Esch-Sauer
Den Esch/Sauer Seigneuren aus dem ‘Ardenner Grofegeschlecht’ hir Buerg wär di eelst am Land... heescht et! Zwee vun hire Grofen den Henri a Godefroy hate viru 900 Joer zesumme mam Gottfried vu Bouillon um éischte Kräizzug deelgehol. (...1096/’99). Deen imposante Biergfried a Rauteform an de ronne ‚Lug’- oder ‘Logtuerm’ zéien ëmmer nach Blécker un: An 2008 krut d’historesch Plaz fir d’Legende-Nuecht e Präis fir innovativen Tourismus! Mä ’t gëtt donieft hei vill remarkables, z.B. en Nuetsmaart mat ronn 10.000 Besucher, e Bicherhotel - an fir eist bekannste Kichekraut de Numm ’Péiterséilchen’.
Esch/Sauer, huet 316 Awunner, läit un enger Sauerschläif a seng Buergruin ass owens romantesch beliicht. Se trount op engem 500m héige Fiels, ass Staatsbesetz säit 1893, consolidéiert, a ‘monument classé’ säit 1936; de Kierfech mat der Kapell an der Lannenallee ass dëst säit 1955. Hei fale wéi an de Feudaldierfer Klierf, Veianen, Useldeng a Simmer ronderëm de Mächtegen hir Schlässer onproportionnell modest Häiser op (G. Calteux). A Konfliktsituatiounen war et ideal no beim Schlass ze wunnen!
Am Iechternacher Codex Aureus erwähnt en Akt d’Duerf an ee Nebelungus, deen ëm 774 der Abtei Gidder a Sklaven vermaat hat… (dat war ufanks vum Charlemagne sengem Règne.) Am Joer 927 krut de Meginaud ’Asko’ duerch en Tosch mat der Abtei Stavelot; an et entstoung do dann e Wunntuerm mat Dépendancen. Godefroy II. war Seneschal vu Lëtzebuerg an Tuteur vum jonken Henri VII.. Aus dem 13. Jh. stamen de Fräiheetsbréif, den Ausbau vun der Kärbuerg an d’Schlasskapell; aus dem 14. d’Réngmauer, un déi spéider Häiser gebaut goufen… an d’Opdeelung ënner d’Häre vun Kronenburg, Falkenstein a Branebuerg. D’kuckeswäert Logkapell ass vu 1628, deen eelere ‘Logtuerm’ hat laang eng Wiechter-Roll. Am 19. Jh. hunn Doléiner an de Schlassmauere gewunnt, déi de Victor Hugo als 'ruine très farouche’ beschreift... D’spéitromanesch Schlasskapell mat Krypta an Tribüne fir d’Herrschaft huet de Charles Arendt 1906 restauréiert. D’Esch-Sauer Kierch huet fréier zur Mammepor Eschduerf gehéiert. Se koum 1757 op al Felementer a krut den Tuerm knapps 50 Joer duerno. Hiren Altor soll vun Orval kommen an ass en Exempel vu barocker Mariefrömmegkeet. Hir Reifferscheid-Uergel vu 1901 koum no 100 Joer ënner Denkmalschutz.
D'Uertschaft am Dall huet sech lues rondrem de Fiels entwéckelt a gouf dacks gemolt. 1851 koum den Tunnel. ‘t gouf hei fréier ee Buergbrennen dëssäit an déisäit vum Floss. Agrikultur gouf et wéineg, mä dofir ënner aanrem zwee Neelschmätt, zwou Händschen- an eng Duchfabrik. Scho 1572 hat Esch/Sauer duerch d’Organisation des Drapiers d’Kontrollrecht om Marché! D’Duchhierstellung stoung hei wéi och zu Wolz laang a grousser Bléi. (D'Maria Theresia hat der Militärverwaltung gesot Kleederstoff am Land ze kafen, wouvun natierlech d'Duchwiewer vun hei, Clierf a Wolz profitéiert hunn.) Haut fënd een zu Esch am Lach héichwäertegt ‘Duch vum Séi’ (’Tiirtech’), en Duchmusée a nobäi natierlech de Stauséi. - Dem Frederic Goedert, oder Käerzefriidchen seng Käerzefabrik bannen de Stadmauere sollt zënter 1885 laang fir Kierche schaffen; se gouf 1991 no enger Paus relançéiert. S’ass wuel op HEISCHENT geplënnert mä bleift e Stéck Esch/Sauer-Geschicht! Hir traditionell oder modern Wuessproduitë beliewen dee klengste Raum mat waarmem Liicht… grad esou no wéi virun der Gemenge-Fusioun Heischent-Esch/Sauer-Néngsen vum 1. Januar 2012. Der ‘Manufacture de Cierges et Bougies’ hire Besetzer war Témoignagë no vu «Kostesch Jamper» an d’Konscht vum Käerze-man ageweit ginn!
P.S. Loug hei e Familljemember vum Schlasshär um Stierwen, gesouch een der Legend no nuets duerch hell Fenschteren e mysteriösen alen Geeschtlechen bei enger Massfeier. Sou sollt e Stierffall annonçéiert an dem Doudgeweihten d’lescht Stonn erliichert ginn! Dës a méi al lokal Geschichten kéinnte Säite fëllen. Esch ‘am Lach’ ass ëmgi vun 90 km Wanderpied an wéi säin 38 m héije Barrage gebaut gouf koume Busse voll Leit e bewonneren. An t’ war en zweeten Tunnel néideg, dass d’schwéier Maschinnen op d’Plaz koumen! ’t krut mat Klierf, dem Houwald a Kautebaach iwweregens schonn eng Gemeinschaftsantenn ir et 1967 d’Gesetz dofir gouf.