Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eeschweller

Den 3. Sonndeg am Oktober steet d’Eeschweiler Kiermes wuel um Kalenner, mä ‘t heescht haut léich dat gesellschaftlecht Liewen do praktesch ‘brooch’. Om Facebook kritt allerdéngs een Eeschweiler Produit en décke Luef… senger Privatmolkerei hire Kachkéis mat Kraider ass bal net ze toppen... heescht et do! Mä beim Kiermesmenu däerft deen haut am Frigo bleiwen. Soe mer nach, dass aus Ascvilare, Escuuilre (1161) an Aschwilra irgendeemool Eschwilre gouf..“ Asc soll emol ‘aufsteigend’ bedeiten, wéi ascendo, an warscheinlech fir Uert um Bierg oder am Hank stoen oder e Rapport hunn mam aalhéichdäitschen ‘Esche', also Siidlung „bei den Eschen” !

Wann ‘t och allgemeng ‘Eeschweller’ oder -weiler heescht, gëtt lokal dacks d’Ofkierzung "Eeschler" gebraucht! Dëst läit an der Gemeng Jonglënschter …hat 2005 genee 111 Leit an haut 126. ‘t entstoung ëm d’ 6. Jorhonnert zur Zäit vun der fränkescher Invasioun a war éischtmools 828 registréiert als karolingesche Kroundomäne. Eschweiler ass en heefegen Duerf-numm; dat bei Oochen soll op d’Kelten zeréckgoen… an dat am Louthrenger Pays de Bitche ‘Eschviller’ op Vilar fir ‘hameau’. ‘t stinn hei verschidde gutt restauréiert Hief. Ee Fils vum Duerf, de 1979 zu Jonglënster verstuerwene Professer Emile Donckel hat net just Kierchegeschichtleches erausginn, mä och “Luxemburger Ortsneckereien” an ‘Ons Hémecht’ (1926.)

Wéi vrun gutt 150 Joer d’nei Kierch bal fäerdeg war goufen Devis’ë studéiert an fir den Haaptaltor 1500 Frang, fir 12 Still 480 Frang an de Priedegtstull 550 Frang virgesinn. ‘t gouf dann 1860 eng selbstänneg Por… mä haut zielt d’Duerf zum Porverband Jonglënster. Kierchepatronage huet nom Niklos haut d’hl. Anna. Léiffrawëschdag goufen hei ëmmer extra schéi ‘Krautwëscher’ mat frësche Kraider a Friichten aus Gaart a Gewaan geseent; den hallwen August ass hei nämlech kleng Kiermes. De 15.8. gouf iwweregens duerch de Code Napoléon 1804 e gesetzleche Feierdag, well de Keeser 1769 op deem Dag gebuer war!

Eng wichteg Roll an der Géigend krut 1894 d’al Eeschweiler Molkerei, an déi och Proprietaire vu Beidweiler a Weydig Mellech geliwwert hunn. Eng Beetebuerger Privat-Laiterie, d’EKABE, di 100 eege Kéi hat, huet s’opkaaft a 1944 a Betrib geholl! D’EKABE hat da 1960 ronn 16 Millioune Liter Mëllech verschafft, 80 Salariéen an eng prima Organisatioun! Hire Neibau entstoung ufangs de 1970ger. Dësen huet dann eng franséisch Grouss-Firma iwwerholl, an déi, d’Lactalis, exportéiert d’Mëllech a mécht anerwäerts Kachkéis ënner dem ale Numm. - Am Stroossenduerf mam Postcode 6169 ass d’Kiermes wéineg lass. ‘t ass kee Bistro méi do a kee Bal; a fir den Hämmelsmarsch war no der Ouljer Musek emol de Beidler Jugendchouer zoustänneg. Ironescherweis hat de Keeser Jouseph II. d’Gefeiers limitéiert an sengerzäit all Kierchweih-Fêten op den 3. Oktober Weekend verluet! Mä dat konnt net verhënneren, dass d’Kiermessen op ville Plaze feste Bestanddeel vun der ländlecher Kultur bloufen, se kruten heiansdo souguer einfach en aneren Numm, beispillsweis 'Dëppefest'. Haut probéiert d’Eeschler ‘Noperschaftsfest’ d’Duerfkiermes z’ersetzen! En typeschen Ausdrock ass do ënner aneren ‘d 'Kanner sen esou ergrimmt op d'Uebst’… am Sënn vu versiess oder giereg op Friichten (gouf notéiert vum Sprooch- a Literaturwëssenschaftler René Engelmann.)

PS. Léist haut e ‘Noperschaftsfest’ d’Kiermesfeier of ass dat eng gutt Saach.( Inte-fëschen an d’Schéissbude ginn souwisou a gréisser Uertschaften, net méi op Beidler an Eeschler… a Kiermesham gëtt et d’ganzt Joer! Noperschaftsfester favoriséiere Contacter an e soziale Lien ..an hëllefen neien Awunner aus dem Anonymat erauszekommen. Hire Sënn ass et jo nei Nopere kennenzeléiren. “Déi di schei si, wäerten Iech dankbar sinn, implizéiert Iech an sidd net nëmme Spectateur vum Nopeschfest”, schreiwen hir Grënner! Gutt Nopere si bekanntlech besser wéi Frënn déi wäit ewech sinn.