Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Esch-Lalleng

Esch ass e “ganz aneren Typ vu Stad wi Lëtzebuerg well se d'Kand vun der industrieller Revolutioun ass" - do hunn den "économeschen an de politesche Pouvoir matenee rivaliséiert" schreift de Robert Philippart. Esch zielt 16 Quartier'en a 4 Kierchen. Di Lallenger ass di neist, si koum 1953, d.h. dräi Joer no der Badeanstalt an dem neie Kiosk op der Stadhausplaz an ee Joer virun dem Ofrëss vum Berwartsschlass, deem säin alen Haapttuerm vu 1721 nach steet. An engem Sondage aus dem Joer 2000 designéieren 89 % Esch als "capitale vum bassin minier" an 80 % schätzen ‘t wär "attrayant" do ze liewen! D’Wuert “Eschatologie” huet kee Bezug zu Esch a méi wi eng Deitung... Op d‘Reliounsgeschicht bezunn ass et Synonym zu “Jenseitsvirstellung”; an der politescher Zukunftsperspektiv encouragéiert et sozialen Engagement an.. an der individueller d’Striewen, säi Potentiel ze notzen… An dovun dreemt sécher jiddwer eenzelen Escher!

D'Por Esch war vu 983 bis 1742 Deel vun der Mammepor Schëffleng. 1128 steet si an enger peepstlecher Bulle als "Asch"! Déi eelst Bezeechnung fir Lallingen war ‘Lullingas’, an dëst huet zur Abtei Prüm gehéiert. Am 14. Jh. goung d'Herrschaft Lalleng an der Herrschaft Berwart op. Deemols krut Esch e Freiheetsbréif, Mauere ronderëm, a gouf e Bollwierk am Grenzberäich vu Louthrengen a Bar! Seng Remparte sollte spéider (1677) op Uerder vum Louis XIV. demanteléiert ginn. Enger Chronik no haten d'Fransousen d'Dierfer Lallingen, Vetzenhaf fir Foetz, Suessem an Esch auf der Alseth am September 1681 geplënnert. D'Zuel vu senge Menagë goung vun 90 zréck op 46, an d'Lallenger op 3-4. D'Por Esch gouf wi gesot 1742 mat ronn 460 Awunner eegestänneg an Sankt Johann geweit a spéider dem hellege Jousef. D'Lallenger Haiser blouwen nach bei Schëffleng. Mä Esch sollt rapid grouss ginn. (Eck Groussgaass a Lëtzebuergerstrooss gouf 1816 säi leschte Festungstuerm ofgedroe fir mat deene Steng eng Schoul ze bauen (ass eng Background-Info aus dem Buch ‚Neubrasilien‘ vum G. Helminger). Vergiess sinn d’Zäite wou Männer do hu missen en Deckel op der Päif hunn, dass d’Stréidiech net duech Fonke brenne kéinnten...Viru gutt 200 Joer hat d’Uertschaft 812 Awunner, a virun 100 schon 12.781! (Et war duerch Décret Grand-Ducal säit Oktober 1841 Kantonal–Haaptuert!) D'Suite: Enn Mee 1910 gouf d'Sektioun Lalleng an déi jonk Stad Esch opgeholl. A béid sinn zesumme weider gewuess.

Am fréie leschte Joerhonnert hat d'Haaptstad vum Bassin Minier véier Poren: d'Häerz Jesu-, d' St. Henri-, d'Jousef's- an d'Lallenger.. Déi jéngst Por krut 1953 nieft de Chantier vun der Primärschoul d' "Regina Mundi"-Kierch, well deemols goufen a neie Wunngebidder och nei Kierche gebaut. Hire Grondrëss huet eng Kräizform.. den Daachreider ass sechseckeg an de Plafong flaach. Hir grouss Mariëstatu un der viischter Fassad soll kommend Generatiounen u Krichswonnen erënneren, an de Calvaire vu 1756 un de Berwartspark. Hir héich Fënschtere mat Zeenen aus dem Liewe vun der Muttergottes si vum Frantz Kinnen an 3 mol sou grouss wi déi aner. De Mosaik am Chouer staamt vum Jean Barillet, dem eelste Fils vum Paräisser Atelier Louis Barillet. Hie stellt d'Kréinung vu Maria duerch d'Dräifaltegkeet duer, den Evangelist Johannes a Pius X.; aus der Distanz betruecht verschmelze seng kleng Steng zu engem Ganzen mat brillante Liichtrefleten wéi Molerei se net erreecht. Den Daafsteen ass vum Emile Hulten, an d'Uergel um Duxall ass eng Westenfelder mat 15 Regëster, vu 1987. An dem massiven Altorblock seng Geschicht? Hie kënnt aus der aler Kapell vun de Betzder Schwësteren a schléit natierlech Brécken zur Kultur...

Déi jéngst Escher Kierch gouf Enn Oktober 1961 vu St. Jousef a Schëffleng getrennt an ‘bischöflich errichtet‘! An hir hat de Monseigneur Franck seng Primiz. Den Amenagement vum grousse Lallenger Kierfech mat sengem Park geet zréck op 1930 - hie faasst dräi al Kierfecher zesummen. - D'Zäit huet wéi iwerall un de Kierchemaueren Altersspuren hannerlooss. Mat vill Opwand, Fläiss a generéiser Hellëf gouf se baussen a bannen erneiert a stoung fir de Cinquantenaire vun hirer Wei am Oktober 2003 nees do an neiem Glanz. Si rout do wéi eng Insel an engem Haisermier an zielt neierdéngs mat den dräi anere Gotteshaiser zu engem Porverband. Dass net wäit ewech scho 1500 Joer laang eng kontinuéierlech Eiseproduktioun a fréier Fiichtgebidder waren, mierkt haut keen deem funktionell-wunnleche Stadvéierel méi un.

P.S. 1954 war d’Ouverture vun der ’Lallénger Schoul’. Si gouf dann 2002 vergréissert a konnt duerno Klasse vum "Lallengerdäich"-Gebäi ophuelen. D’Stad Esch hat am Abrëll 2010 e Gestioun’s Plang fir hir Gréngflächen am Quartier Lalleng elaboréiert. Hiert Ziel war de Spazéiergänger d’Entweckele vun der Vegetatioun duerch d’Joreszäite visibel ze man! Eng intressant Idée. Gréng Espacen hunn net nëmmen an engem Kantonal-Haaptuert e groussen ecologeschen an esthétesche Wäert.. Esch hat ëmmerhin als eise ‘bevölkerungsräichste’ Kanton 1930 ewell 104.940 Awunner an 2013 souguer 157.757! D’Minettsdäpp sollen ee mat wéineg Sënn fir Effekthascherei geseeente Menschenschlag sinn. De Saz “ 't as en alen Escher’ bedeit ‘en ass do gebueren’! An am “Ratelach” an der noer Kulturfabrik, engem sou ‘charmant wéi ’intimistesche’ Kader mat 36 Plazen, gi flott kleng Soireeë programméiert..