Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Éischt, Éischent

Eschette oder ’Éischt’ läit e bësse verstoppt an der Gemeng Rammerech... just 36 km vun der Stad. ’t huet fréier zur Gemeng Foulscht gezielt a war Filial vun der Grousspor Osper. ’t ass als “Eschel“ ernimmt an engem Dénombrement vu 1766 op enger vu 19 Bobine Microfilm an de Bréisseler ‚Archives Générales du Royaume’. Eng Velos-Piste aus dem Naturpark Uewersauer mécht heihinn en Ëmwee, se féiert laanscht d’Bëscher an d’Ruin vum Schuërels’er Schlass a Richtung Kietscht. An Reesbussen aus der rue principale promenéieren der Uertschaft hire Numm wäithinn iwwer d’Grenzen.... eemol esouguer bis op Sankt Péitersburg!

Den 32 Awunner vun Éischt, oder Éischent hiert Duerf gouf ewell 896 an Akten ernimmt ...als “Heckscheid”, an am Memorial 1842 ‘Echette’. Den Entretien vun der Strooss vun hei op Gréivels war 1915 mat 800 fr subventionéiert ginn. D’Grenz tëscht Guttland an Éislek an zwësche Leem an Schifer verleeft nobäi... D’Duerfkapell ass dem Remaclus geweit, mä veréiert gouf hei och de Quirinus. Dem Skulpteur Scholtus säi liicht ‘eegesënnege’ Quirin gläicht hei engem äerdege Mercenaire! Seng an d’Muttergottesstatu stinn hei fir extra Deeg, di aner Zäit hunn s’eng Privatadress. D’kleng Kierch gëtt als Schlasskapell vum Schuerelser-schlass ugesinn. Dem Evy Friedrich senge Recherche no wär an hir e Ritter a voller Rüstung begruewen; ’t steet effectif eng ’pierre tombale’ do (vun 1658 oder 1638) vum Nicolas Ungeschick, engem capitaine de cavalerie an juge-de-fief bei der Seigneurie Useldeng. Ee Geschichtsprofesser vun hei, de Mathias Unsen beschreift d’Koppel Nikolaus Ungeschickt an Eva von Zievel als “her und frau zu Eschet’ (am Heft ‘Hémecht’ 1/2010). D’Duerfkapell huet e kuckenswäerten Altor... an hirem Tuerm säin Alter geet mindestens an d’16. Joerhonnert. Mysteriéis fir eis, mä Zeie vun de Maueren hirem héigen Alter ass den ’Asilkapp’ uewen an der Facade - e Symbol vun der Asylgerechtegkeet u sakrale Gebaier oder Buergen.

D’Schuerelser Buergruin steet um südlechen Enn vun der Schuerelserknupp op 425 m Héicht. Hirem Haaptgebäi seng robust Schifermaueren sinn tëscht 2 an 3,50 m déck an d'Baussenmoossen 21,5 op 11,5 Meter. Se huet eng rätselhaft Vergaangenheet, ass net no enger Uertschaft benannt an hat dem Uschäin no keng representativ Zwecker.. (an war emol a franséischen Zeilen als 'chastel de Scoreweltz' agedroen.)  An hirer gudder Zäit war se der Ueschdreffer Herrschaft ënnerdéngech. Se soll en ënnerierdesche Gang an d’Useldenger Schlass gehat hunn.. grad ewéi mëttelalterlech Fliehburgen di net permanent bewunnt waren. Beim siche no Spueren an de 1950ger a 60ger gouf awer näischt fonnt. Enger Trouvaille vum René Engelmann no ass d’angelsächsesch Traduktioun vu Schuerelserschlass oder Schorenfels ’shireburg’ d.h. Grofschaftsbuerg. Ëm d’Ruin am Bësch dréit d’Buch ’Geheimnis der Schieferbuerg’ an zirkuléiere Legenden, z.B. iwwer Falschmënzer, e grousse Schaz dee Schlaange bewaachen, oder en ongeheierlechen Hond! Gouf fréier probéiert d’Gemäier ëmzereißen fir d’Ecksteng beim Haiserbau ze notzen, ass laut dem Volleksmond gläich e schwaarzen Hond opgedaucht... a beim Ubléck vum sougenannte Schlassgeescht hunn d’Aarbechter sech aus dem Stëbs gemat!

D’Leit hei freeë sech fir all Besuch! Typesch lokal Ausdréck sinn ‘stullt Iech’ fir huelt Iech Plaz, ‚Daaschteg’ fir Dënschdeg an ‚Méilich’ fir Mëllech! Eschette hat Kiermes mat Foulscht an Hueschtert de 19.9.2010, den Dag wou dësen Text iwwer d’Antenn goung. Den Hämmelsmarsch huet do Samschtes ’seng Ronn duerch d’Gaasse gemat, Quetschekoch huet geschmaacht ewéi de beschte Bond, an d'Fra vum Haus war frou, well all Mënsch e gutt huet fonnt’.

P.S. D’Ferraris Kaart weist ‚um Hau Eschet’ véier rout Diech, wouvun een d’Kapell ass. Hau bedeit iwwregens net nëmmen an der Schwäiz 'Kahlschlag'. Muselwäiner mat der Etiquette ‚Chastel de Schuerels’ waarden zu Rammerech op Keefer; hire Numm ass geléint vun der noer Schlassruin aus dem 13. Jh. an dem al-franséische Wuert «Chastel». A  vun deem ass gewosst, dass 1295 de Kuno vun Ouren sengem Cousin Robert vun Useldeng d'Plaz mat Proz a Viichten verkaaft hat... an dass do  emol 12 Goldstécker fonnt goufen ënner engem Steen.