Konstem
Konstem, Consthum, housch emol eng kleng Gemeng am Kanton Clierf, haut gehéiert se mam Carrefour Schinker a mat Holtztem an 11 aneren Uertschaften zur 70,65 km2 grousser Gemeng Parc Housen... Engem Presseporträit no war 2003 wéineg vun der klenger Gemeng (mat am ganzen ëm 360 Awunner) ze verzielen, mä wien sicht dee fënnt! Zu Konstem gëtt beispillsweis ‘Jippelchen‘ gesot fir e ganz klengt Stéck, eng 'Pott' fir e "Schmollmund", ‘bockelen’, z.B. e Faass bockelen, heescht do rullen, e Lauermann ass e Wëlddéif an ‘dimmeren’ ass donneren! Am Joer 2006 haten d’relativ nërdlech Gemengen Sëll, Viichten, Wal, Géisdref, Konstem an Houschent en Auslännerundeel vun 10 bis 20 %... d.h. eis al Ausdréck ginn do net vergiess.
Vu Konstem aus geet e Fousswee vun 30 Minutte bei d‘Schüttburg, genannt Schibbreg.. déi 1404 als „Schudeburg” ernimmt ass. Den ale Gemengewopen bezitt sech op véier ënnerschiddlech Herrschaften, d'Kräiz op déi vun Ouren a Pittange (Pëtten) – déi zwee Baarwen op Fëschbech an d’blo-giel Sträifen op Roudemaacher. 1406 ass d’Schibbreg als Lehnsgutt vun de Roudenmaacher Hären erwähnt! En Akt vum 27.6.1681 hält fest, dass de "Wilhelms Johan alias Lanners Johannes de Consthumb" dem Marx Kamer d’"Lanners Vogtey, sise à Consthum", cédéiert! D’Uertschaft ënnerstoung fréier der ‘justice-seigneurie de Schutbourg’ - mam Schlass an dem Moulin de Schutbourg, an der See-Millen. Méiglecherweis hat Consthum emol d‘ökonomesch Basis fir d’Herrschaft Schüttburg duergestallt – an Alscheid entstoung dann am Rapport mat der Grënnung vun dëser Herrschaft…(haten d‘Häre Keiser a Kellen 1937 an der “Ardenner Zeitung“ gemengt!) (http://www.webwalking.lu)
Ganz al Urkunden ernimmen 804 d’Duerf Cuontestum, 1501 Koinstein a 1766 Consthumb. Säin definitive Numm krut et 30 Joer drop, ouni e b um Enn! Lokal Notizen hunn et am 13. Jh. am Rapport mat der Abtei Iechternach mentionnéiert an donieft hiren éischte Pfarrer Theodorich von Duna (Daun). D’haiteg Kierch gouf tëscht 1948-1950 bei d’Gemeng gebaut. Hir Virgängerin war 1878 vergréissert gi mat Hellef vu 400 Fr. Subsid (an se krut e 1921 e Koulang mat 100 Fr. staatlecher Ënnerstetzung..) Se stoung um Kierfech - op deem nach 2 Grafsteng vun der Schibbreg si vun 1764. Dem aktuelle Bau seng Haupt-Uergel (aus de 1930ger) hat no hirer schwéierer Beschiedegung duerch d‘Rundstedt-Offensive spéider den Uergelbauer J. Schilling vu Cruuchten nei opgebaut. Déi 17 Fënstere vum Joseph an Emile Probst sinn deels abstrakt, deels figurativ a weise beispillsweis d‘ hl. Barbara. Déi zwou Weekapelle sinn an der Photokollektioun vun der Edition Spéciale 2003 vun ‘De Cliärrwer Kanton‘.
D‘Buch ‘vierges de pitié‘ bezeechent d’Pietà, déi de Christ ënner hirem Mantel abritéiert a selwer ënnerëm Schutz vun engem iwwerdimensionale Cherubim (um Kräiz bei der Kierchenentrée) steet, als ‘art populaire aus 19. Jh. an „relief en grès bigarré“! Dokumentaresch Wäertvolles pickt d‘Buch 1 “et war een deemols net méisseg“ eraus. Et schreift ‘Net nëmmen d‘Holzthumer erënnre sech nach un d’feierlech Mass op Bäerbelendag’ fir d‘Aarbechter aus Steebréch an hirer Gemeng Konstem. (Ch. Schmit). No 1958 hunn hei a Carrièren 15 Leit geschafft. Et beschreift och wéi an der Konstemer Duerf-Molkerei Mellech entrahmt, Rahm gekillt an därs begierte Konstemer Botter gemat gouf… an engem Botterfaass mat enger Guckfënschter! Nach nenneswäert ass de schéi restauréierte Bauerenhaff an der Kautebaacher Strooss. Vläicht war hei emol d‘Heem vun engem bedeitende Const, Koostang oder Koosti. - Nach ze soen: Am Opdrag vum Naturpark Our gouf hei 2005 eng Kartografie vun de Wise gemat, als Basis fir extensiv Bewiertschaftung a Biodiversitéit ze sécheren. An, dem lieu-dit «Schinker» säi Kreesverkéier huet en ‘diamètre extérieur’ vu 70 m; e war an zwee Méint gebaut a mécht de Raccordement vun der N7 (oder 'route européenne E421‘) an dem CR322.
P.S. Engem Schoulaufsaz no "gab es in Consthum 2 Cafés mit 2 Kegelbahnen, 2 Schmiede, 2 Wagner (d.h. Rädermacher), 2 Schuster, 2 Schreiner bis zur Nachkriegszeit. Weil durch unser Höhendorf kein Bach floss, benötigten die Menschen damals Brunnen von 3-4 Meter Tiefe. Die Wasserleitungen wurden 1932 gelegt. In der alten Schule gab es 1 Lehrer für 45 Kinder (gemischt aus den 6 Schuljahren.)" Dem lëtzebuerger Dictionnär no soten d’Kanner fréier hei zu deenen di gekrasch hunn “Liralarleier, d’Krëscher si net deier”. Nach intressant: D’6. Schoulklass wollt per Ëmfro eppes iwwer de Klëppelkrich gewuer ginn. Se krut dunn erzielt, dass vun Housen hier den 28.10.1798 Onbekannter koume fir d’Konstemer Paschtoueschhaus ze stiermen. Se hunn de Wäin am Keller gedronk, d‘Ham giess an d’Haus geplënnert; de Geeschtlechen, deen den ëmstriddenen Eed op d’Republik geschwuer hat, konnt flüchten. (Schold um Opstand waren deels iwwerdriwwe Steieren an d’Rekrutéiere vun jonke Männer an d’Arméi. Un déi 30 Higeriichten erënnert d’Stater Denkmal, een 3,5 Tonne schwéiere Schiferblock a seng gosse Plack mat der gebrachener Eech.)