Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Chrëschtnech

Chrëschtnech gëtt mol mat CH mol mat K geschriwwen. Vun hei staamt de Jean Engling, deen ab 1845 Philosophie an Theologie –Professer am Seminaire zu Lëtzebuerg war… an 20 Joer drop President vun der Gesellschaft fir d‘Recherche an d’Conservatioun vun eise ‘monuments historiques’ gouf. Säin ‘pavillon de bain’ gouf vru kuerzem rekonstruéiert. Allerlee fir d’Geschicht gemat huet och de Chrëschtnecher Verlag Emile Borschette; sengem no 100 Joer nei editéierte Buch (vun 1886) ‘Die Bauernhochzeit in früheren Zeiten’ ass e Charakterbild vum lëtzebuerger Landvollek an 't begéingt een et haut um Internet...

Chrëschtnech Christnach war als „Crucenach“ am 8.Joerhonnert erwähnt an enger Schenkungs Urkunde, ënner Pippin III.. ‘t hat 381 Awunner am Joer 1900, statistesch 8 Leit manner wéi 1848, an haut huet et där 554! ‘t zielt zur Gemeng Waldbëlleg an huet Iwwerreschter vun enger réimescher Villa om noë Wollefsbierg. Do fonnte Mënzen aus dem 1.- 4. Jh. sinn en Hiwäis op d’deemoleg Epoche. Gréisser Bauerenhäff erënneren un d’mariatheresianesch Zäit, d’barockt Härenhaus vu 1785 hat d’Architektur vun der Abtei Iechternach inspiréiert. Di fréier ‘Oligsmillen’ war d’Heem vum geeschtlechen Historiker a Professer Jean Engling, deen 1883 den ‘ordre de la couronne de chêne’ krut am Grade d’Officier. An der Séance vum Europarot 1978 zu Granada gouf Chrëschtnech als Modellduerf erkläert - grad wéi Wellesteen an Éinen - wat souwuel eng Éier wei och eng Verflichtung ass. Dofir respektéiert de “Village Modèle de Christnach” e spezielle Bebauungsplang. Dem Victor Hugo säi Saz iwwer e Gebai passt och op eng Uertschaft... ’Il y a deux choses dans un édifice, son usage et sa beauté. Son usage appartient au propriétaire, sa beauté à tout le monde’!

D’Duerf huet zur Waldbëlleger Por gezielt bis et 1808 eng selbstänneg gouf.…fir d’200 Joerfeier den Thema vun enger Brochure! 1830 krut d’Kierch e neit Schëff. An 1837 zwou zesumme 650 kg schwéier nei Klacken. Senge brodéierte Paramenter hiren Alter ass net bekannt, d’Verkënnegungszeen op der Kaputz vum Chouermantel ass reng a konschtvoll. Am Dezember 1944 goufen hei de Kierchendaach, d’Fënsteren an den Ducksall staark beschiedegt.. ‘t koum 1952 eng komplett Renovéierung an ufanks de 1990ger eng weider.… Hei gëtt iwweregens ‘Maue’ fir Mauer, an ‘Tseit’ fir Zäit gesot a geschriwwen.

Zu den zwou Saachen di d’Zäit festhale kënnen, ‘d’Erënnerung an d’Konscht’ gehéieren och d’ 'petite histoire'. De Mathias Ruden vu Consdref temoignéiert mat sengen Zeilen de Fortschrëtt wann e schreift ‘Prommeschenkel von Christnach war der erste, der mit der ‘Flaus’ Getreide mähte. Früher schnitt man Getreide nur mit der Sichel.’ (D'Flaus ass eng 'Getreidesense mit leicht herumgezogenen Rechenzähnen.')  Zum ‘Village Modèle’ gehéiert neierdéngs de ‘Golf a Country Club de Christnach’ deen harmonesch an d’Landschaft agebett gouf. An Prospekter no huet d’Plaz ’Am Lahr’ eng ‘bezaubernde Natur …umgeben von Wald, fernab von Hektik und Lärm des Alltags’- an se bidd eng exemplaresch Schnëtt Héicht vu de ‘Greens’ un, 3,8 mm de Weekend a soss 4,40 mm…!

P.S. Chrëschtnech huet e puer ‚monuments Classés‘, d’ «ancienne maison Muller» sise 5, rue de Mullerthal ass dëst säit 1987, an d‘Hieff op Nr. 2 an 3 an der Mëllerdallerstrooss hunn déi Auszeechnung säit 2007. Am Schenkungsakt vum Grondbesëtzer Casilo senger Gidder un d’ Klouschter Iechternach ass den Uert am 8. Jh. Crucenach genannt. Hie war deemools Propriétaire vun Haiser, Lännereien, Wisen, Bëscher, Quellen a Baachen. Am 12. Joerhonnert huet d’Duerf zur Herrschaft Fiels gehéiert.