Iechternach
Zur Réimerzäit hate räich Treverer zu Iechternach hir zweet Residenz, Grondmauere vun sou enger Villa leie beim kënstlech ugeluete Séi. Et louch am 8. Joerhonnert mat sengen 3500 Awunner geographesch 7 Meile vu Lëtzebuerg a 4 vun Tréier. E gewëssen Obschwonk krut et duerch d’aalt Klouschter, wou "Wandermönche" wunne konnten an duerch d'Benediktinerabtei. Seng Pergamentcharte vu 762 gëtt haut am Nationalarchiv mat wäissen Händschen ugepaakt. D’Stiedche krut am Mëttelalter de Besuch vu 4 Keeseren a vum Popst Leo IX. an hat d’Recht Mënzen ze prägen. D’Stadrecht mam Fräiheetsbréif vun der Gräfin Ermesinde ass vun 1236. Déi am 15. Joerhonnert attestéiert Sprangpressessioun sollt no 1825 Sonndes sinn, fir keng Aarbechtszäit ze verléieren. 1804 koume ronn 7000 Friemer pilgeren, 1812 goufe 5000 Dänzer an 4000 Spektateure gezielt. Kaum bekannt ass, dass fréier Jonker fir Geld am Numm vun Eelere gespronge sinn. Nom Bau vun der Eisebunn hu nieft Pilger och Touristen am Sauerstiedchen Geld ausginn..
Iechternach hat tëschd 550 a 700 eng Missiounskierch aus där d’al Porkierch ervirgoung. No 698 heefe sech d'Detailler. Der Äbtissin Irmina vun Oeren (eng gebuere Pfalzgräfin Hermine) hiren Don vum Landgut "Epternacum" hat Grousses erméiglecht! De 40 järege Missionar an Utrechter Erzbeschof wollt no senger friesescher Beschëfskierch hei eng Abtei bauen fir Benediktiner ze forméieren a sech no Missiounsreesen z’erhuelen. 706 war di dozou gehéireg Sallkierch fäerdeg. D'Kalennernotiz vu sengem 70. Gebuertsdag ass e Bilan "Im Namen Gottes glücklich, erfolgreich"! De Willibrord gouf 739 hei begruewen an ’t koume vill Pilger op säi Graf. 800 war eng nei Kierch néideg. (Fürsten a Mäzenen hunn der Abtei Lännereien iwwer eis haiteg Grenz eraus geschenkt, z.B. d'Kierche vu Kröv, der Giischterklaus an Hesper - a vun 124 aanren Uertschafte konnt se Steieren anzéien.) De Mönchen hir Aktivitéite si rapid gewuess; se hunn am déiwe Respekt virum Evangelium al Schrëfte kopéiert a konschtvoll verziert. Den herrleche "Codex Aureus" mam wäertvollen Deckel entstoung ëm 1031 an der Bléizäit vum Abtei-Skriptorium op Pergament . D’Abteischoul huet nieft Missionaren och Dichter, Bildhauer, Architekten an Dokteren ausgebild. No engem Brand krut 1031 hiren ottonesche Neibau d’haiteg Gréisst. Trotz villen Erneierunge bestëmmt d’romanesch Architektur der Basilika hiert Raumbild. Hir karolingesch Krypta aus dem Joer 800 mam "Tonneverwëllef" an 300 Joer jéingere Fresken blouf erhalen.
