Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dickweiler

Dickweiler oder ‘Déckwäller‘ ass mat 110 Awunner op den éischte Bléck ‘dënn’ besidelt, mä als ‘Weiler’ oder klengen Uert mat e puer Hieff relativ ‘déck’ bewunnt... De Begrëff Weiler ass mam latengesche ‘villa’ urverwandt, e soll awer dem Studienrat Dr. Spessart no vum aalhéichdäitschen ‘hwilan’ d.h. ‘verweilen’ ofstamen! D’Réimer hat d‘Plaz ‘fir ze verweilen’ jiddefalls inspiréiert hei nom 'plan idéal d'une ferme romaine' méi wi ee véiereckegt Gebai mat klenge Räim ëm en zentrale Foyer opzeriichten.. Déckwäller läit an der Gemeng Rouspert, 43 km vun der Stad a 4,5 km vum Iechternacher Séi, 8,1 vu Berbuerg an 10 vun Tréier. Ënner dem Titel ‘From Rosport to Dickweiler‘ ass e Video mat de leschte fennëf Minutte vum Wee um Internet publizéiert (www.youtube.com/watch?v=PZygokJ87cM).

Dickweiler läit, tëscht dem ‘Rabbel-’, dem ‘Wakeleschbierg’ an de ‘Siwemuergen’ un der Giischterbaach. (En Arrêté hat dës 1913 zu de Forellebaache gezielt (bei den Ergänzunge vum Fëschereigesetz vun 1881.) Haut sonnt sech alt emol eng Réngelnatter un hirem Bord. Op déi no Giischterklaus passt dem Helge Adolphsen seng Bezeechnung “Rastplatz für die Seele und Oase für‘s Gebet“. De Madonnefuerscher Josef Knepper war Kaploun zu Dickweiler vun 1928–1937; no senger Befreiung aus der Hell vun Dachau krut en eng besonnesch Veréirung fir d’Madonna aus der noer Giischterklaus (him no ‘eng vun eise schéinsten a raarsten Holzstatuen’ aus dem 13. Jh.) D’Filialkierch aus dem Porverband Ënnersauer huet e polychroméierten Spéitrenaissance-Haaptaltor aus Steen vu 1617 a verschidde Statuen vum Ruprecht Hoffmann vun Tréier. D’grad sou al ‘Maria ënner dem Kräiz’ ass Deel vun enger Kräizigungsgroup an Hoffmann’scher Traditioun. Si an de stenge Säitenaltor rechts (vu 1618) an dee barocken op der Säit lénks (vu 1725) stamen aus der Rousperter Porkierch. D’hl. Muedeléin ass d’éischt Patréinesch. D’iwwerdeckte Kierche-Molerei vum Gerhard Lamers entstoung, wéi di Walfer, am Joer 1904. (Hien a säi Brudder ware, grad wéi den Nik. Brücher, Schüler vum Friedrich Stummel (deen 1895 der Kathedral hir Häerz-Jesu-Kapell ausgemoolt hat.) D‘Fënster iwwer der Entréesdier mat de Christussymbole PX an Alpha/Omega datéiert vun ëm 1950. Déi aner ondatéiert hunn Ornamenter a Symboler, z.B. Dauwen an Drauwen. Äentwerten op d’Fro ‚Wat hunn eis Kierchen eis z’erzielen‘ gouf d‘Visite guidée op Kiermessonndeg den 10.11.2013. An um Kierfech nieft der Kierch erënneren Grafmonumenter di jonk Generatioun un hir Viirfueren.

Detailchiffre vu Gemengen, déi Bëschbesëtzer sinn, ernimmen d’Duerf 1915 am Memorial mat 84,9970 ha a mat 53,60 Frang ‘traitements des gardes’. Haut ass op 2, rue d’Echternach de Service Forestier vun der Gemengenadministratioun. Vill al Daten hu mer net entdeckt.. mä dass Dickweiler, Oostweiler a Berbuergen op der Mercator-Kaart vun 1585 stinn! Deemols, wéi eis Landesgrenz nach hanner Bitburg louch, gesouchen d’Awunner da Landmiesser mat engem viatorii, engem Lafrad mat ‘compteur de distance’ duerch d’Gaassen zirkuléieren. Noliese kann een och, dass Dickweiler 1898 zu den Uertschafte gezielt hat, déi e Subsid accordéiert kruten ( vu genee 130 F) fir d‘école d’adultes. Wéi 1940 hei nëmme méi 2 Schoulkanner ware gouf d’Schoul zougemat. Haut ass de Précoce Zyklus 1 an der aler Déckwäller Schoul; an d‘Kanner aus der Gemeng kréien do hir intellektuell Kuriositéit stimuléiert an hire “comportement social” trainéiert.

Informatiounen aus Onlinemedien bréngen dacks ‘Momentopnahmen’ (an en indirekte Luef war kierzlech dës Erkenntnes: ’t gett nëmmen een Härgott, nëmmen ee Paräis an och nëmmen een Dickweiler!‘ Uertsnimm mat "Dicke" weisen op d’Kuerzform vun Dietrich hinn oder de Begrëff "Dickicht" - mä och am Geträisch fënnt sech kuckeswäertes, well “Jiddfer Blumm muss probéiren do ze bléien, wou se steet”! (Elmar Gruber).

P.S. Heesche Bëschparzellen oder Flouernimm ‘Bounepaartshutt’, erënnere s‘un d’Gebuert vum Napoleon sengem Jong a leien op Héichpunkte vum Land wéi Déckwäller a Maarnech! Vun den Héichten zwësche Steenem an Deckwäller konnten d’Amerikaner Mëtt Dezember 1944 de manner héije Ferschweilerplateau observéieren.. Am Raum vum südléchsten Eckpfeiler vum Ardennen-Frontbou hunn de 16. Dez. kleng Garnisoune vu Befort, Berdref, Iechternach, Déckwäller an Osweiler mat Succès dem Géigner d’Stir gebueden (zitéiert de Colonel Melchers eng vu senge Quellen, d‘offiziell amerikanesch ‚After Action Reports‘.) D’ “gi_stories_booklets/4thinfantry” beriicht (mam Uertsnumm als Stéchwuert) “It will be easy to take Dickweiler - the German battalion commander told his men. It is held by only two platoons.” Jo, mä d’Suite verréit, dass en Onrecht hat: “the Germans didn't take Dickweiler. They were slashed to ribbons trying. D’Buch Battle of the Bulge (Hugh M. Cole) schreift zu “Berdorf, Echternach, Lauterborn, Osweiler and Dickweiler crucial engagements would be fought”. Last not least eppes ganz aneres: an ‘USA Statistics’ stinn 13 people named Dick Weiler.