Ierpeldeng/Bous
Ierpeldeng bei Bous kuschelt sech nieft Wisen, Hangäcker a Wéngerten ënnen an den Hiwwel vum Scheierbierg. Et huet wéi Bous an dat vun der Landkaart verschwonnend Neunkirchen bis an d‘15 Jh. zum Haff Réimech gehéiert an ënner dem Ancien Régime zur Grofschaft Roussy. Op Dokumenter dréit e Sigel vum Thilmann vun Erpeldingen d‘Emblemë vun de Réimecher Scheffen. Lokal Wäibierglagen hunn Nimm wéi Ierzebierg, Lënsebierg, am Gontesbësch (Comtesse-Bësch) a Watzebierg – si beliwweren d‘Kellereie vu Stadbriedemes a Wellesteen. 2007 war do nach ee Bauerebetrib. No 260 Schaffdeeg laange Stroossebauaarbechte krut et am Summer 2008 d’Kompliment een Duerf ze sinn mat Qualitéits-spréng no vir - wat eng Nofro no Bauplazen no sech zouch! Zu Ierpeldeng passt de Saz vum B. Simminger, dass „der Sinn die breite Mosel-Ebene spürt, die der Blick noch nicht erschaut".
D’Ierpeldenger Leit ginn op Bous an d’Kierch - well si keng eegen hunn. Seng 563 Awunner kënnen allerdengs op eng intressant Geschicht zréckkucken. Den ale lokal ‘Nainkiirchen’ genannte Porbezierk tëscht Ierpeldeng, Réimech a Bous war vermuttlech säit dem 9. Jh. d‘Mammekierch vun neng Uertschaften. E gouf 1522 dokumentéiert an hat eege Regesteren. Zielungen no waren do ronn 100 Joer drop 35 Feierstellen, an ‘t gouf ausser Aackerbau a Véizuucht niewebäi och Wäibau. Den Éischte vun der Auswandererwell vun hei an Ungarn, den Ierpeldenger Johann Kill war am September 1683 an der Nainkiircher Porkierch gedeeft ginn - a koum spéider (1728) zréck wéins enger Ierfschaft. Kuerz drop hat d’haut verschwonnend Duerf Visitatiounsberiichter no als Filial e Réimecher Vikar an en eegene ‘Frühmesser‘, d.h. e Kaploun a Lehrer. (Et ass op der Ferrariskaart (op Bous.lu) a gläichgrousse Lettren agedroen wéi Ierpeldeng.) De grousse Kapp vun där zerbrachner 1792 fonnte Réimescher Statu vum alen Anethans‘haff koum un d‘Haus vun der fréirer Gare vum Scheierbierg. Den deemolge Projet d‘baufälleg Kierch z’ersätze gouf net realiséiert wéins der franséischer Revolutioun. Hire leschte Kaploun gouf 1803 den éischte Rektor vun der neier Por Bous - zu där Ierpeldeng säithir zielt. Den ale Nainkiircher Kierfech blouf erhalen.
Méi al an héichintressant ass d‘Biographie vum 1509 zu Malines verstuerwnen Nicolas le Ruistre (oder Reuter), engem Frënnd vum Thomas Morus an Erasmus vu Rotterdam. Dëse ‘prélat des Pays-Bas’ a (vu 1501 un) Bëschof vun Arras ass de „grössten Erpeldinger aller Jahrhunderte“! E war och Kanzler vun der Universitéit Louvain an hat do de collège dit d'Arras gegrënnt. E war zäitweileg Sekretär vum Erzherzog Maximilian, aflossräiche Conseiller vum Charles a vum Marie de Bourgogne a vum Archiduc Philippe II.. Den 20. September 1505 gouf d’Marie de Habsbourg vum Nicolas Le Ruistre gedeeft mam ‘faste dû à son rang’. - Vun Ierpeldeng huet och de Schrëftsteller Paul Noesen gestaamt, deen ënner aanrem Schoulmeeschter a Clausen an an der Aldringerschoul war. Hien huet seng Heemecht a ville Schrëfte veréiwegt. Hie gesouch och an de Rieweblieder vum Wope vum hei an de 1430ger gebuerne Staatsmann a Bëschof Reuter (oder och nach Rutherius) en Hiweis op de lokalen “Erwerbszweig Weinbau”.
Nach Intressantes: zanter Fréijor 2010 informéieren hei aacht Statiounen um ‘Gipswee’ (d.h. iwwer den ‘Hiewelbierg’, ‘Laangheed’, ‘Scheierbierg’ a ‘ Bueläcker’) iwwer de lokale Gipsofbau bis nom zweete Weltkrich. E Geschäftsrapport vun 1883 verréit, dass an deem Joer 260 Tonne Gipssteen an d’Stad an ëm 200 Tonne mat Päerd op d‘Musel geféiert an ageschëfft si ginn. Et gouf vum einfache Baugips och ganz renge fir Zännprothesen a Bandagen an och Alabaster ofgebaut. - D’piste cyclable "Jangeli" kënnt vun der Ellenger-Gare hir iwwer dem Zuch seng Trace duerch de 'Wellfragrond' an huet finalement en Uschloss un de Saarbrécker Veloswee. Kaum nach ee wees, dass am Krich zäitweileg, wéi Réimech evakuéiert war (bis am Abrëll 1945), de “Jangeli” net gefuer ass. D’87 Säite-Buch ‘Ierpeldeng an Ëmgéigend am Krich‘ erzielt vun deemols (och op Bous.lu)... „Fir an d‘Stad ze kommen si mer mam Velo gefuer an do hu mer um „Scheedhaff“ (bei Sandweiler) amerikanesch Unitéite gesinn, déi nëmme mat schwaarzen Zaldoten besat waren, déi de Kierfecht vun Hamm ugeluet hunn“. Réckbléckend sinn all eeler Chronike wäertvoll; se goufe jo och, wéi de Goethe sot, vu Leit geschriwwen deenen d‘Géigewaart wichteg war!
P.S. Wéi ewell ugedeit heescht hei neng ‘naun‘ - Nauwiss ass e Stroossenumm an en naut Kleed eent, dat nach net al ass. An 'Schrong' gëtt oder gouf hei gesot fir eng Bascht, déi duerch d‘Keelt entsteet. Manner seriéis kléngt en Extrait aus dem feierlechen Evangelium vum Kanton Réimech. (Quell: Jung Ady) No enger bekannter Weis erënnert en un al Spottnimm – an dora koume komescherweis Randbéischte‘ vir, z.B.... “déi Asseler Kaalwer, déi Roulénger Béck, déi Bousser Uessen an déi Ierpeldenger Kéi“! Vum Emil Diderich fonnten Dokumenter aus dem Joer 1788 kommentéieren e fuerchtbart Onwieder, bei deem de 4. Juli ënner anerem d‘Géigend vu Bus/Ierpeldeng, Stadbriedemes a Greiweldeng vun „vom Himmel herabgefallenen ausserordentlichen Kieselsteinen heimgesucht wurde“. (D'nei Schreifweis Bus gëtt vu muunchen net appréciéiert....)