Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iernzen

De Sandsteen aus de Steebréch vun Iernzen ass reng, dicht, gläichméisseg strukturéiert an drockfest. Dat beweise Monumentalbauten… wéi z.B. de groussherzogleche Palais, d’Nei Bréck, d'Staats-Spuercaisse, den “Cercle” an d’Basilika vun Iechternach. E Bewäis vu senger Stabilitéit sinn och de Kamäin an d’Ronnboufënschteren aus der Fielser Buerg aus dem XII. Joerhonnert! Si sinn onverännert a Material a Faarf! Säi Bäinumm ‘fleuron du patrimoine national’, an seng ‘texture’ erënnert un d’Fielsen aus eiser noer klenger Schwäiz..

Iernzen (Ernzen) zielt 409 Awunner, iwwer duebel souvill wéi am Joer 1900. ’t war ewell 1095 als Erinza bekannt… Eng Iernzer Bannmillen ass 1320 ernimmt am Rapport mam St. Irmine Klouschter Oeren, no beim antiken Tréierer Hafen - a spéider haten hei Häre vu Lënster (1578) d’Soen. D’Gemeng a Por Fiels an Iernzen sinn zwou Entitéiten, déi zesummegewuess sinn.. 2003 koum eng Gedenkschrëft eraus zur 160 jäereger Geschicht vun den Iernzer Steebréch vum Wies Pierre… Ale Schrëften no hunn 1889 Aarbechter 3,75 bis 5 Frang pro Dag verdéngt am Summer an am Wanter d’Hallschend. Wéi ëm d’Jorhonnertwenn weider Steebréch entstoungen hu Päerd d’Ochsegespänn ersat.

Den Iernzer Sandstee gëtt am West-Hang südlech vum Duerf gewonn, am Dall vun der ‘Wäissen Iernz’… déi beim ”Schetzelbuer” ensprengt. En ass ee Juwel vun eisem Landesräichtum, en Traditiounssteen vun engem historesche Standuert. Nieft ville bemierkenswäerte Gebaier zu Lëtzebuerg (wéi Schlässer a Kierchen) gouf dëses renge Stee mat där waarmer wäisser Faarf verbaut bis Bruges, Antwerpen, Amsterdam, Köln an Oochen. Dem Skulpteur Misch Schiltz seng Statue ‘Notre Dame de Luxembourg’ aus Iernzer Stee gouf am Summer 2010 zu Belgium am Wisconsin ageweit, bei Geleeënheet vum 24. ‘Lëtzebuerg Fest’. D ‘Monument fir d ‘Pionéier an d’Land huet do eng Éiereplaz am Lëtzebuerger Gaart vum Kulturzentrum. No all deem Luef d’Observatioun, dass um Wolzer ‘Calvaire géologique’ op Bäissent Statiounen aus 14 anere Steebréch sinn, z. B. Gilsdrefer mä leider keng vun hei!

Firwat war an ass den ’Iernzener’ Leit Bärbelendag esou wichteg an equivalent mat Kiermes? Dem Kalenner no ass dës mat där Fielser, Mëtt Juli. De 4. Dezember, op Bärbelendag, gëtt all Joer d’Patréinesch gefeiert, déi nieft de Galerien am Minett och Carrière beschützt! ‘t ass hei op hirem Fest eng extra Mass an der 300 jäereger Kapell. Dës ass nämlech zënter 1710 der hl. Bärbel geweiht an e ‘joli édifice’ mat engem schéinen Altor, Ronnboufënschteren an Daachreider.

Vun der Iernzer Kopp erof presentéiert sech eng herrlech Vue op d’Schlass Meesebuerg. Vläicht dreeme mächteg hell-beige, frësch gehae Bléck aus der Iernzer Kaul beim Gezwitschert vu rare ‘Steenschmätzer’ iergendeemol iergendwou Bau-Steng fir en ähnlecht Schlass ze ginn… Vum ‘Grès d’Ernzen’ erziele Kenner, e wär schonn an der Antiquitéit ofgebaut ginn: Son extraction et son usage remonte à l’Antiquité... heescht et an engem alen Text!

P.S.: Ob am Rapport mat Oeren vläicht dat däitscht Ernzen vis-à-vis vun Iechternach gemengt war, ass schwiereg festzestellen. Gutt Unhaltspunkten iwwer Alter a Geschicht vun enger Uertschaft  sinn Dokumenter mat Persounen- an Uertsnimm. Allerdéngs  bestoungen dem  Dr. Richard Spessart no vill Dierfer éischter wéi d’Epoque an där se fir d’éischt mentionéiert sinn. Denkt een un d‘Luesheet, mat där Usiidlungen entstoungen an Zäite wou kaum Handel  existéiert huet... kann ee sech virstellen, dass di meescht Lokalitéite wierklech vill méi al sinn wéi ugeholl gëtt.