Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Esch-Uelzecht - Stadkär

Der Gemeng Esch hir global Fläch ëmfaasst ënner hire 14km2 am ganzen 135 Hektar Bësch. D’Stad Esch zielt 19 Quartieren an huet mat der Haaptgeschäftsstrooss déi längst Foussgängerzon vum Land. Hire Konzept vum engleschen Ingenieur Peter Rice vereene Kenner mat Wëssenschaft a Konscht a Kritiker mat grotesken Iddiën. Ob als ‘mâts penchés’ mat Segelen oder ‘poteaux inclinés’ mat styliséierte Viggel geduet - de futuristesche Projet vun 1991 gouf mam Recul vun der Zäit zu enger Zort Logo. D’Escher “Promenade Architecturale” féiert bei klassesch Gebaier vun neogotheschem Stil, bei Art Déco a Jugendstil Fassaden. Hiren Depliant offréiert de City Tourist Office, deen 1901 als Syndicat d'Initiative et de Tourisme ënnerëm Numm “Escher Verschéinerungsveraïn” entstoung. (Laang ir Esch eng Stad war hat d’Agrikultur den Uert marquéiert; enk Gaassen ouni Trottoir a Bautereglement hunn op eng nei Epoch gewaard.) Vun 1910 un gouf ’t am urbaniséierte Brill-Véierel Wunnraum fir italienesch Awanderer a lues a lues konnt d’frësch ugelueten Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroossen zum Stadkär evoluéieren.

D‘Schenkung vum Nebulungus ‘seinen in Esch gelegenen Güter‘ (4 Hufen Bauland oder 40 Ha) dokumentéiert d‘Iechternacher Liber Aureus (773/774) un d’Willibrordus-Gotteshaus un der Sauer. De Quartier Al-Esch baséiert op e Bauerendierfchen bannen engem mëttelalterleche Rempart a war 1842 nach e village intacte. D’Uertschaft hat vu Jang dem Blannen 1328 den Titel "Fräi Stad" kritt (dass deels ‘auswäerts Wohnende’ do residéiere misste fir hir Gidder net ze verléieren. (J. Flies)) - Der Stadhausplaz hir Geschicht reecht bis an d’19. Jh.. Den alen Hôtel de Ville gouf 1863 inauguréiert, den neien 5,5 Mio déiere war 1937 fäerdeg. An den 1950ger koum e Parking virdrun. Säit Juli 2008 fannen d’Autoen eng Déifgarage mat ronn 350 Plazen drënner… an op hir sinn nieft Kiermes a Krëschtmoart heefeg Evenementer. Mä zréck bei d’Uelzecht. Eng vun hire Quellen, d’‘Vacherie‘, kënnt vun Thil bei Villerupt an déi aner vun Däitsch-Oth. No hirem Zesummefloss hanner Oth droe béid den Numm Alzette. (Joerhonnertelaang war hirt sougenannte “Waasser vu Ste Claire“ als glaskloer Heelquell bekannt an heelsam fir d’Aen. (N. Moia, Google-Book „Für die Katz“.) Zu Esch leeft se ‘domestiquéiert’ ënner der Uelzecht- an der Helen-Buchholz-Strooss erduerch a kritt op der Héicht vum Schlassgoart hir Fräiheet zréck. (Fréier goung hire Laf duerch d‘haiteg Kanal- a Liberatiounsstrooss, an duerch d‘ënnescht Uelzechtstrooss. (Onlinelexikon) D‘envisagéiert Ëmleedung indiquéiert den éischte Situatiounsplang vum Gemengen-Architekt am Historique vum Verschéinerungsveraïn. Realiséiert gouf de „recouvrement de l’Alzette - grâce au beton armé“ ënner dem Buergermeeschter J.P. Michels, d.h. no 1912. (Chantier an Haiser an där no hir benannte Geschäftsstrooss veréiwegen al Photoen, ë.a. am „La Voix“-Supplément zum Escher Centenaire, 2006, an am Buch „Das andere Esch“ vum Joseph Flies.

