Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eschduerf

Op der Kiermes zu Eschduerf däerfte Fester vu fréier oder Aventuren en Thema sinn… a vläicht souguer de Krimi ëm d’Verschwanne vun enger Kräiderbibel! Dës Geschicht vun ëm 1880 hat virun 2 Joer en Theaterstéck opliewe gelooss. Jooo... an “D’Wonnermeedche vun Eschdöerf” hat 2009 vill Leit ugezunn! Fir den Alldag, da wann näischt opregendes passéiert, gëllt hei de Saz vum Van Gogh ‘Wenn man die Natur wahrhaft liebt, so findet man es überall schön.’

Grouss Kiermes ass zu 'Eschdöerf' ëmmer de leschte Sonndeg am August, ( an di "kleng" op Jousefsdag). Dann sinn do e Bal, e Concert, eng stëmmeg Mass a natierlech de Cortège mam ‘Hämmelsmarsch’. D’Duerf, zielt haut 571 Awunner, (98 méi wéi 2007.) Virun 100 Joer hat et der 700 an souguer 8 Caféen! En ‘Esch’ nennen d’Bridder Grimm ee „gemenge Flouer dee méi Leit zesumme bebauen“. Mä d’Wuert kéint och hiweisen op de fréiere Beruf "Escher" oder’Seifensieder’ oder Lougierwer, déi Äschen ausgelaugt hunn. An ’Dorf’ fir „Ansiedlung einer Schar" hängt un Uerts-Nimm déi tëscht 500 a 900 no Chr. entstoungen. ‘Ginstermännercher’ goufen hei Biesembënner genannt, déi hir Wuer aus Gënzesträiss gemat hunn. Am allgemenge sollten d’Leit hei aus wéineg eppes man... spuersam mat Wierder ëmgoen an erreechbar Idealer hunn. Eschduerf an Heischent gehéieren haut nach zu den déckste Baurendierfer am Land. Dat éischt huet beispillsweis 16 Voll-bauerebetriber a 7 Deelzäit-Baueren. Eng lokal Promenade huet eng Héichtendifferenz vu bal 180 M. Dem Duerf säin den héchste Punkt ass um Lieu-dit ‘Quatre-Vents’ mat 519 Meter. Do wou Landschaft an Himmel sech ‘a wäiter Fäerent’ treffen stoung fréier ee Gaalgen an ass haut de Gemenge- Waasser-Reservoir.

D'Porhaus war an de 1990er Joeren op Initiativ vum deemolegen Paschtouer Félix Steichen onentgeltlech vun e puer Eschdöerfer Leit gebaut ginn. D’Kierch gouf ee Joerhonnert virdrun,1895, konsekréiert... an huet d’hl. Helena als Patréinesch, eng schéin Entrée a Fënschtren vum Zanter. An der franséischer Revolutioun…haten d’Duerfleit mat den Esch/Sauer Noper e Klackentosch ausgehandelt: hir schwéier goufe verstoppt, offiziell sollten di kleng aus der ‚Lochkapell’ s’ersetzen. Spéider kriit Esch/Sauer dann eng vun den Eschduerfer. Mä do entstoung e Problem… an e Gepëspers vu ‘Klackendéif’. - D’laang geplangte Gemenge-Fusioun Heischent-Esch/Sauer-Néngsen gëtt den 1. Januar 2012 Réalitéit. D’nei Gemeng ‘Esch-Sauer’ ass da flächeméisseg déi gréisst am Kanton Wolz. Hire Sëtz heescht weider Eschduerf… Envisagéiert sinn en ‘Embau an Ausbau vun der Gemeng an dem Fest- a Musëkssall’, deels mat Hellëf vun der ‘Finanzenveloppe’ fir d’Fusioun. Bei der Grënnung vun eise Gemengen haten d’Fransouse schonn Eschduerf an Esch/Sauer beienee geschloen, wat awer net laang esou blouf. Den... villméi déi ’regional Baueremäert mam Motto “Maart a Musik“ organiséiert entretemps de Naturpark Uewersauer eemol am Mount an enger vun senge Gemengen. Dëse ‘Park’ geet iwwer 3 Länner an ëm 4 Beräicher: den Agrikultur-Plateau Libramont-Baaschtnech, den hydrographesche Becken vum Uewersauer-dall (seng Däller, Dännenhäng a produktiv be-aackert-Plateau’en, de Massif vun Anlier mam markante Relief a seng Laf -Wälder... an d’landwiertschaftlech Notzflächen a Louthrengen mam méi monotone Relief, erkläert den Donatien Liesse (...am Buch ‘De Legendewee’.)

P.S. Hei am Naturpark ass villes wat dem Marquis de Vauvenargues gefall hät. Hien hat nämlech bedauert, dass nët vill vu senge Matmënschen „den Wert der Natürlichkeit kennen und die Natur lassen wie sie ist“. Um Eschduerfer Flouer entsprangen d' Broubich, an d' Millbech, zwou riets Niewebaache vun der Dirbech, déi an d’Sauer leeft.. (Et heescht awer keng ‘Eschbaach’ wéi eng Gemeng beim Dreilännereck Däitschland-Frankräich-Schwäiz, déi bekannt ass wéins hirem mediterrane Klima.) D'Géigend hei hunn am Wanter Frascht a Wand an hirem äisege Grëff.