Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Éilereng

Grouss- Kiermes ass traditionnell zu Éilereng am Januar, am Joer 2011 war dat den 23., Freides virdru war dofir Kiermesbal. D’Uertschaft, déi an d’Zäite vun der germanescher Völkerwanderung zréckgeet, huet zënter 1994 gutt Verbindungen duerch d’Collectrice du Sud. Dës verbënnt de Minettsbassin mam Beetebuerger Echangeur; an dass d’A13 Éilereng net an 2 deelt.... leeft se hei duerch e confortabelen 225m laangen Tunnel mat zwee Tuben!

Éilereng, Ehlerange, läit no beim Zolwerknapp, dee net nëmmen de Batti Weber un en ‘Dromedarbockel’ erënnert huet. ’t war 1282 als Elrenges, oder Elringen erwänt a spéider als Illeringen... an als Eelrange op der ’Carte de Cassini’ vun ëm 1750. D’Basis dovu geet op ’eler’ oder ’’Ailher’’ an wahrscheinlech op d'alhéidäitscht ’Elira’ fir Erle zréck. D’Duerf hat Joere nom 30 jäerege Krich (1618 bis 1648) an zwëschenduerch an der Peschtzäit just ëm 6 Haiser; an et war ëm 1690 no schlëmme Bränn a Misär zäitweileg ee ‘village abandonné an désert’. Haut huet et eng Populatioun vun 871 Leit - an souguer Scoute mam léiwen Numm ’Éilerenger Feldmais’!

De Buchdeckel vun ’Eng Gemeng an hir Geschicht’ ënnersträicht hei dat typescht mat Symboler: d’schlicht Kierche Silhouette, eng Plouschar an brong Erdfaarw weisen d’Plaz als fréiert Bauerenduerf aus. D’Uertschaft krut eng modern Touche duerch de ‚Kulturschapp’, d’Cité ’Op Gewaennchen’ an d’regional Aktivitéitszon Zare, wou ënner anerem e ’royaume du chocolat et de la gourmandise’ steet mat Atelier an Laboratoir no de leschte Qualitéitsnormen. Déi grouss mä nach jonk Éilerenger Harmonie gouf 1985 gegrënnt an zielt haut iwwer 100 aktiv Memberen; De 25 jäerege Veräin ëmfaasst eng ’Strëpp’ an e Jugendorchester, d’ 'Éilerenger Harmoniechen’ a spillt natierlech fir d’Kiermes den Hämmelsmarsch. Méi en harmonescht a responsabelt Spill wéi fréier erlaben zu Éilereng haut nei "kannerfrëndlech Schoulhäff" mat ‘espace de découverte’ an Amphitheater. Nieft der Schoul sinn si e Bäitrag zu enger besserer Entfalung vun der Perséinlechkeet vum Kand.

’Éilereng, di klengst vun de fënnef Pore vun der ‚unité pastorale’ Suessem (an 1952 offiziell vum Staat unerkannt...) war bis 1805 Filiale vun Zolwer. D’hat seng eege Kapell an en eegene Kierfecht. De Bau vum Porhaus fir de Vicaire koum 1807. Ob grouss Kapell oder kleng Kierch ass nodréiglech schwéier ze definéieren. D’Chronik schreift nämlech dass d’Kierch "Saint Remacle" vun 1747 no 200 Joer vergréissert gouf. Se krut entretemps Statioune vum Emile Hulten, Plättercher vu Villeroy & Boch an eng Zäitchen drop Fënschteren vum Ady Deville... en plus en Teppechbuedem a nei Still. Bei Sankt Mëffert (fir d’Ouschterbeicht) op Éilerenge biede goen, “mat Ierbsen an de Schung” heescht et am néngte Gesang vum Rénert! An “wéi en endlech do ukoum… huet seng Schung de Wollef ... mat Wéimren ausgezun…». Sankt Mëffert ass natierlech en imaginären Hellegen a gebuer an der Fantasie vum Méchel Rodange. (...Fir déi di dëst Wierk net kennen, huet den Internet et gespäichert!)

PS. De Gedanke läit no, dass d’Duerf an der Suessemer Gemeng zesummen mat Éiléng eng Grënner Figur huet; di zwee leien net wäit vuneneen a sinn op der Landkaart just duerch ‘Monnerech’ getrennt! Ob de Numm Ehler op e rare Virnumm oder en heefege Familljennumm zréckgeet bleift e Rätsel. Ob Ehler wéi Eilert eng Nieweform vum alhéidäitschen Egilhard ass, a verwandt mat ‚egga’... d.h. mat ‚Schneide’ ze dinn huet… doriwwer denkt haut hei kee méi no. D’ Plouschar am Wopen kéint dofir awer méi wéi eng ‘raison d’être’ hunn…!