieft der Musel och d’Alusontia’ ernimmt, eis Uelzecht, di sech ‘schweigsam durch das reiche Tal schlängelt’ an ’fruchtbeladene Ufer streift’! Fënneng war laang Deel vun der Landmeierei Beetebuerg, an d’Leit gounge meeschtens duer an d’Kierch. Vun hirer Kapell war 1714 eng Klack ernimmt an e gudden Zoustand, eppes iwwer 20 Joer drop een desolaten an duerno d’Renovéierung vum Kiercheschëff. D’Por war 1787 mat 56 Awunner di klengst am Land, a koum 1803 offiziell bei d’Näerzenger. Et ass kaum opregendes hei geschitt, mä am November 1936 stoung d’meditativ Kultplaz mat hirem schéine Mobilier, der barocker Pietà, dem Blasius an hirem Patréiner Lambertus (vum Greef) am Mëttelpunkt vun der Opmierksamkeet. Kuerz gesot, d’Duerf-Kapell mam neien Daach an dem Daachreider a Funktioun vum Kierchtuerm ass op d’ Lëscht vun de nationale Monumenter komm! Dee Moment sollten Staat a d’Gemeng zesumme fir den Ënnerhalt suergen. Ob hiren 61,8 cm héijen, 41 cm breeden, an 24 cm décke Véiergëttersteen Verdéngschter dorun hat? E war laang am Sockel vum Haaptaltor agemauert. Dee gutt erhalenen Original am Stader Musée beweist jiddefalls der Kapell hiren héijen Alter, grad wéi d’antik Konsoll mat ‘Fratzen’... an integréiert réimesch Daachzillen oder d’Buedemheizungsplakken. D’Kapell mam flaachen Holzplafong huet hir jetzeg schlicht mä kompakt Gestalt zënter 1968/69. Si an hire ganzen Intérieur, d’ Haaptentrée, den Triumphbou, d’Nische riets am Schëff an de Bénitier sinn wéi den Hämmelsmarsch e Stéck Kultur! An dës hat de Kulturminister Robert Krieps sengerzäit eng ‘Dimension de la Vie’ genannt.
P.S. Ob den originale Fënnenger ‘Véiergöttersteen’ oder „Götzenaltor“ am Musée ewell allerlee ‘Kommentairen’ ze héiere krut?… Wichteg ze soen: A bal jiddwer Mauer vun der Kapell fanne sech gebrauchten Haasteng aus dem Other Muschelkallek, deen d’Réimer sou geschat hunn. Zu Oth (Audun-le-Tiche) weise Vestige vun engem imposanten Aqueduc op eng ‚présence humaine’ hinn... ee Sujet vu villen, déi d’hei gebueren Sculptrice Maggy Stein (+1999) sécherlech begeeschtert hunn... Eng schéin Skulptur, op antik oder modern, gewënnt d'Häerzer fir sech; 'Dat einfach Schéint soll de Kenner schätzen'' sot emol de Goethe.