Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Konter

Am Mëttelalter hat Conter e Schlass a kann deemno op e "Passé riche a prestigieux" zréckkucken. Et stoung wéi d’ganz Géigend ënner der Influence vun "Chevalerie a Christianisme", steet geschriwwen. Di fréier baierlech Gemeng mat verschiddne grousse wuelproportionnéierte Bauerenhaiser an hire kuckeswäerte geschnëtzten Dieren ass dem Defi vun der moderner Zäit gewuess. Hiert kulturellt Liewen ass wäit ronderem bekannt. Sengen Awunner gëtt e waarmhäerzege Liewensstyl nogesot. Se appréciéiren de Rhythmus vun der Natur. An hirer Uertschaft begéine sech Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft an enger gewësser Serenitéit. D‘Seniorie Ste Zithe gëtt als modern, wunnlech, hell Architektur matzen am Kär vun enger attraktiver Lokalitéit gelueft. Fir den 13. BD-Festival koum e ‘graphiste peu ordinaire’ aus der Abtei vu Maredsous, de Frère Thierry de Béthune, seng Zeechnungen an d‘Conter Kierch ausstellen. An 2013 stounge bei deem Event iwwregens 100 Verkaafsstänn!

Eng Charte vun 879 huet de Numm Contern fir d'éischt mentionnéiert. E geet op keltesch Originen zréck a war fréier mat Contio- oder Contonacum a Conteren agedroen. Reschter vun engem Tempel an engem Aqueduc weisen am Duerfzentrum op säi réimesche ‘Passé’ hinn. Op eng Villa aus méi Gebaier vum Typ „Streuhofvillen“ war 1850 den Hubert Erasmy gestouss. (Duerch säin detailléierte Rapport hunn d’Archeologen gesuergt, dass net weider Gras iwwer d‘Lokalgeschicht wuesse sollt.) D’Duerf figuréiert 1128 an enger peepstlecher Bulle an eng Por gouf et am 13. Jh.. D‘Chronik vun Här Lascombes erënnert un den Clais vu Conteren, de Stadscheffen; säi Siggel vu 1461 mat ‘trois cornes et une merlette’ publizéiert den “Armorial Loutsch”. Intressant Detailler gëtt den aktuelle Gemengewopen. Seng 3 Deeler weisen op d’Dierfer aus der Gemeng hinn, d'Kräiz op d'Häre vun der Fiels, deene Conter bal 200 Joer gehéiert hat. D'gewellte Mëttellinne symboliséieren d'Sir a sti fir d'Häre vun Roussy, di zu Mutfert, Méideng a Pläitreng Meeschter waren an d'Muschel staamt vum Metternich-Wope vun der Éiter Herrschaft. En méi rezente Chronogramm aus dem privaten "livre d'or" vum Abbé Bache weist säin Talent fir dës Konscht, an erënnert un eng Kiermes op déi "prêtres et laiques sont venus en frères de toutes parts"!

Déi eelsten Deeler vun der Conter (Konter oder Kounter) Kierch si schwéier ze datéieren. De Chouerraum staamt aus der Zäit ëm 1785. D'Verlängerung vum Bau mam klassizisteschen Dreiecksgiewel an den integréierten Tuerm entstoungen 1843 nom Projet vum Theodore Eberhard.. ee Joer virun der Mierscher Dekanatskierch. De Portalvirbau koum 1955, an d’grouss Renovéirung tëscht 2002 an ‘04 (ënner der Architektin Tatiana Fabeck.) Haut encadréiert di einfach Kierchenarchitektur en historesch wäertvolle Mobilier, dee bedeitend Nimm wi B. Namur a Greeff dréit.1805 hat den Haaptaltor aus der opgeléiste Stadter Franziskanerkierch den Interieur beräichert, e sollt d’Por deemols op enger Stee 152 Fr. kaschten. Dat edelt Stéck vun 1629 dominéiert eng donkel gekleedte Franziskusstatu nieft der Apollonia an Elisabeth an helle Gewänner. D‘méi kleng Figure mat relativ groussen Hänn vum fréiren Altor (beispillsweis den Hubertus, d’Katharina an de Popst Urbain, de fréire Kierchepatréiner) grad wéi de faarwegen Antependium mat der Äbtissin Walburga si Greeff Wierker. Lénks am Chouerraum sti véier Graafstäng vun den Adelsfamillen von Metternich, Metzenhausen a Feltz aus dem 16. Jh. Den Hl.-Kräizaltor aus dem (1751 gebaute) Stater Refuge vun den Tréirer Benediktiner vu St. Maximäin, an de monumentale Priedegtstull aus dem Mariendall koumen etappeweis zesummen. (Déi eelst Fënstere vun 1910 huet d’Tréierer Manufaktur Jansen signéiert, déi aner de Munnerefer Atelier Linster Enn de 1930ger.) D‘geschnëtzte Chouerstill si Kopie vun engem Modell aus dem Museé. Si an d’al Konschtwierker, d'Kräizweestatioune vum Hulten an d’remarkabel nei Weimbs-Uergel mat der Opusnummer 288 si Beispiller vun iwwer 400 Joer Kierchepatrimoine. Hir Musek , dem Th. Carlyle no “d‘Sprooch vun den Engelen“, enveloppéiert déi säit dem 4. Jh. ëmmer méi importent Kierchegesäng.

Net ze vergiessen de ‘Konterdag‘ (op dee fréier bis 10.000 Pilger koumen) an d‘aalt Gedicht “De Bittgang no Konter” vun 1830. (..vum Dialektdichter J. Diedenhoven/ Buch ‘Mosella Sacra’ & Luxemburger Wörterbuch.) Dëst fängt un: ‘Zou allen Zeiten/ vun alle Seiten/ zur Walburga/ der heelger Fra/ gounge fromm Krëschten/ den Älter ze rëschten/ mat enger Kierz’... asw.(An et hält op: ginn op Konter Gesonter, déi gutt gesinn, ass dat um Heemwee anescht duerch d’mächteg Kraaft vum Riewesaaft!) E Konterhari bedeit iwwregens Kontrari oder Contraire a Konterschall den Echo!

P.S. De Familljenumm Konther gouf et fréier an Thuringen an am elsässesche Colmar; heirëmmer si Conter, Konder, Conther a Konter heefeg Nimm tëscht der Saar- an der Arelerregioun. Eng Recherche aus der ‘Genetic Genealogy Community' informéiert ”By the way, I have found a "Nicolas” and a "Clais de Conteren", both "Echevin de la Ville de Luxembourg in 1464 and 1472"!! De Schreiwer vun deem Saz tendéiert ”to see my roots in a town called Contern in Luxemburg...” Den Engelmann analyséiert Ausdréck mat ‘konter’ vu Konterbâss iwwer konterbossech, contrebossu, d.h. wonnerlech, komesch zu Konteruerder. Kee Contreplaqué mä edelt Holz, Wëssen (aus der école du Louvre) a savoir-faire ëm d’Erhale vu senger Indentitéit huet den Atelier Frère vu Konter. An d'1923 vum Paul Rischard gegrënnte Familienentreprise ‘Chaux de Contern’ ass haut eng vun de gréisste Produktiounen an hirem Genre an Europa. Mat ronn 150 Mataarbechter aus 16 Länner verschafft si haut op 29 Ha Terrain jäerlech bis zu 300.000 Tonne Beton! Wär dat net emol e Sujet fir eng gezeechent Billergeschicht iwwer de ”produit le plus consommé au monde après l'eau”..?