Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eeschwëller/Wolz

Tëscht bëschbedeckten Héichflächen an Däller mat Waasserleef wéi Kirel an Himmelbaach läit Eeschwëller. D’Wuerzele vu sengem Numm baséieren op Villa oder Villare, an d’Réimerzäit, wéi de Flouer dacks ee Propriétär hat an d‘Dierfer sech kaum vergréissert hunn. (Ob en och e Rapport mat Eschen huet, de Beem, déi ongenotzte Flächen anhuelen? Dëst gëtt vermutt bei mëttelhéichdäitschen Dierfer déi mat Esch- ufänken.) Spéider hunn s’évoluéiert – an den online-Dictionnär vum Engelmann zitéiert e lokalt Kannerlidd: Do gouf nämlech beim Kréselspill gesongen: “Schnur, schnar, mäin Däppchen, Wibbeldewäppchen, 't as keen am ganze Lann (!), deen esou gutt danze kann...” (bei Land gouf de leschte Buchstaf verschléckt wéins dem Reim..) Nach intressant:1981 nennt d’Eeschwëller Gemengestatistik 367 Awunner an am Juli 2013 dann 905! Dëse Chiffer kënnt un dee vun 1851 mat 907 Leit erun; mä war 1903 op 302 gefall, an ënner deene waren e Mëller, e Schmatt, e Schouster, e Woner, zwee Wiewer, dräi Schneideren an dräi Néiëschen… a wahrscheinlech vill ‘Jappmännercher’, soss hätten di Eeschwëller dësen typesch-lokalen Ausdrock fir de ‘Panejeër’ oder Pane-wippchen net erfonnt!

Eeschwëller zielt Enn Juli (2013) 298 Awunner; als Por geet et zréck an d'zweet Phase vun Ardenner Porerhiewungen aus dem 10. Joerhonnert. Se huet als eenzeg am Land den hl. Maurice zum Patréiner. Hie gouf als réimeschen Offizéier an der Schwäiz op där Plaz ëmbruet, wou haut de Kär vu St. Moritz ass. (A Frankräich droën iwwregens 62 Gemenge säi Numm!) Vun de Kierche vum Porverband Kiischpelt ass di Eeschwëller och di eenzeg am komplett neogotesche Stil. Hir Pläng ware vum Architekt Prosper Biwer vun Dikrech; se steet vun 1870 un an ass am Joer 2000 restauréiert ginn. Hire spatzen Tuerm huet en apaarten Daach op spatze Giewelen. De liturgesche Mobilier staamt aus hirer Virgängerin, aus dem Joer 1730 - an ass a purem Scholtus–Stil. E Säitenaltor weist d'Consolatrix, den Evangelist Markus an de Popst Urbain, deen aanren Fides, Spes a Caritas, di dräi Elwener Joffren, der Legend no Diechter vun der hl. Sophie. Allgemeng gesi ginn dës ëm 280järeg Statuen Hiweiser op e fréiert Schéinheetsidéal. Dat mecht och di faarweg ‘Mater Dolorosa’ aus Äeppelholz, mam jugendleche Gesiicht.Hir siwe Schwerter schinge relativ nei; de Jousef II. hat déi original sengerzäit erwächhuele gelooss… schreift de Josef Hirsch a sengem Pietà Repertoire.

Den Haaptaltor presentéiert den hl. Maurice an den Albinus. Den net polychroméierte Priedegtstull verziere Evangelistere Relieffer. De niddrege neien Altor aus Elementer vun der aler Kommiounsbänk ass d‘Wierk vum J. Peters, engem Skulpteur vun der Lameschmillen. De Kierchen-Interieur dominéiren d'80 Joer al Wandmolereien vum Jean Neumanns vu Befort. An hiren vum Nik Brucher influencéierten Art Nouveau Zeenen verschmelzt d‘Konscht mam Liewen. Di zwee Chouerbiller sinn original. Di aner waren deels iwwermoolt ginn an deels restauréiert vum Atelier Kremer vun Housen. D'konschtvoll Glasfenstren vum Nina a Julien Lefèvre si vun 1946. Dat besonnescht un hinnen: s'erënnren d'Eeschwëller fir éiweg un de George Othmar Mergenthaler, en Amerikaneschen Zaldot aus der 28.ter Infantry Divisioun - deen den 18.12.1944 an hirem Duerf säi Liewe gelooss hat. D’Fënstre sinn zum Deel der Generositéit vu senger Famill ze verdanken; Se stellen ënner aanrem den hellege Georges, mam Gesiicht vum G.O. Mergenthaler duer, d‘séileg Alixia, den hl. Mauritius an de séilegen Hermann Joseph. Nieft den handwierkleche Schätz falen dem Kiercheschëff säi gutterhalene Buedembelag aus Schiefferplacken op, d'elegant geschnëtzte d'Sakristeidieren an als Kontrast relativ modern Still. – De 26. September 2004 hat Mgr. Franck d’nei Eisenbarth Uergel ageweit, zur Freed vum dunn ronn 80jäerege Gesankveräin.

D’Duerfleit estiméieren hire Wopen, deen un d'Herrschaft vu Wolz erënnert, där Eeschwëller fréier gehéiert hat. Den Hond um roude Feld uewe staamt vun der Famille d’Eschweiler, déi Vasallen, d.h. “Gefolgsmänner” vun de Wolzer waren. Eng aner bedeitend Uertschaft am Emkrees war Stavelot, zu hirem Dekanat hat d’Duerf laang gehéiert. - Dat aalt restauréiert Paschtoueschhaus ass haut ëmgedeeft a ‘FOYER ESCHWEILER-HAUS EDITH STEIN’. Hei fannen aacht monoparental Familjen eng Porte Ouverte a ginn gutt encadréiert. Se léieren an der gesonder Éisleker Loft op ronn 430 m Héicht autonom ze ginn. Am Schoulgebäi mam léiwen Numm ‘Schoulkauz’ (zu Wëlwerwoltz) léieren d’Eeschwëller Kanner an déi vu ronderëm “dat, vun deem se nët emol woussten, dass s‘et net woussten.” (Ralph Waldo Emerson -1803-82)

P.S.: D’Eeschwëller Erënnerungsplack fir den G. O. Mergenthaler dréit den Text “This only son died that others' sons might live in love and peace.'' (Hie war 1921 zu RYE gebuer a no sengem Grousspapp Otmar, dem Erfinder vun der Linotype machine (1886) benannt ginn.) An um “The Rye World War II Veterans Website” soen Zeile vum Ronald Reagan “For several weeks, George was stationed in the village of Eschweiler, in World War II. He had a winning personality, and before long, the good people of Eschweiler took him into their homes and hearts.” - An enger vun eise sechs Gemenge mat knapps dausend Awunner gëllt, grad wéi an deene groussen de Saz ‘fir der jonker Generatioun op eng onkomplizéiert Manéier Kultur nozebréngen… hëlleft et dës an e geschichtleche Background anzebannen’. Déi wichtegst Institutioun vun der Gesellschaft nieft der Famill nennt de Bill Gates d’Schoul, well si ass d’Plaz, ‘op där een di éischt Schrëtt an eng erfollegräich Zukunft mecht’.. denkt de räichste Mann vun der Welt!