Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Déierbech

Vu wäitem gesäit een di 60 m héich Wandenergie-Anlag vun Déierbech mat de 4 Wandrieder, an iwwer d’Koppen héiert een traditionell op Kiermessamschdeg den Hämmelsmarsch! Fir d’Kiermes am Duerf ass net ee Spillmann do, mä en Unhänger voll Membere vun der Wëntger Musek! Hiren Tour man si voll mënschlecher Energie an Élan... wuel net ‘per pedes’, mä dofir bleift hiren Trakter bei all Haus stoen! Dëst ass e relativ jonke Brauch: wéi am Mee 1976, den interkomunale Wëntger Schoulzentrum stoung hu nämlech e puer Musekferventen dee Veräi gegrënnt.

Déierbech (Derenbach) mol ‘Haufen- ' mol 'Strassendorf’ genannt, läit am Kanton Klierf an zielt 337 Awunner. ‘t ass 1766 an engem Dénombrement ernimmt als Por vum Dekanat Baaschtnech, an 1869 am Mémorial wéi seng Kierch vergréissert gouf. Krut een om Virowend vun der Kiermes tëschenduerch beim Hämmelsmarsch en Tusch gespillt, war dat de Merci fir e generéisen Don an der Musek hir Caisse.

Déierbech zielt säit 1977 zur Gemeng Wëntger a war virdrun an där Uewerwampecher. Seng Awunner hunn typesch Ausdréck wéi ‘Stiädt’ fir Stied, ‘hogd’ fir haut, an ‘Hiärrest’ fir Hierscht. Säin héchste Punkt läit op 511 m. Hei proposéiert en Autopédester eng Promenade iwwer d’’Haard’, de Bierg an de Burendall, laanscht de Waassertuerm an de Gedenkstee fir 4 verstoppte Jongen am Krich. De Wee féiert weider bei d’"Wëlzer Kreiz" duerch en herrleche Bësch, erof an de "Grouwebësch" an zréck an d’Duerf. Eng Notiz ernimmt 1854 hei eng nei Strooss laanscht d’‘Dirbecherhäuschen’, eng aner 1910 de neigegrënnte Spuerveräin! An deem säi Comité huet ‘iwwer d’korrekt Comptabilitéit an d’sécher Anlag vum Geld’ gewaacht! An der Belle Epoque waren hei 5 Caféen! Haut ginn där nach zwee an d’Auberge ‘Eislecker Stuff’... à quinze minutes de Bastogne...  D’Detailer vun de 5 klengen Duerfkapelle si vu Kierchebauten inspiréiert, déi mam klenge Wope mam Léif a Steenrelief gouf als Gedenk Plaz nom zweete Weltkrich gebaut. ‘Déierbich’ hat an der Ardennenoffensiv eng strategesch wichteg Bedeitung duerch den Héichplateau, dee bis op Lenzweiler geet. Vu do aus iwwerbléckt een den Dall am Westen a Südwesten. Engem Zeie- bericht no ass ‘d’Duerf den 21. Januar 1945 befräit giän …nom Message vam Daag „Clear the town of Derenbach“. An am Bësch a Richtung Näertrich han d’Amerikaner Bunkere fonnt, déi di Däitsch kuerz virdru gebaut haten fir Päerd, Panzer a Kanounen ënnerdaach ze stellen.”

D’mëttelgrouss Duerfkierch vu 1736 mam spatze Giewel steet ënner dem Schutz vun der hl. Muedeléin, där Fra aus der hl Schrëft, déi Kënschtler heefeg gemoolt hunn. De Sallbau huet e konschtvolle Priedegtstull an e puer ländlech Hellegefiguren. An him fält den Adoratiounsengel op (vum J. Mercini,) hoergenee nogeschnëtzt vun engem Scholtus Original. An d’apaart Fënstere vum Robert Emeringer (vu 1957) waren de leschten Akt vun der Renovéierung nom Krich. - D’Lëscht vu ‘menacéierte Planzen’ weist hei op d’’carex pulicaris’ oder Flohsegge, e raart Sauergras am ‘Bredendaul’ hinn... an eng Brochure op de wäissen ‘Sumpfstendel’, eng Orchideeenaart, déi heirëmmer an engem Torfmuer wiisst! Sollten Haiserfassaden fréier hei Bescheidenheet oder Wuelstand representéieren, se spigelen ëmmer de Steen-Ënnergrond vum Éislek erëm, well Transport vu Steng deier war, a groelzeche Sand aus de Flossdällte koum. Well den haarden Éisleker Buedem Päerdshouf stäerkt, d’Natur intakt an d’Loft ganz reng ass ginn hei säit dem Hierscht 1997 ‘Kinnecklech Niederlännesch Waarmblutpäerd’ geziicht an dresséiert.

P.S. Zu gudder Lescht ass ‘Déierbierchen’ eng heefeg Quellebezeechnung! Eng Publikatioun vum F. Spier an Th. Walin vu 1984 dréit ëm ’Le Mésolithique de la région de Derenbach’. De 1935 hei gebuernen Theophile Walin, de spéideren Iechternacher Dechen ass den Initiator vum Pélé des Jeunes an Auteur vum Buch iwwer den Atelier ‘Greef’. Präzises iwwer déi vum Nico Brettner noerzielte Seechen, an där am noe Bësch “Ellebeemchen” e Mann mat laange Ketten erëmgeeschtert an d’Leit erschreckt… weess keen! Gewosst ass awer, dass Legenden Personnagen aus der Fantasiewelt, Gudder a Béiser, virféieren.