Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ielwen

De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik. Hien hat eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen entworf, déi haut nach säi Stempel droen.. Et sin dat ënner anerem d’Kierch vun Ielwen, Räichel a Leideleng, déi aus der Fiels, d’Glacis Kapell a munch anerer... Mir versetzen eis elo a Gedanken an de Schweecherdall, well den 15. Mäerz 2009 vun do d’Sonndesmass iwwerdroë gouf.

Ielwen (oder Ielweng), Elvingen, ass eng 101 Awunner staark Uertschaft an der ‘Sonneblumme-Gemeng’ Biekerech. An dëser hirem Wope steet e schwaarze Wollef op den hënneschte Patten; hie representéiert d’Armoirië vun de Chevaliers d’Elvange. Säi Pendant, de sëlwere Léif weist op d’Seigneure vu Guirsch hinn… an d’Äbte-Stäf op d’Abtei vu Baardenburg (d.h. Clairefontaine) an de Priorat Mergendall (Mariendall). Tëscht 1247 an 1794 hat d’Clairefontainer Abtei de ganze Patronat vu Bieckerech an de partielle vu Näerden, Guirsch (B), Ielwen, Huewel a Schweech. Di dräi lescht maache mat der ‘ferme vu Läitreng’ de Schweecherdall. An si hunn zesummen eng Kierch di remarquabel ass!

Jo, d’Kierch Ielwen – Huewel hat eng am 12e Jh. erwänte Virgängerin an huet ganz konschtvoll Häerzstécker. Dëst sinn de skulptéierte Barock-Haaptaltor mat enger Cène, d.h. enger Dréi-Nisch, an enger grousser Mariä-Himmelfahrt Figur uewen; si ass dem Madonne-Buch vum Georges Schmitt no wahrscheinlech vum Andreas Doyé vun Dikrech aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert. Zu hire Féiss si mokelech Engelskäpp, déi sech gläichen… mat opfällege klenge ronne Nuesen, encadréiert vun enger Blummewollek. A säitlech impressionéieren d’Statue vun de Kierchepatréiner, vun deenen den éischten den hl. Blasius ass. Hir Fënschtere sinn deels nach vu 1919. E Subsid fir d’Kierchebänken vun 300 Frang mam Datum 1902 ass en Hiwäis op hiren Alter. D’Altär wéi d’Statuen an och de Priedegtstull kruten neierdengs hir laang verstoppte faarflech Pruecht erëm. Si stinn do wéi Denkmäler.... respektéiert a geschützt. S’entstounge wéi déi meescht fir fromm Betruechter net just duerch d’Konscht unzespriechen, d’helleg Figure solle beandrocken duerch hir Dugenden an hir Generositéit.

Den J.N. André, gebuer 1821 zu Ielweng, war 1853 mat der Famill émigréiert an de ‘Village of Luxemburg’ am Wisconsin. Hien huet do e grousst Verméigen erschafft duerch Fläiss a Spuersamkeet... (sécherlech Dugenden, déi en doheem virgelieft krut!) A senger aler Hémecht entstoung 1854 e neit Porhaus. Nennenswäert am Duerf ass och d’ Päerdsmolkerei an der aler Millen, op Nummer 5 am Millewee. Hir Spezialitéit, d'Mieremëllech ass d'Mëllech vu weibleche Päerd. Fir d' Fillen ass si an den éischte Liewesméint den eenzege Kascht. Soe mer dozou, dass de Mënsche- Konsum vu Stutemëllech net nei ass. Den Herodot hat 500 Jahre viru Chr. iwwer si geschriwwen: "Nutrit, robetat, al-retat", wat bedeit: "si ass nahrhaft, stäerkt a gëtt Energie". Déi al “Ielwener Millen" ass därzeit den éischten an eenzege ‘Produzent’ vun Stutemëllech zu Lëtzebuerg. D’Miere gi bis zu 5-mol am Dag gestrach, an hir Mëllech eegent sech als Ersatz vu Mamme Mëllech fir Bébé ‘en.

P.S: zum Duerfbild eng Zeil vum 1505 gebuerenen Olivier de Magny ‘Bienheureux est celui qui, loin de la cité - Vit librement aux champs dans son propre héritage - Et qui conduit en paix le train de son ménage - Sans chercher au loin autre félicité' ! - Elweng am Kanton Réimech huet iwwer 600 Awunner, si sinn 23 km vun der Stad; Ielwen aus dem Réidener Kanton läit 26 km vun der Place d'Armes...