Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kolmer-Bierg

 

Den alen Uertskäer vu Kolmer-Bierg wierkt ganz pittoresk. An sengem ëffentleche Park ass e künstleche Séi, säi lokalen Autopedester féiert 8 km erop duerch d’Bëscher, an am Dall fléisst d’Atert hei an d’Uelzecht. Um Bann vu Bierg falen deels ëm 3000 jäereg Grafhiwwelen op. An op d’Kelte geet den Uertsnumm Colmar zréck (COL bedeit ‘colline’ an MAR steet fir ‘grand’). Um lieu-dit ‘Geismuhle’ goung e Kiem duerch d’Atert; ‘Geis’ soten d’Gallier fir ‘guet’, ‘t entgoung do also keen engem ’œil vigilant’ dat nobäi Wuecht gehalen huet. En Här de Berghe gouf éischtmols 1311 erwähnt. - De Gemengewopen huet ënnen en uraalt heraldescht Zeeche fir Solidaritéit a fudderräich Regioun, d.h. e schwaarzen Adler mat fënnef grénge Kléiblieder. Säin azurbloen Deel uewen ziert eng groussherzoglech Kroun. Offiziell gouf de Numm «Commune de Berg» am Mäerz 1991 geännert a Colmar-Berg.

Kolmer läit riets vun der Atert an “Bierg“ mam Schlass lénks op ëm 250 m Héicht. D’romanesch Duerfkierch entstoung 1744 duerch d'Gonscht vum Johann Gerard vun Heisgen op der Plaz vun enger aler Kapell. Se gouf spéider erweidert, huet en integréierten Tuerm an d’Zuel 1766 an der Fassad. Se war ursprénglech d’Schlasskapell an mat ronn 160 Plazen net extra grouss. E Lien zum haitege Schlass mécht eng Fënster vun 1920-‘21 vis-à-vis vun der Fürsteloge mat der Consolatrix, engem Medaillon mat der Schlasssilhouette, an Engele mam Wopen Bourbon-Parma-Nassau-Lëtzebuerg. Di eelst vun de Fënsteren ass vun 1892, déi aner mat Ornamenter an Drauwe-Bordüre vu 1900. Den Héichaltor mat 3 schéine Statuen ass nach den alen. De niddregen Altor huet en eelere Medaillon mat engem Fraekapp. Den hellege Méchel koum vum fréiere Priedegtstull erof an d’Kierch. D’groussherzoglech Famill huet am Schlass wuel hir Privatkapell, mä kënnt si fir speziell Occasiounen hier an d’Mass, hëlt se ënne Plaz. D’schlicht a schéin Kierchebänke si relativ nei a gestëft vum Schlass. Um ale Kierfech hannen a säitlech vun der Kierch erënnere gosse Grafplatten un d’Konscht vu fréieren Eisegéisser; deem Neie beim Park gi modern Zeeche vun Attachement e Stéckelche Liewen.

1845 hat de Wëllem II. d’hei ëm 1655 opgeriichte Schmelz mam Brücker- oder Bruckenberg-Schlass vu Kolmer an den Domaine mam ale Schlass Bierg kaaft fir 632.000 Gulden vum Hüttenhär de Pasquiers. Wëllem III. huet et ëm 1850 ëmgebaut an den ale Portal gehalen. E Faience-Teller vum Iechternacher Zens-Service veréiwegt et 1884. Mä well hien schlussendlech kee männlechen Ierwen hat, koum fir eist Land mam Grand-Duc Adolphe de Wiessel vun der Ligne Nassau-Oranien op d’Branche Nassau-Weilburg. Mam neien Herrscher krute mir eng eegen Dynastie. Hien huet d’Gidder vu sengem Virgänger ofkaaft - a säi perséinleche Besëtz, (d’Villa Nassau an de Wiener- a Wiesbadener Palais zu Frankfurt) verkaaft bis op seng Wanterresidenz ‘Hohenburg‘ a Bayern. D’bedeitend ‘Haff-Bibliothéik’ ëmfaasst ronn 30.000 Bicher a geet op d’Bichersammlung vum Groussherzog Adolph zréck. De bibliophile Prënz Felix huet si héich estiméiert a scho laang beräichert och d’Luxemburgensia hir Raim. E Pendant dozou mecht d‘fürstlech Konschtsammlung.

Ënner dem Wëllem IV. entstoung tëscht 1908 an ‘11 d’aktuellt groussendeels neit Gebäi mat Bannenhaff, 100 Raim an dem imposante 65 m héijen Donjon an enger ‚sobriété noble‘. D’Pläng ware vum Münchner Architekt Ostenrieder, d’Leedung hat de Pierre Funck-Eydt. De Schlasspark huet ronn 15 ha, d’Steng fir de Bau koume mat enger Feldbunn op de Chantier. Den éischte lëtzebuergeschen Trakter (vun der ‘construction de machines agricoles’ - System Krack - Welsdorf) gouf 1912 beim Méien am Schlasspark geknipst! (Welsdorf trennt knapps en hallwe km vu Bierg an huet ëm 30 Leit.) D’lokal Harmonie ass iwwregens 1910 als Société de musique “Orania” ernimmt am Rapport mat engem Subsid. Ënner der Marie-Adelheid goufe Schlassfester fir d’Kanner vu Kolmer-Bierg Traditioun, schreift de Pierre Even an, dass do de 9. Januar 1921 am Marbersall de Prënz Jean gedeeft gouf an och eropgewuess ass. De groussherzoglechen Domaine am Atert-Dall gouf 1934 Staatsbesëtz. Der Maison de Nassau hir Devise “Je maintiendrai” ass a goldene Lettren am Festsall agravéiert.

P.S. ‘Nom 2. Weltkrich hat d’Grande-Duchesse Charlotte d’Schlass-Restauréierung en Suspens gelooss, fir si hat den Opbau vum Land Virrang’, schreift den Historiker François Reinert an ‘The Castles of Luxembourg’. Lëtzebuerg heescht doran an der Iwwersetzung ‘small in size but rich in history and diversity’. Nobäi leien de Karels- an de Brosiushaff an d’gutt 60 jäereg Implantatioun vun der Goodyear. Den 31. Januar 1951 entstoung hei den éischte Pneu um ale Site vun der ‘ forge de Colmar‘(déi bis 1917 bestoung.) Wéi de Betrib gewuess ass sollt 1960 d’Brücker-Schlass verschwannen, beriicht d’lokal Chronik. D’Goodyear hat dann 1957 d’Idee hei en Techneschen Zentrum ze grënnen a Pneuë fir europäesch Besoin’en z’entwéckelen; si krut duerno zäitweileg bis zu 4000 Mataarbechter. (Am Ohio hat si ufangs mat 13 Leit Waasserschläich a Pneuë fir Veloën a Kutsche produzéiert; an 1901 waren ënner hiren éischten ’Autoräifen‘ och déi vum jonken Henry Ford sengem Rennwon!) - Colmar ass an der Normandie en heefege Familljenumm, an den Alpes de Haute-Provence en Uertsnumm deen ‘colline de Mars’ bedeite soll, an am Elsass hängt e mam réimesche ‘Columbarium’, d.h. ‘Taubenhuuss’ zesummen. Leschten Trouvaillen no huet eis Uertschaft keltesch Originen an ewell iwwer 2000 Awunner...