1794 hate franséisch Zaldoten d’Abtei gepleimt, hir 17 Patre sinn op Maria Laach geflücht. Vun de 7.000 Bänn aus der Bibliothek goufen der 1.500 erëmfond. 1796 koum eng Porzelläinsfabrik an d'säkulariséiert Kierchemaueren an d'Bausubstanz huet gelidden. No der Revolutioun hat de Napoleon d'Valeur vun der Relioun fir d’staatlech Uerdnung erkannt an d'Sprangpressessioun sollt nees floréieren. Dem Willibrord säi Boussgewand, dat den Däche Coner vum fréieren Irmineklouschter kritt hat, gouf eng Attraktioun! E kathoulesche Magazine vu La Haye hat 1840 eng Lithographie mam Abteikomplex gedréckt op där Damp aus dem Basiliken-Tuerm koum. (Si sollt deemols nach als Industriehal dengen.) Dank dem neigegrënnte Willibrordus-Bauveräin gouf si 1868 nees geweit . D'Reliquië vum Hellege goufen 1906 feierlech aus der aler Porkierch an e neien edele Sarkophag aus weissem Carraramarber bruet, dee säit 1938 ënner dem Altor rouht. An d'prestigiéis frësch restauréiert Klouschterraim koum 1899 de Kolléisch. Op Krëschtdag 1944 huet Iechternach bei der Sprengung vun eiser zweeter Wallfahrtskierch geziddert. D’Krypta blouf ganz an der Maximilian-Klack vu 1512 hire Klöppel gouf erëmfonnt.
D’Grondsteenleeung vum majestéitesche Neibau war 1949, fäerdeg war en 1953 an der Originalhéicht vun 1031. Virbild fir d’Haaptfassad an d’70 m héich Tierm war d’Kierch vu Paray-le-Monial. Gerett gi waren d’monumental Holzstatue vum Willibrord a Benedikt vu 1700 an e fréihbarocke Säitenaltor mat den Hellegen Sebastian a Rochus an dem Abt Petrus Fisch vu 1638. De vum Abt Bertels bestallten Stevens-Tableau vu 1604 mat Abteikierch, Willibrord a Pilger impressionéiert an der Kapell am nördleche Säiteschëff. De neie Fënsterzyklus entstoung no engem Concours vu Glasmoler a weist d’ Wierke vum Friesemissionar. D'stenge Kräizweestatioune vum Albert Hamus an den Haaptaltor aus Travertin mat Evangeliste-Symboler vum Auguste Trémont intégréiere sech gutt an d’dräischëffeg "Pépstlech Basilika" - an dee Rang gouf si 1939 erhuewen an sou kennzeechent e Wopen si am Giewel. Dem Sauerstiedche seng bedeitendst Baudenkmäler, de goteschen "Denzelt" vu 1465, d’Justizkräiz oder "Urtsel" an d'intim Péiter- a Paul-Kierch si Juwelen. D'Abtei hat an dausend Joer Geschicht 72 Äbt; hire Prälatenhaff an d'imposant Fräitrap vu 1727 an d'apaart "Orangerie" erënnren un eng grouß Epoque. Si vereenen Architektur a Landschaft a seltener Harmonie... a man de Balzac Saz wouer: "L'art est de la nature concentrée". ( Kierchtuermscauserien 2008)
P.S. Ähnlech al wéi de Codex Aureus ass d’ëm 2 km laang Iechternacher Stadmauer. Fënnef vun hiren Tierm, an deene fréier Wiechter gehaust hu, bidden haut Vakanzwunnengen mat mëttelalterlechem Flair an deels Rondbléck iwwer d’Sauerstiedchen. D‘ ‚via epternacensis’ féiert mol op 5 mol op 11 km duerch d‘historesch Abteistadt laanscht d‘Réngmauer, duerch schmuel Gaassen, bis bei den noe Séi. Déi mam Uertskär verwuerzelt Sprangpressessioun gouf de 16. Nov. 2010 als „The hopping procession of Echternach“ vun der Unesco an d’immateriellt Kulturierwe vun der Mënschheet opgeholl. Dës Gidder dréien ëm Riten a Ritualer; Grënn fir si zum Kulturgutt z’erklären heeschen: se schaaft Identitéit a fördert d’Bewosstsinn fir de Schutz vu Patrimoine. Am dofir kreeéierten Dokumentatiounszenter, am nei iwwerdaachte Bannenhaff zwësche Basilika a Sakristei, hängt ënner aanrem de 4 op 6,30 m grousse restauréierten Tableau, deen de Lucien Simon fir d’Paräiser Weltausstellung vu 1937 gemoolt hat. Um Bild ‘sprange se dréchen’ d.h. zu Prüm sinn s’ enger aler Wiederregel no ‘naass gesprongen’...