Lëtzebuerg - Dummeldeng
Am Joer 1766 waren zu Dummeldeng 338 Leit agedroen an ëm 1800 ewell 400. Nom Gesetz vum September 1794 koum d’Duerf mat ënner aneren der Millebaach, Weimeschkierch a Beggen bei d’Gemeng Eech. A säit Juli 1920 gehéiert dës zur Stad Lëtzebuerg. Texter vun 1823 verroden, dass der Uelzecht hir Iwwerschwemmungen d’Dummeldenger Wise fruchtbar gemat an d’Glasburen hei 6 Mille gespeist hunn. D’Buchdrécker haten hei 1864 di éischt Gewerkschaft vum Land gegrënnt; se hu sech agesat fir bessere Loun a sollten no 8 Joer dann d’Erofsetze vun 11 op 10 Aarbechtsstonnen deeglech erreechen!
D’Schmelz Dummeldeng-Gréngewald hat als éischt am Land en Héichuewen; de Jean de Ryaville hat en tëscht 1609 a 1615 un d’Iechternacherstrooss gebaut. No verschiddenen Häre gouf 1777 den Dokter Charles Joseph Collart (+1812) hire Besetzer. No hirer Schléissung 1815 an där vum Hummerwierk, 42 Joer drop, koumen d’Eecher Schmelzhäre mat neie Projet’en. D’Häre Metz & Co. hunn 1865 eng Schmelz bei d‘Uelzecht, laanscht d'Schinne gebaut an dës hat bis zu véier mat Minette a Kocks bedriwwen Héichiewen. Bei der Eisebunnskatastrophe 1870 mat 12 Doudegen ware 35 Waggongen voll Minette a Koks bei der Gare an e Persounenzuch gerannt. D’Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck bestoung du grad emol 8 Joer. Vun 1909 bis 1927 huet d’Metze-Schmelz den elektresche Stroum un d’Stad geliwwert... hir Gesellschaft goung 1911 an der Arbed op. Soe mer nach, dass d‘90m laang Dummeldenger Charly’s Bréck di éischt mat Déifferdenger Grey-Poutrelle war (nom Entworf vun der S.A. Paul Wurth vu 1902.)
Mat der Uertschaft verbonne bleiwen ëmmer d’Famillje vun de Schmelzhären an hir Schlässer, mam Numm Metz dat Beggener op Dummeldenger Terrain, an zanter 1915 den Institut Emile Metz. D‘Eltere vum Grënner vum heitege Lycée technique (dee Schmelzaarbechter forméiere sollt) haten duerch d’Fondation Norbert Metz de Bau vun der Eecher Klinik ënnerstëtzt. Mam Numm Collart verbonne sinn d’al Schoul, d’Kierch an d’Männerchorale. Si enstoung 1861 ënner dem Impuls vum Schlassproprietair, hie war 57 Joer hire President. Op d’Fundamenter vum ale Renaissance Schlass hat de Charles Collart 1869/70 ee markanten neogotesche Bau opriichte gelooss. Seng Famill huet och d‘nei heiteg Dummeldenger Kierch no Plange vum Architekt Jean-Pierre Knepper deels finanzéiert an d‘Vikarshaus baue gelooss. Hir Steng an déi fir d’Schoul koumen aus der Dauschkaul.
D’Kierch ersetzt d‘ Hubertuskapell vu 1777 a war 1891 fäerdeg am Réibau; hire spéidere Präis war 26.700 Frang. Virun hir ass haut den Haupeschbuer. Fir hir 100 Joer Feier koum eng 3. dem séilege Schetzel geweihte Klack an den Tuerm. - 1898 krut Dummeldeng eng eege Kierchefabrik an e Kaploun. Wéi d‘Kierch 1903 schonn ze kleng gouf, war d’Léisung zwou Fréimassen! Och spéider waren hei Sonndes 3 Massen. 1917 huet de Brücher di monoton Wänn am Chouer verschéinert mat 3 Fresken: der Rousekranz Kinnigin, engem mystesche Liewensbuer mat 7 Quellen an enger Krankenheelung. Déi mëttelst hu spéider Kräizigungsmotiver ersat. 1972 goufen d’Fresken iwwerstrach, mä Dank begeeschterter Sachkenntnes sinn d’Molereie säit e puer Joer nees fräigeluet. Hir Figure sinn u liewege Modeller inspiréiert an hunn eng staark Ausdrockskraaft. De modernen Altor ass aus Marber - an d’héicht Element am Fong mam Tabernakel, eng stole Wand mat héichgestallten Eisen-Dunnen huet d'Arbed gemat, an 't steet symbolesch fir d’Schmelzen.. Renovéirungsaarbechten hu spéider Bazar’en a Scheierfester finanziell ënnerstëtzt.
P.S. Dummeldeng louch fréier un enger Ofzweigung vum Réimerwee Arel-Tréier, genee gesot um Verbindungswee tëscht Mamer –Stroossen –Rollengergronn –Millebaach -Blaaschend –Miersch. De Wee duerch de Bësch um Dummeldengerbierg gëtt haut nach ‘Kutschewee’ genannt. D’Uertschaft war an ass nach Filiale vu Weimeschkierch, a se gouf ewell 1431 bei Donatiounen als Doymeldingen ernimmt an den Archives de l’Etat.