Déifferdeng
Eis drëttgréisst Stad vum Land, Déifferdeng, hat ewell munch Adjektiver, beispillsweis Dorado vun der Stolindustrie oder ‘cité du fer’. D’attraktiv 'Menhiren' am Rondpoint mam Waasserspill representéire momentan nach hir eenzel Gemengesektiounen (*) déi Enn Abrëll 2014 zesummen 23.831 Leit aus 90 Natioune gezielt hunn. ('t ass eng Kräizung mat Luuchten do geplangt...) An der Belle Epoque waren hei z.B. aacht Coiffeuren, zwou Apdikten a säit 1903 zweemol d’Woch e Maart. Et hat 1907, wéi et den Titel "Stad" krut, 12.110 Awunner a kuerz drop iwwer 100 Café’en. De lokale ‘Biergaarbechterënnerstëtzungsveräin’ gouf 1909 gegrënnt mam Zweck krank a blesséiert Membren finanziell a moralesch bäizestoen.(Honnert Joer drop gouf drun erënnert, dass d’läscht Grouw vum Land, den ‘Thillebierg’, zenter 1981 broochleien.) 1917 haten hei Bommen relativ grousse Schued gemat. En Tram goung hei säit 1926… D’Uertschaft hat, dem Fils vum Notär a Schrëftsteller Marcel Noppeney no, relativ laang e ‘caractère résolument champêtre’. Se krut allerdéngs 1952 den hypermoderne Ciné Mirador. An deemols huet de Josy Poullig fir 400 Frang d’Stéck Filmplakate gemoolt an och iwwermoolt, well d’Toilen deier waren. (*Niederkuer, Uewerkuer, Lasauvage, de Quartier Fousbann a Woiwer.)
D’Duerf 'Differtingen' ass 1235 ernimmt an engem Schenkungsakt un d’religieuses de l’Abbaye de Fontaine-Marie. 1310 hat säi Châtelain Wëllem vun Zolwer nieft dem Jang dem Blannen der Stad Lëtzebuerg hire Fräiheetsbréif signéiert. Säi Fils Ludolphe sollt 1338 Déifferdeng d’Fräiheet schenken - an ë. a. dem Wenzel I. säin Testament matsignéieren. (R.Bour) Zu de wichtege spéideren Herrschaften zielt d‘Anne d‘Isenbourg. Si hat hir 1552 verbrannten Zolwer Stammbuerg opginn an d‘vu Fransousen zerstéiert Déifferdenger Waasserbuerg restauréiert. Duerch si an hire Mann Franz vu Manderscheid hat dës 1577 finalement hir U-fërmeg Renaissance-Silhouette an d‘elegant Tierm. En Zäitspronk iwwerflitt verschidde Besëtzer a weist 1766 baufälleg Maueren. Well Déifferdeng op der Grenz vu franséischen an éisträicheschen Truppe louch war et dacks schlëmmen Attacken ausgesat. Sou och am Abrëll 1794. An 1801 goung d’Uerder u jong Männer an d’franséisch Arméi anzetrieden. Vun de 57 Napoleonsdénger koumen der just 18 zréck. An d’Schlass? No iwwer 160 Joer krut et säi Stil erëm. Säi leschten Ierwen Antoine-Gabriel d’Arnoult de Soleuvre war laang Buergermeeschter, 1914 gouf d’Hadir säi Propriétaire a spéider d’Arbed. D’verschwonne Waassergriew huet en ‘écrin de verdure’ ersat. Am renovéierten Haaptgebäi (engem ‘trésor caché’) hu Schmelzdirektere residéiert an héich Gäscht empfaangen. Zënter 1997 fannen do am Campus John E. Dolibois vun der Miami University amerikanesch Studenten ’inspiration and a living history for their European experience.’
D’Zisterzienserinnen Abtei „Fontaine-Marie“ hat, wi ugedeit, den Alexander vun Zolwer gegrënnt an der Suerg ëm säi Séilefridden…(Hien hat dofir 1235 en Haus, eng Millen an e Weier gestëft - an d’Ermesinde hat si an hirem Testament net vergiess.) D‘Uerdensfrae koumen aus der lëtzebuerger Noblesse a spéider deels aus Loutrengen. 1730 entstoung de barocken Abteifliggel. A seng Raim koum no 1800 en herrschaftleche Wunnsetz an zäitweileg eng Klinik. Den eelste Fliggelen an der Abteikierch hir Steng goufe verbaut; de Mëtteltrakt déngt haut als Pflegeheem. Den Tableau vum Armand Schiltz, (am New Art Café) weist d‘Abtei mam kléischterlechen Emfeld ëm 1805. - Un d'aalt Schlass Gerlache erënnert e 85 Ar grousse Park mat ale Beem an engem Pavillon. D’Gemeng hat et ëm 1920 kaaft, an d‘kierzlech reamenagéiert gréng Long vun der cité du fer gouf e beléifte centre de détente. Eng Hallschent vum Domaine ass verbaut, déi aner krut 1933 hir wäithi bekannt Blummenauer. Se schléit d’Véirelstonne mat engem Klackeschlag a gouf fir hir 75 Joer mat 13.000 Blumme beplanzt! (Hirt Virbild gesouch de Buergermeeschter zu Interlaken.) Hir Pläng koume vum Jean Schwickerath, engem estiméierte lokalen Auermécher! Hien hat beispillsweis d’astronomesch Auer aus der Stroossbuerger Kathedral reparéiert! De Band 2 ‘Al Berufer a Broutverdéngschter’ beschreift seng Aarbecht. Nach e Bléck zréck: den hei gebuerne Baron Alexandre-Jean-Joseph de Gerlache de Waillimont (1850-1908), Deputéierten, Jurist an Industriellen, hat 1896 mam Paul Wurth (1863-1945) d’S.A. des Hauts Fourneaux de Differdange gegrënnt an 1898 hu si spontan dem Henry Grey säi Brevet vun de Grey-poutrelle kaaft! (D’USA hat hir Qualitéiten ufangs net erkannt!) Dräi Joer drop ass dunn eng Success-Story ugelaf, well Déifferdeng weltwäit d’eenzeg Usine hat am huet fir dës Dunnen hirzestellen!
