Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Elweng

Elweng läit op engem Plateau säitlech vu Munneref an der grousser Gemeng Schengen. Bis Januar 2012 hat et zur Gemeng Biermereng gezielt. Et krut 1281 de Fräiheetsbréif vum Grof Henry V., ‘t gouf 1501 Efflingen betitelt a 1635 waren hei 24 Feierplazen. Haut zielt et 740 Awunner! Weider lokal Detailer.. Telefonsverbindunge goufen hei 1904 méiglech mat Konz an Tréier. De Jung Nicolas war hei ronn 50 Joer laang Chaufournier (en hat bis 1956 e Four à chaux, d.h. eng Kallekbrennerei.) An et krut beispillsweis Enn de 1920ger eng Genossenschaftsmolkerei.. Dat anert Elvange oder Ielwen läit bei Biekerech. A béiden fannen d’Häerzer hir Erfrëschung “im Tau der kleinen Dinge” (Khalil Gibran)

D‘Elwenger Awunner hu wahrscheinlech keng Erkläerung fir d‘ural d’Bezeechnung “Algevingin im Moselgau” - ënner där et éischtmols am Joer 739 dokumentéiert ass. Am selwechte Jh. hate generéis Donnateuren hirer Gidder vun hei dem Klouschter Iechternach geschenkt. Nieft dësem hate St. Oeren an d’Tréirer Benediktiner Héiheetsrechter an d’Grofe vu Roussy d’Grondgeriichtsbarkeet vum Duerf. Seng dem hl. Jean-Bapstiste geweite Filial-Kierch mat Beenhaus a Kierfech gouf 1570 erwähnt mat enger Mass pro Woch. Sonndes goungen d’Leit op Munneref oder op d’haut louthréngesch Ganderen. (Dës fréier Urpor krut nämlech bis 1791 een Drëttel vum ‘Zehnten’.) Et goung op an of an der Uertsgeschicht.. de Maréchal Créqui hat z.B. d’Awunner 1684 zwangs-evaquéiert op Didenuewen oder Longwy. Fir de Munnerefer Kiercheneibau vu 1766 finanziell z‘ënnerstëtze koum Protest wéinst ze héige Bäiträg! Dorun dass et 1802 oder 03 mat Éimereng an der Weidemillen eege Por gouf an 1844 d‘Schoul fir d’ganz Gemeng krut erënnert en Text vum Lé Tanson. (Heimat & Mission 1979).

Um Chronogramm iwwerëm Agank vun der aktueller Elwenger Porkierch steet d'Joreszuel 1859. De vum grad emol 34 jäeregen Architekt Charles Arendt gebaute Grondrëss war e bësse méi grouss gi wéi geplangt, d.h. hiren Daach war anescht virgesinn an dofir ze kleng! Den Tuermsockel vun hirer Virgängerin gouf gutt am neien Tuermbau integréiert. Global gekuckt ass si a munncher Hisiicht relevant fir eise reliéise Patrimoine. Hir räichhalteg, intensiv Bildwelt hëllt vill Raum an, ass architekturbezunn a prägt se! De prachtvoll an eenheetleche geschnëtzte Mobilier vum J.P. Decker, dem „Älterhännes“ vu Munneref a Greef-Wierker, z.B. d’Margareta, d’Helena an de Stephanus beräicheren hiren Interieur. D’haut restauréiert Brücher-Wandmolereien (vu 1931) am sougenannte 'Nazarenerstil' hunn eng perséinlech Note. Si an d‘assortéiert Fënstren aus der Wierkstad Simminger ‘bestëmmen de Faarweklima’ vum denkmalgeschützte Bau (M. Schmitt). Den heigebuerene Nicolas Brücher (1874-1957) hat mat den zwee Gesellen Oscar Gasché a Michel Thiewels de Raum iwwer de Chouer eraus dekoréiert. D’ausgesprachen individuell Gesiichtsmimik weist dem akademesch ausgebildte Kierchemoler säin Talent ze porträtéieren... Seng Konscht ass iwwregens an 26 Kierche veréiwegt!

Dem Kierchtuerm Konkurrenz mecht de schlanken Elwenger Waassertuerm. Bei klorem Wieder gesäit een dëse bis op Richemont am franséische Museldall. Säit dem Joer 2000 weise grouss Panneauen um Léierpad duerch de Kuebendällchen interessantes, z.B. Gestengsschichten, déi no enger ëm 200 Millioune Joer aler Küstelandschaft ausgesinn.. Wéi do wéinst ongënschtege Konditiounen d'landwirtschaftlech Notzung opgehalen huet, gouf ë.a. Poulholz fir de Wäibau an souguer Elbling geplanzt. De 6 km laange Circuit kann ee bei de Kierche vun Elweng, laanscht d’Kourlerbaach oder vu Wëntreng oder Welleschteen ufänken. D’ëm 22 ha grousst Naturschutzgebitt mat rare Planzen, Päiperlecken, Brooche mat Seechomeskéip, (a vläicht vereenzelte «Réngelnatteren», lokal «Wasserschlauch» genannt..) presentéiert eng Brochure vun der Forstverwaltung. - D’apaart Inte-Soo steet net doran, mä am Buch vum N. Gredt. An hir kruten zwee Weesekanner beim Kéihidde Besuch vun zwou Inten. Beim Versuch se ze verdreiwe sot de Ganter “mir sinn äer Elteren“! D’Suite dann am Résumé… Op d’héiflech Fro no hirem Begier housch d’Äentwert, si hätten eng Wallfahrt op Tréier versprach a géife keng Rou fannen.. Schlussendlech sinn d’Kanner hanner den Inte gepilgert… an dës sollten an ‘hirer‘ Mass nom Sanctus géingt Himmel fléien.

P.S. Den Nic. Brücher hat no pietisteschen Ideale gemoolt an eng revolutionär Technik entwéckelt: dass d’Pigmenter sech onopléislech mam drechne Kallekbotz verbanne konnten huet en speziell Pigmentfaarwe mat Waasserglas besprëtzt. Vun him si beispillsweis och d’Éimerenger Kierchemolerei, déi an der Fiels, vu Remëleng (..an och an der Kathedral vu Plock a Polen.) De Marc Jeck verréit, datt de sougenannten "Autoportrait vun 1909" net den Nic. weist, mä säi Brudder Fränz, (deen an de 1930ger Vereedelungsversich mat Qualitéitsriewe gemat hat.) Dem Moler säin Autoporträit fënnt een am Péitruskapp lenks nieft dem Haaptaltor. Vum talentéierte mä bescheidenen Elwenger si Säz wéi: Konscht ass symbolhaft fir d’ “Versinnbildung des Geistigen und Göttlichen” - Konscht stoung “am Déngscht vun der Relioun an héchster Bléi” (”www.luxemburgensia Textquell) an “Die eindringliche, natürliche, symbolische Sprache redet die Kunst.”