Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Esch-Uelzecht (Dekanatskierch)

Zu Esch konnten am Joer 2004 genee 27.890 Awunner vun der längster Fousgängerzon, der 800 m laanger Uelzechtstrooss, profitéieren. Eis zweetgréisst Stad huet awer och munch Kuckeswäertes op architektoneschem Plang opzeweisen z.B. d'majestéitesch 1937 gebaute Gemeng, wäertvoll Jugendstilfassaden oder de Musée de la Résistance, deen d'Kämpf vun de Lëtzebuerger fir d'Fräiheet tëscht 1940 a '45 dokumentéiert. Mä och d'Kiermesplaz an den Theater mat sengen 150 Manifestatiounen d'Joer sinn hei e Magnéit. E Päischtmaart beschreift eng Chronik iwwregens schonn de 16. Mee 1418 an de 5. Juni 1430. Den Escher ‘Heinrich von Mirwart’ war ee vun 10 Membere vun der Ermesinde hirem ”Fürstenrat”. Déi éischt Berwarts-Waasserbuerg stoung hei tëscht 1250 an 1558, en Arnold an e Johann von Berwart haten Ämter bei de lëtzebuerger Grofen. Ëm 1763 gouf d’deemolegt Schlass am Louis XV Stil renovéiert, ’t war bewunnt bis 1928. Déi neogotesch Dekanatskierch ass eent vun eise monumentaalste Wierker vu Bauornamentik a Kierchenarchitektur, si entstoung ënner dem Buergermeeschter Pierre Claude no 1873.

D' Escher Geschicht hängt enk mat der Entdeckong vum "Minette“ am Joer 1838 zesummen, en Ereegnes, dat fir Ofbau a Veraarbechtong héichqualifizéiert Aarbechtskräfte verlaange sollt. Seng Awunnerzuel ass dofir rasant gewuess: vun 1050 am Joer 1827 hat se sech a 40 Joer verduebelt an 1905 verzéngfacht (op 11.814). Am August 1906 krut Esch den Titel Stad. 't hat dee Moment 12.135 Awunner an 1076 Menagen. ’t ass eifreg gebaut ginn a 1930 goufen hei dann 30.000 Leit gezielt. D'Architektur vun der Capitale Industrielle vum Grand-Duché spigelt nieft däitschen a franséischen och mediterran Influencen erëm. Esch sollt awer och vill Schwéieres erliewen. An ale Memoirë vun 1443 huet d'Arméi vum Burgunder Herzog Philipp Wanterquartéier hei bezunn op engem "Lieu auquel ils furent froidement et mal logés, car c'est une petite ville détruite." Esch hat fréier d'ganz al "Gehaanskierch" an der Groussgaass, wou elo d'Schoul ass. Aus hir sinn nach dräi Statuen an der "Jousefskierch".

D'Silhouette vun der reizvoller Dekanatskierch St. Joseph huet den Architekt Charles Arendt entworf (deen ënner aneren och d'Hollerecher, d'Pafendaller, d'Clausener, d'Fielser an d’Räicheler Kierch gebaut hat.) Si ass am Zäitgeescht, d.h. neogotesch an inspiréiert vun der Kierch vu Melun aus dem Département Seine-et-Marne. Hir zwéin elegant Tierm hu jee véier Spëtzenhelmer an dominéieren de Stadpanorama. Se gouf tëscht 1873 an 1877 gebaut. (Als Zäitvergläich: den éischten Héichuewen war 2 Joer virdrun a Betrib geholl ginn, de véierten 1873; si hunn dunn deeglech 80–100 Tonne Gosseise produzéiert!) D'Kierch huet een Haapt- an zwee Säiteschëffer, een Haapt- a véier Säitenaltär. Hir massiv Ronnsaile glidderen d'Laanghaus, an Hellegeporträten a Medaillonform verschéineren d'Arkaden. Si huet, wat nët jidferee weess, nët 14 mä 16 Statiounen an de Säiteschëffer, een ale Bourdon an dräi aner Klacken. Nom Krich krut s'eng Gediechtneskapell mat de Nimm vun de Krichsaffer an 1964 eng ornamental Rosace vum Gustave Zanter om Duxall. Beim Restauréiere vun 2002 sinn d'original Wandmolereie fräigeluet ginn, an déi minuziös Aarbecht vun der Madame Taillefer wäert d'Kierch immens op. Dëst maachen och hir dräi Portaler mat eise Beschléier an hir 400 nei Still, déi identesch si mat deene vun der Kathedral.

Friemer bleiwen zu Esch net laang friem, 48 % vu sengen Awunner si Nët-Lëtzebuerger. Iwwer der Gemeng hir 14,35 Quadratkilometer eraus gëtt am Süde vum Land eng offe Sprooch geschwat, "ouni Schmalz, an dacks mat enger Prise Peffer a Salz", sou hat eemol den Nic Weber se charakteriséiert! Vun Esch, senger Geschicht a senge Kierche bléif nach villes z'erzielen… Just eng vun hinnen huet zwéin Tierm an de Kierchespezialist Michel Schmitt zu enger Brochüre inspiréiert - an dat ass d'imposant Dekanatskierch. Dëst gouf si nom leschte Krich, well virdrun huet Esch zum Dekanat Beetebuerg gezielt! Net ze vergiessen: eng selbstänneg Por war et vun 1742 un, virdrun sollt et zu Schëffleng gehéieren, obwuel seng Filialkierch och verschidde Rechter hat. (..deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')

P.S. Nach eng Trouvaille: D’Fënsteren aus der Escher Dekanatskierch kommen aus engem berühmte Münchner Atelier a sinn op Glas gemoolt, d.h. ganz nuançéiert. Si sinn mat deenen aus der Kathedral den Haaptensembel vun historescher Glasmolerei zu Lëtzebuerg. An ofschléissend e Bléck an d’Zukunft: Do wou fréier d’Kamäiner vun den Héichierwen gedämpt hunn, do wäerten elo geschwënn an der ‘Cité des Sciences’ Käpp dämpen. Déi nei Gare Esch-Belval war 2010 offiziell fäerdeg - a wann bis 2020 deeglech 32.000 Voyageuren do zirkuléieren, ass si déi zweetgréisst vun eisen Zuchstatiounen. Dëst kléngt momentan utopesch, well eis  ofwieslungsräich an 'open-minded' zweetgréisst Stad op Neijoschdag 2013 mat 31.898 Leit knapps un dës Awunnerzuel erukoum...