Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iewerleng

Iewerleng huet eng ganz al Waasserbuerg, en Duerfkär mat stattleche Bauerenhäff a nei Versuchsfelder vum Lycée Technique Agricole. Wat do wiisst war schonn emol Thema vun engem Workshop - beispillsweis iwwer Feld-Friichten, Eewäiss-Planzefudder oder de Stickstoffdünger. Zu engem typesche Bauerenduerf zielen och Bio Eeër… an munnechmol wéi hei eng Schéifferei. Fréier war hei och eng Molkerei, de Mémorial nennt 1938 als Minimum Präis vu Molkereibotter hei a ronderëm 11,25 Frang d’Pond.

Gläich hanner Iewerleng ernimmt eisen Dictionär vu 1955 Iewe(r)- oder Hiewerlengesche Kéis… Hei an der zweetgréisster Sektioun vun der Gemeng Useldeng wunne 426 Leit. De lokale Museksveräin ass elo 85 Joer al; de Gesank besteet méi laang, hat awer virun November 1960 keng Statuten. D ‘heiteg Kierch mam Datum 1769 krut 95 Joer duerno hir Kräizform an Plaz fir de Säitenaltor aus der Schlasskapell. Dëse war e Merci vun den Ierwe vum leschte Schlasshär. An dee war Colonel an der Festung iwwer e Regiment vu 4000 Zaldoten, gouf da Gouverneur vum Duché… an ass 1609 geadelt ginn… Hien, de Sebastian von Baur vu Kitzingen, Här vun Esch, Branebuerg an Iewerleng, hat ee Joer virdrun eng nei Marie-Statue gespent, no där Aler hirem mysteriéise Verschwannen... a sech mam Här Wiltheim engagéiert fir d’Aféiere vun der Oktav. E gouf 1632 no hellegméissegem Dout an d’Franziskanerkierch begruewen! Säin Urenkel (+ 1733) rouht an der Duerf-Kierch.

D’al Kierchendier huet handgematen Neel, d’Liespult mat de 4 Evangelisten ass Deel vum Priedegtstull vum Skulpteur Michel Weiler. Als Haaptaltor ass hei säit 1988 den ale rietse Säitenaltor aus der Méchelskierch. D’scho genannte Säitekapell mam schwaarze Marber-Graf-Altor huet nieft dem Altorbild mam Sebastien all Säit 4 Wopeschëlder mat Grofekrounen, di un d’Familljegeschicht erënneren. D’fréier Kierch koum 893 un d’Tréirer Abtei St. Maximin a stoung iwwregens 1140 als 1. vun 21 Kierchen op hirer Lëscht..

Soe mer, a propos Duerfgeschicht… dass ‘t laang Besetz vun der Useldenger Ritterfamill war; déi 1341 ernimmt ginn ass bei enger Deelung… Deemools gouf hei bei de ‘Maximinhaff’ eng Waasserbuerg gebaut an d’Schammicht-Baach rondrëm geleet. Dee befestegten Häresetz mat Réckfront zur Strooss hat kaum militäresch Bedeitung. E koum spéider mam Haffbetrib duerch Mariagen u verschidden Hären. 1724 goufen seng Waassergrief zougeschott an d’Zuchbréck ewechgeholl fir e landwiertschaftlech ze notzen. Een Detail nach: Mat hirer Flucht virun de Fransousen hat d’lescht Iewerlenger Ierwin, d’Madame de Raigecour, 1794 hiert Schicksal besigelt an alles verluer; d’Schlass koum geschwënn drop a Privathänn. Säi Wope blouf natierlech iwwer der Dir, ‘t gouf vru kuerzem Monument classé als ‚Château-ferme‘... mä et lieft kee méi dran. Am ugebauten Haus an och an deem vum Schlassverwalter wunnen a schaffen zwou Famillen. - Iewerleng ass Por mat Schandel am Porverband Useldeng/Biekerech. Hir Patréiner sinn Maximin, Agatha a Margaretha…a Kiermes ass do sonndes virun de Päischten. E leschten Detail: 1895 goufen zu Lëtzebuerg 2 Walker-Hausuergelen  vu Privatpersoune kaaft, eng dovu koum op Iewerleng, di aner bei de Kaploun vu Mierscheed.

P:S: Dem Héil aus dem Schlass Iewerleng seng Spärvirichtung huet d’Form vun engem stiliséierten Fësang a reng ziseléiert Blummemotiver um Blat. Um horizontalen Aarm stinn Datum an d’Nimm vum Hiersteller a Besëtzer : Anno 1806 M. Welter ex Uselding fecit / Charl Raigecourt d'Everlange. Dësen Héil ass di lescht Pièce vum Schlass-Mobilier. De Réidener Notaire Félix Bian, deen zäitweilege Schlassverwalter, hat dem Staatsmusée dat schéint Stéck ginn. Deen Héil dierft drop hiweisen, dass d’Raigecourt–Famill 1806 nees am Besëtz vum Schlass war...