En trist Kapitel dréit ëm d’lescht Porkierch. Wéi Déifferdeng als Filial vun Uewerkuer 6mol sou grouss war wi d’Nopeschduerf gouf et 1861 selbstänneg. Gläichdrop huet eng neogothesch Kierch d’modest Kapell vu 1675 ersat. Hir Nofolgerin entstoung 1954 no Plange vum Architekt Fournelle op bestoend Fundamenter. (Bei hirer Konsekratioun am Dezember 1955 hat d’Männerchorale 50 Joer.) Alles goung gutt, bis säitlech Chantieren hir Basismauren un d’Ziddere bruet hunn. Du gouf un hirer Stabilitéit gezweifelt an ë.a. gebaangt fir hir Fënstre vum Gustave Zanter an de Mosaïk vum Paräiser Jean Barillet. Net ze vergiessen deen hei placéierte, vun der Arbed realiséierte, Poopstaltor. Sécherheetsgrënn hunn den Ofrëss diktéiert - an d’Désakraliséierung vum 2.12.2012. D‘Jousefs-Kierch um Fousbann hat den Architekt Deitz 1933 entworf. Kuckeswäert sinn hire Mosaik vum Zanter, de Basilikeplafond an d’héich Chrëschtkinnecksstatu vum Professer Desual vun Dinant. An Traditioun huet de lokale Cortège op Bärbelendag.
P.S.“An der Geschichtskëscht gewullt” heescht e Kapitel vun der Gemengen-Home-Page. D’Uertschaft mam ‘patrimoine éclectique’ a fréieren ‘exploitations à ciel ouvert’ huet munch Attraktives, z.B. d’Foussgängerzon, d’Moartplaz an d’modern écologesch Spillplaz. Se war am Krich eng Héichbuerg vu Resistenz a gouf de 9. September 1944 liberéiert. Hire Monument des passeurs datéiert vun 1965. An à propos Schmelz… nach an den 1960ger stoungen no der Schicht an engem noe Café fäerdeg Humpen prett fir d’Oarbechter. (An ‘t blouf do dacks net bei engem Jong an engem Meedchen, d.h. engem Humpen an enger Drëpp..) 1971 hat si 7.400 Mataarbechter; 1975 koum d‘Stolkrise, mä d’moderniséiert Greystrooss huet weider 70.000 Tonnen Träger pro Mount geliwwert. (1976 hat d‘Queen Elisabeth d’Arbed Déifferdeng besicht..) Ob déi, di do geschafft hunn, am roude Greyträger an der Entrée vun Nidderkuer e Konschtwierk gesinn? De Stadingenieur René Goerres wollt 1989 mat deem verspillte stolen “S“ d‘Flexibilitéit vum Material beweisen!
Déi speziell ‘Breitflansch-Stolträger’ kennt d‘ganz Welt als «Differdinger»! No dem New Yorker 9/11 Attentat wollt Amerika an d’Plaz vum World Trade Center e giganteschen 108 Etagen héije “Freedom Tower" stellen! Den 19.12.2006 koum dann d’mise en place vun der éischter 803 Tonne schwéierer HISTAR-Poutrelle. Si war de 24. Juli am Déifferdenger Arcelor-Elektrostolwierk entstanen iwwerdeems d’Fusioun mat Mittal Steel "en discussions avancées" war. Elektrostol baséiert haut op recykléiertem Schrott - den éischte klassesche Grey-Modell entstoung den 1.7.1901! Dëst a villes méi verroden d’Centenaire-Säiten an Temoignagen an “La Voix” a ‘Wort’ (vum 30.7. a 4.8.07.) Doraus staamt och d’Zitat vum Sprengmeeschter Di Genova “Mer hunn ni d’Kuuscht matenee giess, fir datt et ëmmer virugaangen ass!”