Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Elleng

Am Text “Ellinger Blätter” gesouch de Robert Gliedner säin Duerf no um Dräilännereck: Virun him louchen um Horizont däitsch Héienzich, an hannerun him franséisch Grenzcafée mat gigantesche Reklammen. Seng allgemeng Betruechtungen iwwer Lëtzebuerg a seng 300.000 Awunner sinn am ‘Merian‘ vun 1964 ironesch; seng Fieder wollt u gewësse bourgeoisen “agemaachte-Cornichongs-Ideeën” krazen. Vill Intressantes vu verschiddnen Auteuren hat d’Festbrochure «Jubilate Elleng», 200 Joer Por Elleng proposéiert. A säit deem Anniversaire lauden zwou supplementär Klacken duerch dem renovéierten Tuerm seng nei Jalousien aus Douglasienholz. Déi eelst Schrëft, di d’Plaz concernéiert, dierft den «Fragment vun Ellingen» sinn, een Deel vum Fräiheetsbréif, dee vermuttlech wéi de Munnerefer vun 1281 ass. Den eelste Grafsteen an der Mëtt vum Duerf erënnert un de Réimer ‘Martialis‘ an domat och, datt e Kiem hei net wäit ewech ass.

Elleng war am Joer 768 eent vun den Dierfer, fir dat d’Abtei Iechternach gutt 1000 Joer wirtschaftlech responsabel war. ’t huet zum Dekanat Réimech, Archidiakonat Tholey/Saar an der Erzdiözes Tréier gezielt - a war mat Fëlschdref a Welfreng Filial vun der Urpor Duelem. Mat hir sinn d’Leit der Chronik vu 983 no jäerlech op Tréier gepilgert. Dëse beschwéierleche Wee huet spéider e Bittgank an d’Mënsterabtei ersat. - Kloë vu 1546 a 1609 no gouf den Duelemer Här entschiedegt fir ‘ongehale Massen’ an der Ellenger Kapell. Hire Bau (mam Chiffer 1621 op engem Außepfeiler) gouf no 20 Joer gelueft, a krut ee vum Iechternacher Abt Benedikt Zender gestëften Altor. Engem urale lokale Brauch no goungen d’Ellenger Meedercher ëm Liichtmessdag mat enger wäissgekleeter Popp duerch d’Duerf Geld sammele fir de ‘Muttergottes-Trousseau’. Fragmenter aus der Kierchegeschicht vum E. Donkel ernimmen Elleng 1745 als Celsus Kultplaz, déi Pilger aus “Dörffer ëm Mondorf an ëm Pëttlengen” ugezunn hat. Mä munncher sollte sech ‘mit der Frühmesse begnügen’! D’Duerf krut no 1803 als selbstänneg Por en éischte Geeschtlechen mat jäerlech 500 F. Gehalt. D’al Lambertuskapell krut dunn den Titel Porkierch. Hiren Zoustand gouf allerdengs rapid méi schlecht. Schlussendlech déngt hire spéitgotesche Chouer mat de Brücher-Fresken als Morgue a Kierfechskapell.

D’haiteg Ellenger Kierch vum Architekt Charles Arendt steet vis-à-vis vum Kulturzentrum Martialis. Hir feierlech Konsekratioun vum Beschof Adames hat vu 7:30 bis 12:30 gedauert! (1. 06.1872) (Zwou Woche virdrun hat nuets de Blëtz an déi al ageschloen.) Hiren Devis war 15.000 F, de Präis vum Terrain 1.400. D’Entrepreneure Brauch a Staar ware lokal Steenhäer. Aus der Virgängerin iwwerholl goufe Mobilier, d’Patréiner an zwou Klacken. D’Statu vum Lambertus war e fréit Greeff-Wierk (vun ëm 1712). 1856 gouf den eeleren (iwwer 120 jäerege) barocken Haaptaltor aus der Hesper Kierch kaaft. D’Fënstre vun ëm 1937,  ë.a. mat der Elisabeth vun Thüringen, si vum Brücher. (Eng eeler aus der Méchelskierch krut an de 1960ger eng nei Plaz an der Sakristei.) De Chronogramm iwwerëm Portal biet ëm dem Patréiner säin deegleche Schutz. Nach haut geet op sengem Fest d‘traditionell Lambertus–Pressessioun. An um Nokiermes-Weekend ass dat beléift „Ellenger Quetschefest“! Fir de Centenaire krut de Raum nei Kierchebänken an Mgr. Hengen sot, d‘kleng Por Elleng géif „op hir Manéier d’iwwer den Erdkrees verbreete visibel Kierch duerstellen.“

