Kruuchten
Kruuchten huet keng Buerg, mä Haiser déi ënner Denkmalschutz stinn, e kulturelle Weeweiser hieft hei eng extra Dier mat Rosettemotiv an Hieff aus dem 18. an 19. Joerhonnert ervir. Hei hat 1905 den 12-järege Léo Lommel, de spéidere Beschof, de Monseigneur Koppes bei der Kierchenaweihung begréisst. - Kruuchten huet kee Lien matt Krug oder Cruche, wat Krou a fréier Schenke bedeit huet. Mä t’komme gär Touristen an de fruuchtbaren Dall, wou exzellent Mirabellen a Biren distilléiert ginn. An ’t wunnt ee Mann hei dee Wopen an Hallefrelief mécht. Nobäi sinn d’Nommerläyen, Sandsteeformatiounen, déi vun Uewerpallen op Wallenduerf ginn. Eege restauréiert Quelle liwwren der 2245 ha grousser Gemeng eng 100 % autonom Waasserversuergung.
1771 weist dem Comte de Ferraris säin Amalgame vu Kruuchten d’Duerf als ’Village de tas’. Wéi an der hollännescher Epoch modern Stroosse gebaut goufen huet et sech zum ‘Village en rue’ entwéckelt. An dëser idyllescher Géigend gi Spuren bis zréck an d’Jongsteenzäit - Kelten a Réimer haten sech hei niddergelooss. Seng al Nummversioune ware Crupfta, Krufta oder Croechten, a Cruten, si bedeiten ‘Grouft‘ oder Dall. D’Duerf war laang Dependance vun der Iechternacher Abtei a krut am 12. Joerhonnert d’Recht eng Por ze sinn. 500 Joer drop ware wéinst der Pescht ronn 140 Dierfer verlooss ginn a vill Mënschen hu Schutz an Trouscht a Kierche gesicht an muncher hunn am Bësch campéiert. D’Peschtkapell vu 1661 existéiert nach hei, si war just eemol geréckelt ginn. 1824 beschreift de Professer Engling e Meteor, dee vun Arel hir d’Kierchtierm zu Kruuchten a Noumer zerfatzt hat… Eng aner Notiz huet d’Katastrof als «fuerchtbart Onwieder» higestallt, dat hei aacht ofgedeckten Haiser, en ëmgefallene Kierchtuerm a verwüst Felder zréckgelooss hat. Déi eelst Kruuchtener Klack vu 1768 hat dëse Stuerm iwwerlieft, di zweet ass vun 1832, also méi jonk. D’Rekonstruktioun vum Presbytère war 1869, dofir koum e staatleche Subsid vu 400 F.
D’fréier Willibrorduskierch stoung um Kierfech an der Duerfmëtt an hat ’festungsähnlech’ Mauere ronderëm. Si war do bis 1904; a wéi s’ersat sollt gi koum e “Bauplazekarussell”! Hiren alen Altor vum Skulpteur Namur koum an d’Méchelskierch, e steet elo do un der Westsäit. D’nei Kierch gouf 1905 op der Héicht gebaut, a neogoteschem Stil, vun enger Nostalgie no Vergaangenheit geprägt. Si huet am ganzen 23 Fënstere vum Pierre Linster, mat deels stiliséierte Blieder a mat dem hl. Bernard am Chouer. No de Restauréirungen huet de reng geschnëtzten Interieur, d.h. d’Täfelung am Chouer an de noble Mobilier säin Aspekt vu fréier behalen. Nëmmen de niddregen Altor aus der Kommuniounsbänk koum no.. Hire jetzege Patréiner, den hl. Bernard steet op engem Säitenaltor, d’Consolatrix a Joachim an Anna op dem aanren. (Am Numm Bernard verstoppe sech d’germanescht Bern fir Bir an hard, also Perséinlechkeete mat ”coeur à courage”). Um Haaptaltor si Biller mat Gebuert an Operstehung, Statue vu Johannes dem Deefer, der Magdalena an zwee Engelen. Anerer stellen de Blasius a Maternus duer, den éischte Kölner Bëschof a Vertraute vum Konstantin. Net wäit dovun leeft d'Schrondweilerbaach duerch d’wuelproportionnéiert Duerfmëtt a geschwënn duerno an d‘Uelzecht..
Fir d’Landschaft an hir wëll Flora a Fauna, z.B. d’Hieselhong, hei ze schützen, hat 1999 de Ministère vum Environnement den 21 ha grousse Kruuchtener Areal vum ‘bras mort’ vun der Uelzecht op d’Konservéierungslëscht vum ‘Habitat naturel’ gesat. D’ 'Kruuchteblumm' heescht iwwregens an der Botanik ‘klengt Knabenkraut’(Orchis morio) oder ’Narrenkappe’ a wiisst op mëttelfiichtem Grond. 1856 hat den ‚Arrêté royal grand-ducal No 701’ am Memorial e Stroossentracé déterminéiert an dobäi d’Montée de Cruuchten, d’Vallée de Glaberbach an e Millenhangar ernimmt. No 1882 hat den 12 km laange ‘Feelser Jangeli’ (Kruuchten-Fiels) hei Damp gemat (bis 1948). Photoe vun der Gare vun ëm 1920 mam Hotel Weber erënnren drun. Elo soll do e Veloswee entstoen! - ‘t gouf emol e Kanton Cruchten (Niederkrüchten) am Département de la Meuse Inferieure; (d’Gemeng mam haut däitschen Numm zielt 15.000 Awunner a läit tëscht Roermond a Mönchengladbach.) Bekannt ass och e Kruchten riets vun der Our an der aler Grofschaft Veianen; fir sech z’ënnerscheeden hat eent de Bäinumm "Viennae" an eent "super Alsentia“. Béid Uertschaften hunn iwwregens gutt Kontakter. (a.d. Kierchtuermscauserien)
P.S. Well hannert Miersch den Uelzechtdall méi enk gëtt, huet missen eng Rei Brécken iwwert de Floss gebaut ginn. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi d’Eisebunn duerch en 250 m laangen Tunnel evitéiert. D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli 1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit, war awer hei eréischt de 16.11. fäerdeg.. Haut fënnt ee bei der Gare e gratis Park&Rail. Een vu ville Frënn vum Zuch hat op der Juegd no schéine Photoen eemol ugangs Mee de fräie Bléck op d‘Kruuchtener Tunnelportal genotzt - an dem IR 3737 Ëlwen-Lëtzebuerg seng Sortie aus dem däischtere Bauch vum Bierg an d’reizvoll Landschaft integréiert. (Allerleschten Detail: den 23.8.2013 hat Kruuchten 559 Awunner.)