Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Éihleng

Fréier goufe Kiermes Preparatiounen zu Éileng wéi iwwerall scho Wochen am Viraus ugefaangen. No der grousser Botz an dem Raume vum Späicher hun hei da Brocanteuren aus dem Grenzgebitt munches fir bëllegt Geld kaaft. An et koum wéi op munch anere Plazen beispillsweis ee Lompekréimer aus dem Rollengergronn duerch d’Stroossen; et konnten deen Ament al Kleeder géingt Parzeläin agetosch ginn. Éileng ass net ze verwiessele mat Éilereng… dat an der Gemeng Suessem läit.. Di 1. Silb vu sengem Numm huet de Klang vun engem germaneschen Numm; Ehl  oder Ehle  fënnt een heefeg un der Musel,  ‘t  schingt  en 'hypocoristique ‘ d.h. en Diminutiv  ze sinn  vun  Ehlert.  

Éileng, Ehlange, un der Mess huet ronn 200 Stéit a läit un der Dräikantonsstrooss an der Gemeng Reckeng. Gouf ee fréier emol ‘Éílenger Schaddeler’ vernannt, huet e net fléissend mä ‘tuddeleg oder ofgehackt’ geschwat; an alen Texten no gouf  hei ‘Klénk’ gesot fir d’Klensch. An der onopfälleger Kierch falen en Tonneverwëllef’ aus Holz op, einfach Ronnboufënschteren, gudde Barockmobilier mat ënner anere gekréinte Statuë vum N. Greef-Roesdorf, d’hl. Katharina an Barbara. Iwwer der Kierchendier waacht de Willibrord. Ëm d’Kierch si nach e puer konschtvoll neogotesch Griewer vun tëscht 1850 a 1900. Si sinn e wichtegt Kulturgutt a waren e Symbol fir Muecht oder Räichtem an bleiwen Témoin vu private Liewesgeschichten. De massivem Tuerm huet eng niddereg Spëtz an donkel Verkleedung wéi den Daach. Wéi d’Duerf eng nei Kierch gebaut hat, gouf et mat Pisseng a Wickreng 1803 e Porverband, mä am Februar 1844 ass d’Kaplanei Éileng zu enger eegestänneger Por avançéiert. Neierdéngs zielt et zum Porverband Betten un der Mess. Eng Notiz vun 1875 mentionéiert e Subsid vu 750 Frang fir d’neit Paschtoueschhaus - an eng vum Mäerz 2005 ernimmt di nei Kierchestill.    

An der Feudalzäit war Éileng Deel vun der Landmeierei Beetebuerg a vun der Por Reckeng /Mess. Percepteur vu ‘grondrechtleche Gegebenheeten’ waren d’Häre vun Uespelt. D’kierchlech Dîme ware fir d ‘Kléischter Mariendall, Déifferdeng, dat um ‘Hellege Geescht’ an d’Mënsterabtei. Rondrëm d’Mäertes-Kiermes ass kaum Besonnesches ze soen; aplaz vun enger Kiermesbud  koum fréier e Mann mat engem Weenche mat Séissegkeete laanscht. Di Éilenger Leit leeën éischter Wäert op d’kléng Kiermes op Jokesdag, um leschte Juli-Sonndeg. Da mécht de Gesang Samschdes den Tour a séngt den Hämmelsmarsch, en Tour dee bis 3 Stonnen dauert!

A Propos Stonnen… De Bus-Horaire vu 1915 op d’Dippecher Gare oder Esch weist, wéi zäitobwenneg Reese fréier war:  départ Ehlange 7.20, arrivée Esch 8.00…  Besser Verbindunge ware schonn 1909 en Thema: d’Regierung hat de Bau vu verschiddene Schmuelspuerlignen autoriséiert, awer eng wichteg envisagéiert Streck, eng elektresch Bunn vun ‘Esch – Monnerech – Steebrécken –Éileng – Leideleng – Zéisseng – Hollerech – Lëtzebuerg’  blouf just ee Projet! Wierklechkeet ass säit 1851 hei d’Dräikantonsstrooss,d’ N13, déi vum Wandhaff op Bus geet. Ausgelieft hat 1964 hei e Baamveteran; d’Zier vum Duerf’ …den  ëm 700 Joer alen Taxus hat vill Kiermessen an och  schwéier Zäite materlieft. A sengem huele Stack louche masseg Kiischtekären. Op seng Plaz koum eng Schoul, zäitweileg, mä haut léieren d’Kanner vu hei a rondrëm den ABC zu Reckeng! 

P.S. Ob emol ’Éilen’, oder Wisen Éilen, sougenannt Onken oder Réngelnatteren hei heefeg waren..? D‘Äntwert op dës Fro, grad wéi den Alter vun der lokaler Variant vum Duerfnumm ’Eiljen’ weess eleng de Wand… oder vläicht och nach eng eeler Bamkroun laanscht d’Mess! Dës fléisst gemittlech tëscht 309 an 286 m Héicht, also ouni vill Gefäll vun der lénker Säit an d'Uelzécht. Se huet mat hiren 13,7 km knapps ee méi wéi d'Péitruss an... just 13 km ass d'Distanz vun hei an eis multikulturell Haaptstad.