Am Joer 2006 hat Elleng 280 Awunner, 20 méi wéi 1787 - an Ufanks vum leschte Jh. 330 Leit an 72 Haiser. Dorënner waren “zwéin Epicieren, dräi Wiert, zwanzeg Aackerer, siwe Steemetzer, véier Steinhäer, véier Usträicher, dräi Schräiner an en Zammermann, zwee Schmätt, zwee Schouster, e Schneider, e Woner an ee Botterhändler”. 1935 ass d‘Celsus Päerd- an Huewerseenung nees opgelieft, an 1988 koum d’Decisioun d’Por sollt d’Zelsi-Feier zesumme mat der Amicale Elleng organiséieren. Si ass jo och responsabel fir d’lokalt Kulturliewen.. Haut defiléieren Ouschterméindes elegant Päerd, blëtzblank Trakteren, Autoen, Vëloen, Motorrieder a Rollstullfuerer duerch d’Uertschaft. - ’t bléif nach ze soen, dass di 1985 gestuele wäertvoll Statuen (dorënner den Niklos, Celsus, Urban an 2 Engelsfiguren) op http://ellange.eu/link04d.html veréiwegt sinn! Chic Gestë waren no där Perte e privaten Don vum neien Celsus, eng "hl. Anna mat Maria" (Greeff) vun de Fraen a Mammen, a vun der Chorale duerno eng Caecilia. Erfreelech war och 2005 d’Fräileeë vu Freske vum Münchner Otto Haemerle vu 1909 a vu Brücher-Skizzen, déi säi Schüler Oscar Gaschè 1937 ausgeféiert hat.- (D’Schicksal vun ale graffe Statuen: ware se net schéi genug fir nei Kierche, gounge se dem Kiercheregëster no ‘ad patres’ - d. h. se goufen diskret verbrannt.) (Text deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘.)

P.S. Elleng stoung am 16. Jh. op der Lëscht vun den 139 zur Sprangpressessioun verpflichte Poren vum Abt Bertels. Hien hat awer och aner Intressegebidder an z.B. d’Ellenger Wollefsmillen gemoolt; si ass haut um Buchdeckel vun “Ellinge - Ein Dorf zwischen Tradition und Zukunft”. Den Emil Wies zitéiert ënner aanrem doran den Här J.P. Besch, deen d’Duerf (Enn de 1960ger) als ‘dichtgekuschelten Häuserhaufen’ ëm e spatze Kierchtuerm genannt hat. Him haten hei ‘die schattigen Wege am „Wo'erbösch“ an den ‘ausgewalzten Janglisdamm, der vier Kilometer durch den Wald bis zum Scheuerberg führte..’ extra gutt gefall! Ëm der Ellenger Kierch hir éischt Uergel vun 1990, hir Klacken, an d' Krëpp, ëm d’Jangelisgare an e Bus mat Kolonnenuewen bléif nach villes z’erzielen! A kurios kléngt haut, dass beim Numm vum Kierchepatréiner, dem Lampert, eenzel Leit fréier un eng Luucht geduet hunn. Aanrer huet en drun erënnert, dass ‘t ëm säin Dag, (d.18.9.) owes méi fréi däischter gëtt an d’Huewer dann huet missen era sinn.