Éimereng
Den Alter vun de ronn 200 Birebeem an der Allée vu Munneref iwwer Kickeschpand op Éimereng kennt keen. Mä dës 1,3 km laang Baamrei zielt wéinst der Gesamt-Impressioun zu de bemierkenswäerte Beem am Land. Plaze wéi dës hunn de Claude Frisoni inspiréiert iwwer Lëtzebuerg ze soen ‘Je l’aime parce que sa force lui vient de son apparente fragilité, de sa topographie spectaculaire et de l ‘insolente modestie de ses cours d’eau’…!
Éimereng zielt eng zimmlech konstant Awunnerzuel: 86 am Joer 1904 an 92 haut! ’t hat virun 100 Joer an 18 bewunnten Häiser ee Wiert mat Epicerie a Kallekuewen, e Schmatt, e Likörfabrikant, zwee Mëller e Botterhändler an eng Clientèle aus de franséische Grenzdierfer. D’Weidemillen steet nieft ville Kappweiden un der noer Grenz an der rue Jean Tasch; si konnt, réckbléckend, der Gemeng 1902 e Buergermeeschter ginn a neierdéngs eng Conseillère - an d’Frouhmillen 1855 e Schäffen... a virun enger Zäitchen och e Buergermeeschter.
Eng al Notiz verréit, dass eist Grenzdierfchen Emerange (vis-à-vis vum fréiere Puttelange-lès-Rodemack dat 1643 franséisch gouf) ewell 907 ernimmt war. Et ass deemools als „Ombringas" dokumentéiert, wat op Ombrange, d’al romanesch Form vun Emeringen hiweist. Et hat am Laf vun der Zäit 'des hauts et des bas'. D’Privatkapell vun der Famille Klein ass hei 1628 ernimmt an 1684 d’Zwangsévaquéierung vum Duerf ënner dem Maréchal Créqui. Et stoung deemools laang mat Munneref, Duelem a Bous - vun eisem Duché getrennt (bis 1769) ënner Franséischer Herrschaft. En Duerfporträit kënnt net ouni Daten aus... vun 1813 ass d’Stëftung vu Kräizwee-biller un der Strooss op Eelweng. Laanscht si geet all Joer eng Pressesioun vun engem Duerf an d’anert. Fir seng nei Bréck iwwer di dräi Meter breet Aalbaach krut Éimereng 1875 e Subsid vu 500 fr.
De Nic. Brücher hat 1949 d’Altorbild mat Maria als Friddenskinnigin fir di nei Kapell mam oppene Klackentiermche gemoolt... fir hie ware "Glaawensbiller symbolhaft gëttlech Messagen". D’Kapell entstoung nom 2. Weltkrich als Denkmal fir di Gefalen vun der Por Elvéng-Éimereng… an als Dank fir besonnesche Schutz vun der Tréischterin. De Bau krut 1978 en ‘autel composé d’éléments de la chaire de vérité de Remerschen’ vum N.Greef-Greisch - verréit eng Chronik vum Lé Tanson. An e gouf no där grousser Renovéierung mam neie Foussbuedem an dem helle Plafong am Mee 2008 nei geweit. De klengen Éimerenger ‘centre polyvalent’ fëllt sech hei regelméisseg mat Liewen, beispillsweis beim traditionellen Iertsebulli no der Fréijohrs-Botzaktion. Nach ze soen: de 1943 gebuerenen Edy Dublin vun hei krut als Fussballspiller a senger dräijäreger Profiskarrière zu Nanzeg de Spëtznumm "petit tourbillon"! (Hien hat donieft an 28 Nationalmätscher zu Lëtzebuerg gespillt.) Seng Carrière confirméiert en Zitat iwwer ‘kleng Brécken déi munnechmol eppes wéi oppen Äerm sinn an op fir e Schratt eraus an d’Welt!’ - Hei soten d’Kanner fréier iwweregens ‘Bab’ fir Ball. Firwat all di Recherchen? Einfach esou, mä och well Enn November Kiermes hei am Duerf ass, also eng Ursaach 'mol am Radio driwwer ze schwätzen. Net ze vergiessen... Spezialiste no kënnt den al-germanesche Numm Emery oder Hémery vun ‘Haimric’ - wat mächtegt Haus bedeit. Ugelehnt un ‘émerillon’, d.h. petit faucon, géif den Uertsnumm hiweisen op ‘quelqu’un qui a l'oeil vif’!
PS. Dat an enger ’Land-schaftskuhle’ verstoppten Éimereng hat zwee Grenziwwergäng a Louthrengen, eng Fuuert duerch d’Aalbaach an eng schmuel Bréck. Wou d’fréier Epicerie mat Café war steet elo en Appartementshaus. D’Zollhäischen ass net méi do. Awer 2009 sinn do nach Lächer am Beton opgefall an deenen ongenéiert Onkraut a Gras gewuess ass. Dëse spezielle Souvenir un d'Grenz-Barrière zielt zu de Kuriositéiten, déi de Georges Hausemer a senge 'Luxemburger Grenzgänge' bei engem Wiener Verlag erausbruet huet.