Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eeselbur

Agebett an e Stéck ofwieslungsräich Natur stinn ronderëm Eeselbur Beem, déi de Numerus clausus erfëlle fir stodéiert ze ginn. Do kennt nach een den aanren an d’Haiser hunn en Hausnumm. Eeselbur hat 2001 grad wi Esch/Sauer 316 Awunner… Béid sinn attraktiv; dat eent duerch seng extra Lag, d’Geschicht an d’no Staumauer - dat anert säit 1992 duerch e gefleegte, viru Wëllschwäin geschützte Golfterrain um Mecherwee. Dëse bidd Kenner no mat der Botteschbaach op enger Längt vun 6129 m eng “Masterplaz” mat eemoleger Vue op d’Éisleker Koppen… an do héiert een gelegentlech de Saz, dass ‘Golf tëschend den Ouere gespillt gëtt‘. - Heed a Bëscher bidden der Hunnegbei hei eng ideal Liewesgrondlag. A réimeschen Zäite gouf an den Ardennen Landwirtschaft bedriwwen a Beienzuucht war deemols de Kleng-Bauere vertraut. (Dem Vergil no “spigelt d’mënschlech Rechtsuerdnung sech am Beiestaat erëm..”) Beie sécheren ë. a. de Fortbestand vu gesondem Mëschwald. Den 1884 gegrënnte "Cliärrwer Beieverein" huet seng zentral Ausbildungsplaz zu Eeselbur! Di ronn 90 Beienziichterinnen an -Ziichter aus dem Kanton parrainéiere beim lokale Beiestand nei ‘Imker’. A well „Beie Bloume brauchen“ entstoung fir si de Projet Bloumewisen.

Trëppelen hei Spazéiergänger iwwer d’Héichten, schimmeren hinnen d’wäiss Haiser vu Eeselbur entgéingt. Zwësche Bëschparzellen liicht e bësse méi südlech deen dem „tour de l’eau bénite“ vu Cluny nogebaute rouden Tuerm vun der Clierfer Abtei. Zu Eeselbur fënnt een den Huefknapp op 506 m Héicht, d’Reichelbaach an d’Quell “Diedelbour”, déi ni dreeche gett; fréier koumen ‘d’Lekt mat Peërd heihinn drannken’. Säin exposéierte Karewee laanscht d’Abtei op Clierf valoriséieren 131 Bichë vun iwwer 26 m Héicht an enger Rei. Si sinn um Duerfplang (op Luxalbum.lu) als greng Punkten agedroen. An an der kaler Saison mécht Rauhräif si zum Sujet fir Photographen… a fir Poeten optesch ‘zur Mozartmusik des Winters’ (Karl Foerster). No beienee geplanzt erfëlle se bal d’Roll vun “brise-vent”-Hecken, den eemolege grénge Maueren an der Nordeifel…(Dem Sproochmates A. Atten senger flotter Wuertlandkaart no heescht eng Heck hei ‘Hooch.’)

Eeselbur situéiere Prospekter ‘à deux pas de la ville de Clervaux sur un site paisible au coeur de la nature’. Et daucht 1707 éischtmols op am Porarchiv vun Aasselbur. Hei war d’Endung buer (Born) Traditioun (als Hiwäis op Quellen)! ’t hat dunn e Kaploun, sechs vu sengen zéng gréiss’re Baurenhieff “op der Knoup” hunn zu Aasselbur gezielt, di aner mat der Kapell zu Dienjen, wou och d’Griewer waren. Ee Clierfer Akt huet 1396 de Numm Enswilre dokumentéiert an Dienjen huet dee gebraucht –bis 1759 “Ensweiler dit Eselborn” notéiert gouf. Den ‘Duarefnam’ kënnt also vun Enselborn oder Ensweiler, vermuttlech inspiréiert vu Quell oder Heem vum Ensilo. - Am 16. Jh. war d’Duerfkapell ugeschloss un eng ‘Zerf’ Brudderschaft; de Servatius ass ee vun den Äishellegen an éischte Patréiner hei (deen hellëfe sollt kriddelech Saachen zou engem gudden Enn ze brengen.) Dem zweeten, dem Gangolf, gouf ëmmer den «Albinnes» virgezunn wéins senger Heelkraaft. D’Duerf huet bis d’Franséisch Revolutioun zur Herrschaft Clierf an der Diözes Léck gezielt. ‘t koum theoretesch 1803 mat Reiler an d’nei Por Clierf, a praktesch e puer Joer duerno. D’Duerfleit kruten am Wanter om Wee an d’Mass mol Problemer mat Glatäis, mol mat Héichwaasser vun der sougenannter «Clerfer Woltz».

D’Kapell vun Iesel- oder Äselburren (Engelmann) war fréier ganz kleng. D’Brochure vum Pater Thiel (vun 1940) ernimmt hir Erweiderung vun 1858. (Kuerz virdrun erwähnt eng kaum bekannt Notiz extrem bescheide Verhältnesser an eng Kapelleruin, déi de jonke Kaploun Alexander-Joseph Wahl zu enger ‘Heescherees’ duerch d’Land motivéiere sollt fir hir Rekonstuktioun ze finanzéiren!) Den haitege Chouer an den Tuerm koume gutt 20 Joer no. Wéi seng kleng Klack 1901 erofgefall war hunn zwou neier s‘ersat. D’1892 gegrënnte Chorale huet den Här Spoden geleed. No 1913 war hei kee Kaploun méi, mä Déngschter vun engem Pater aus der Abtei. Op d’Erneire vum Plafond weist 1921 e Subsid hi vun 200 Fr. De Bau huet nach zwou figurativ Glasfënstere vun 1900 am Chouer a soss néng neier vum Zanter aus de 1950ger. Wéi eng vun de Messing-Statiounen an Hallefrelief mam Eeche Kader verschwonne war, gouf se stilgetrei ersat. De gotesche Säitenaltär hiren ieweschten Deel hängt haut un der Wand, virum originalen Haaptaltor steet e mobile Modell aus Holz. Spotten am Chouer a Pendelluchten suergen fir eng optimal Atmosphär - egal ob dobaussen d’Beem bléien oder hiert Laf am Hierscht senger Flicht nokënnt en Teppech ze ginn! (a.d. „Kierchtuermscauserien‘)

P.S. Déi diskret an d’Neiamenagéirung vum Kierfech abezunne Privatkapell mat de schéine Bläiglasfënstren hat eng Gënnerin mam Terrain vum Kiirfech an ënner aanrem Massgewänner an enger Monstranz 1903 gestëft. D’aachteckeg Faber-Kapell huet d’Leit allerdéngs wéineg ugezunn.. a Pressessioune gounge laanscht. Den Temoignage vum Kolonel Melchers erwähnt am ‘Duercherneen a Krichsmisär‘ d‘Nuet vum 18. op den 19. Dezember 1944: do sinn nieft dem ‚mitternächtlichte Panzergefecht‘ bei Heesdref en Opklärungsdetachement iwwer Eeselbuer, Dienjen a Lellgen virgestouss an e Panzerregiment op der Haaptstrooss. E beschreift och d‘‘Mäanderreich‘ Aschnëtt am 12 km laangen onbewunnten Dall vun der Kirel vun Eeselbur bis Mierkels, paralell zur Clerve. D’Promenade vum Weekräiz laanscht de ‘Golf’ an den Dall laanscht d‘Eselbaach oder (Uertsnimm-Trouvaillë vum Professer J. Meyers vun 1519 no) “Yselzbach“ iwwer Mecher an zréck ass 11 km laang an net allze schwiereg.