D'Uelzecht fléisst 68 km op Lëtzebuerger Terrain. Hirt verännert Ëmfeld, d’industriell Revolutioun an d‘Geschicht goufen der Minettemetropole en neie Rhytmus . “Hesc“ war emol zougehéireg zur Por Schëffleng an huet haut véier grouss kathoulesch Kierchen an engem Porverband. (En ale Spott-Reim iwwer ‘di Escher Fräschen, mat dene laangen Täschen’ déi der Däiwel huele soll, léisst un d’fréier suppeg Wisen am Quartier "Brill" denken. ‘t begéine sech haut 111 Nationalitéiten am Zentrum vun deem Quartier ëm d’Place de la Résistance. Dëser hire Réamenagement louch de Responsabele laang um Häerz. Ee modernen ‘espace de vie et de communication’ mat vill Grengs a Beem erméiglecht hat am Februar 2008 d’Ëmplanze vun iwwer 60järege Platanen an d’Deplacéiere vun zwee Denkmäler an dem Sprangbuer. Ënner d’Plaz koum e fënnefstäckegen Parking. Den noe Musée vun der Resistenz dokumentéiert de Lëtzebuerger hire Kampf ëm hir Fräiheet am zweete Weltkrich. Den Theater schwätzt hir kulturell Intressen un. Den Hotel des Postes datéiert vun 1930. Daten ëm de lokalen Telefon si méi al. 1886 hat d’Gemengeverwaltung dem Postdirekter e Stadplang an d’Lëscht vun Telefons-Intressente geschéckt. (D’Äentwert: e geschätzten Devis fir d’Installatioun vum Escher Reseau vun 12.700 Frang.) 1912 hat Esch dann 250 Abonnenten a wou néideg koume ‘Paratonneren’. (L. Bodé)

Mam Entdecke vum Minett (ëm 1870) an der Eisenindustrie hirer Entwécklung hat d’Populatioun sech an e puer Joerzéngte verzéngfacht. (Allerdéngs goufen ‘t Enn 1889 do nach 47 Hondsgespänner. (Fr. Mersch)) Den ‘ouvrage collectif’ “déclin et renaissance du vieil Esch” dréit ëm seng Architektur an Identitéit. Seng Evolutioun an d‘stilvoll Haiser hu fir de Betruechter nieft dem estheteschen Ubléck eppes geheimnisvolles… se sinn e Luef op d’Aarbecht an Zwëschemënschleches an e Spiggelbild vun etheschen a kulturelle Wäerter. D‘ländlech Siedlung koum zu Wuelstand. Am quartier chic “Delhéicht” entstoung tëscht 1925 an ’30 z.B. e Spidol. Nach wichteg ze soen: zenter 1992 ass d’“Meder-Haus” an der Rue Zénon Bernard Ulaafplaz fir d’Jugendlech aus dem Quartier Brill... Esch huet nämlech, wéi de Fränz Biltgen emol sot, “ni no hannen, mä no vir gekuckt” - a seng Awunnerzuel louch 2014 bei 32.600.

P.S D’vereelst däitsch Nimm Alzig oder Elze (vum Goethe) stinn héchstens nach a Schoulbicher. D‘Brillschoul ass iwwregens mat 40 Klassen an iwwer 700 Schüler di gréisst an den ‘Ale Lycée‘ am Quartier Al Esch mat 137 Schüler di klengst Schoul vum Uert. Nach erausgepickt: En ëm 1990 realiséierten Inventaire détaillé vum lokale Patrimoine architectural englobéiert d’zentral Partie mam alen Duerfkäer a grenzt engersäits un d’Kanalstrooss an de Boulevard Kennedy aanrersäits. Haiser mat Intérêt architectural goufe renovéiert. D’Konstruktioun vum remarkablen neie Friddensgeriicht am Stadzentrum läit ‘tel un monolithe contemporain’ (Didier Damiani) op der Norbert Metz Plaz. De Saz aus den 1920ger, dass “das florierende Handwerk und die aufkommende Industrie hier auf dem Gebiet der Architektur rivalisierten” erkläert de lokalen Developpement. An d’Zitat vum Fernand Konnen dass “ouni e richtegen Escher eist Land haut net dat wier, wat et ass” gëtt allgemeng guttgeheesch.