Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Äischen

Der Äisch hir Quell ass am belsch-lëtzebuergesche Grenzgebitt tëscht Sélange a Clemency. Si mécht zweemol kuerz d’Grenz tëscht Kënzeg a Grass …an tëscht Stengefort an Äischen. Da schlängelt si sech duerch den attraktiven “Dall vun de Siwe Schlässer” a fléisst no 40 Kilometer an d’Uelzecht. De nationale Wanderwee suivéiert dem Dall seng Kréngelen… Dës Landschaft ass mat hire kulturelle Schätz an der deels nach wëller Natur e Paradäis fir Spadséiergänger an eent vun de gréisste Naturschutzgebidder vum Land.

Nieft d’al Kapell zu Äischen hu virun 145 Joer de Jean Fournel an Antoine Hartmann eng nei Kierch gebaut. Hiren Haapttuerm ass 53,50 m héich, an dovun huet d’Daachpyramid der 20. Zwee héich Ronntier flankéieren d’Entrée mam Datum 1864 an der Gloriole - mat Péitrus dem Patréiner, mol mat Schlëssel, mol als Fëscher an mol a Ketten mat engem Engel als Tréischter. D’Tierm markéiere majestéitesch d’Entrée vum Land hanner der belscher Grenz vu Clairefontaine hir -well säit August 1839 ass Äischen e Grenzduerf.

Mat hiren 3 Schëffer gouf d’Äischener Kierch schonn emol ‘Duerfkathedral’ genannt! Hire Mobilier staamt aus der Virgängerin, di wahrscheinlech ëm oder viru 1550 entstane war. Den Haaptaltor huet Rokokomotiver, hien ass d’Wierk vum Skulpteur Mathias Rodolphe vu Bëschdref. 5 original Engelskäpp beliewen seng schwongvoll Corniche; d’Statuë vu Péitrus a Paulus ginn an d’Joer 1992 zréck. En Akt vu 1774 erwähnt den Ustrach an d’Vergulde vun den ale Säitenaltär. Dee mam hl. Jousef weist eng rar Duerstellung vun ‘Dei genetrix’ d.h. e Wäistack, deem seng Wuerzel dem Läif vu Maria entspréngt an deem seng Spëtz d’Jesuskand dréit. Säi Pendant um Tabernakel vum Marienaltor ass d’“Virgo clemens”, déi Onheel a Blëtzer ofwiert. Dem konschtvolle Priedegtstull seng d’Evangeliste-Profiler an hir Symboler sinn déif eraus skulptéiert – an mat hinnen harmonéieren di aner Statuen am Chouer excellent. Der romanesch inspiréierter Kierch hir Fënschteren aus dem Atelier Simminger weise biblesch Zeenen an hu ronn 100 Joer. Steet de Betruechter de Biller mat offener Séil géigeniwwer, kënne se him gutt Gedanken inspiréieren.

Bis zur franséischer Revolutioun hat d’Duerf un der Äisch zur Por St. Donat vun Arel gehéiert, seng Kanner goufen do gedeeft. Säit ëm 1805 ass et grad wéi Habscht eng selbstänneg Por. Béid haten och zesummen hir Freiheetsbréiwer vun der Ermesinde kritt. Aner intressant Daten an der Uerts-Geschicht: 1825 gouf hei eng Meederchersschoul gebaut, an 1886 een zweet Schoulgebai, di spéider Jongeschoul. Am August 1858 koum d’Décisioun Schwëstere fir de Schoulunterricht anzestellen… si bloufen 99 Joer hei. Kuerz no hinne koum dann d’Grënnung vun den Areler Bridder Kahn hirer Händschefabrik, an där bis zu 75 Leit geschafft hunn. Stroum krut Äischen 1921 vun der Stengeforter Schmelz; et ass gewuess an zielt haut souvill Awunner wéi de Sennengerbierg. Äischen huet an der Rue de Clairefontaine am sougenannte “Fräschepull" säit Juni 1960 e Footballs-terrain. Pill mat deem Numm hunn och Biermeréng a Walfer. De Numm Äisch staamt vum keltesche Wuert Iska fir Waasser; dëst ass och a ‘Marisca’ dem fréiere Numm vu Miersch. Et bedeit allerdéngs op friesesch Eisen.

P.S. Dee vu Brünn aus Mieren (Mähren) gebiertege Moler Ignace Millim ass ‘au fur et à mesure ‘ vu senge Commanden vun Duerf zu Duerf geplënnert an zu Äischen de 24. 4. 1820 gestuerwen. Senger Wierker sinn ënner aneren an de Kierchen vun Itzeg, Jonglënster, Remeschen a Steenem. Iwwert d'Renterter Kapell an d'aalt Stenge Kräiz wär nach munches z’erzielen... Di Äischener halen déck Stécker op hire Patrimoine, an se kucken Denkmalpfleg, sou wéi et emol e Kulturminsiter ugeroden hat, mat Verstand, Gefill, Geescht, Häerz a Séil!