Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Donkels

 

Donkels ass eng laanggezunnen Uertschaft an der Gemeng Wanseler. ‘t huet haut 244 Awunner, ee méi ewéi d’lescht Joer. Dunn waren hei nieft 142 Lëtzebuerger 81 Belsch Staatsbierger an e puer aus anere Länner registréiert. Di 3 Losangen am Gemenge-Wopen hänke mat de fréieren ‚mayeurs de Doncols‘ zesummen.…. Et war nämlech 1469 eng Mairie …Eng selbstänneg Por gouf et am 19. Joerhonnert.

Bekannt si ‘wi de Wollef vun Donkels’ ass en Hiwäis op e Schéifer vu Bras; dësen huet ufanks vum 19. Joerhonnert hei Kierf verkaaft an Aventure mat Wëllef erzielt a wollt da fir seng Geschichten eppes z’Iessen. Duerch säin ëmgehaangene Wollefspelz war e ronderëm bekannt. 1966 hat een Timber vum Foni Tissen un hien erënnert, haut hunn di Donkelser hien an engem Monument veréiwegt. (D‘Prime fir e Wollef z’erleeën war fréier 40 Frang, fir d‘weiblecht Déier, 50 Fr.)

Gëtt hei en ‘Donkelsert Kauderwelsch’ ernimmt, ass e wallounesche ‘Bastognard’ gemengt, d’Leit waren hei zweesproocheg. Se hunn awer och lokal Ausdréck, leien z.B. ‘Mäbromen om Daach’ ass et niweleg… an ëm Gehaansdag fléien hei ‘Feiermecken’. Zënter di nei Grenzligne besteet (1839) duerch den Traité vu London zielt et net wéi aner wallounesch-sproocheg Uertschaften zur belscher Provënz Lëtzebuerg mä zum Grand-Duché. Franséisch Flouernimm wéi ‘Bois des Poux’ an de’ Chemin des Douaniers’ oder d’wallounesch Bezeechnung vum Donkelser Uertschaftsdeel Bohoy (dee lokal Boheu ausgesprach gëtt) erënneren u fréier. Um Plang falen och speziell Flouernimm op z.B. ‘sus la ville’ - ‘sous la ville’ a ‘vieille Doncols’. D’Duerf hat laang mat 17 aneren aus dem Éislek zurm Doyenné Bastogne gezielt. En ëm 240 Joer ale Baaschtnecher Text aus dem Joer 1766 verréit Détailler vum Landliewen aus der Ëmgéigend... ‘En parcourant les données concernant les professions des chefs de ménage et adultes vivant d’un métier, on constate  que c’est vraiment le pays des gens de la terre: plus de 3.750 se déclarent d’une profession de paysan. Ils sont entourés de quelque 380 domestiques, 122 valets et de plus de 430 bergers et gardiens de leur nombreux bétail.’  

Dat modest Duerf sollt eréischt am 16. Jh. eng Kierch kréien… Am November 1798 koumen hir 2 Klacken an d’Stad an 1801 gouf eng vun hinnen zréck op Wolz bruet. D‘aktuell Kierch huet Still, e klassesche Mobilier a Fënstren vum Gust a Jean Zanter. Hiren dekorativen Tuerm leet sech widder d’Schëff a béid  genéissen de Schutz vum hl. Gangolph, dem  Patron vu  Gierwer, Schouster, Kanner a Päerd. -  Nach ze soen: D’Dorenkelserbaach entspréngt op 449 m op "Bohey" (od. Bohoy), leeft no 2,5 km an d’Sollerbaach a mat dëser biergof an de Séi.… An : Am aal-louthrengesche bedeit  “an  t’ Donk goen” oder ’donken‘…  om Wanterowend zesummekommen… also ’uuchten’… E Brauch deen  zum Mathis Wildanger sengem Tableau d’ ’Bauerenhaus zu Donkels’ passt. D’Fro ass... ob dëst nach steet?                                       

P.S.  Donkols huet  jee no Sproch verschidde Schreifweisen, ‘t steet um Stroosseschëld uewen als Doncols a war 1469 als ‚Doncol‘ agedroen.… Am Héichten-Duerf gebuer  ass1857 de Moler Ferdinand "Fenny" d’Huart. Hie war Zeecheprofesser,  9 Joer President vum ’Cercle Artistique de Luxembourg, an hat  sech ee Numm gemat mat Blummebiller a virallem mam Portraitéiere  vu groussherzogleche Familljememberen.